(C) shotshop

An eiser Gesellschaft associéiere mir kleng Zuele mat der lénker Säit a grouss Zuele mat der rietser Säit. Dat kënnt doduerch, dass mer eis d’Zuelen op enger mentaler Zuelelinn, déi vu lénks no riets verleeft, virstellen. D’Richtung vun dëser Zuelelinn ass ofhängeg vun der Schreiwrichtung, sou verleeft se z.B. vu riets no lénks an arabesche Länner. Wéi staark d’Zuelen an d’Raumvirstellunge bei jidderengem matenee verbonne sinn, dat hänkt vu verschiddene Facteuren of.

Wéini entwéckelt sech d’Verbindung tëscht den Zuelen an dem Raum?

Kanner fänke fréi u vu lénks no riets ze zielen an sech och méi kleng Quantitéiten éischter lénks a méi grouss Quantitéiten éischter riets ze erwaarden. An enger Studie mat 85 Spillschoulskanner, déi an de Schoule getest goufen, hu mir erausfonnt, dass d’Kanner sech scho vu 5‐6 Joer un och symbolesch Zuele vu kleng‐lénks no grouss‐riets virstellen.

Dës Associatioun ass ëmsou méi staark bei deene Kanner, déi schonn eng méi präzis Zuelevirstellung hunn. Intressant fir eng weider Studie wier erauszefannen, ob d’Verbindung mam Raum de Kanner hëlleft eng präzis Zuelerepresentatioun opzebauen, oder ob d’Raumverbindung entsteet, soubal de Kanner hir Zuelerepresentatioun méi präzis gëtt.

Auteuren/Kontakt: Danielle Hoffmann, Caroline Hornung & Christine Schiltz 

Photo © Shotshop.com

 

Infobox

Wat ass LEARN?

 


LEARN ass d’Ofkierzung fir Learning Expertise And Research Network, dëst heescht esou vill wéi “Léier Expertise a Fuerschungsnetzwierk”. Mir sinn e Grupp vu Wëssenschaftler a Praktiker, déi sech fir Léierprozesser a Léierschwieregkeeten intresséieren. D’Zil vun dësem Netzwierk ass en Austausch vu verschiddenen Akteuren (Fuerschung, Schoul, Therapie,Elteren), déi sech mam Léiere befaassen.
Mir wäerte mir Iech nei Fuerschungsresultater aus rezente Projete virstellen, souwuel aus de Beräicher Mathematik, Zuelen a Raum, der Gesiichtserkennung, de Sproochen an de Sprooch-entwécklungsstéierungen, sou wéi dem Aarbechtsgediechtnes an den Exekutivfunktiounen.

 

Zu den Auteuren

 

Dr Danielle Hoffmann : Neuropsychologin/Fuerscherin bei EMACS. D’Danielle ass drun intresséiert, wéi d’Zuelerepresentatiounen sech entwéckelen, wéi Zuele verschafft ginn an a wéi engem Mooss dat net ëmmer bei jidderengem d‘selwecht ofleeft.
Dr Caroline Hornung : Kognitiv Entwécklungspsychikigin/Fuerscherin bei EMACS. D’Caroline interesséiert sech fir d’Entwécklung vum Rechnen, Liesen a Schreiwe bei jonke Kanner a geet besonnesch der Fro no, wéi d’Aarbeschtsgediechtnes d’Léiere beaflosse kann.
Ass.‐Prof. Dr Christine Schiltz : Professeur Associée op der Uni.lu. D’Christine erfuerscht an enseignéiert, wéi d’mënschlech Kognitioun sech entwéckelt. Si intresséiert sech besonnesch fir d’Fro, wéi d’Zuelebegrëffer bei Kanner an Erwuessener entstinn a wéi d’Gehir dës Prozesser steiert.

 

Matarbeschter

 

Ass.‐Prof. Dr Pascale Engel de Abreu: Fuerscherin/Professeur Associée bei EMACS
Dr Danielle Hoffmann: Neuropsychologin/Fuerscherin bei EMACS
Dr Caroline Hornung: Kognitiv Entwécklungspsychikigin/Fuerscherin bei EMACS
Prof. Dr Romain Martin: Professeur op der Uni.lu
Ass.‐Prof. Dr Christine Schiltz: Professeur Associée op der Uni.lu
Dr Anne-Marie Schuller: Neuropsychologin an EEG‐Expertin bei EMACS
Dr Sonja Ugen: Kognitiv Entwécklungspsychologin bei EMACS

 

Waat ass EMACS ?

 

EMACS ass eng Fuerschungsunitéit op der Universitéit vu Lëtzebuerg, an huet keen Service fir eng Prise en Charge vu Léierschwieregkeete kennen unzebidden. Wann Dier am Kader vun enger Léierschwieregkeet no Hëllef sicht, kontaktéiert w.e.g. ee vun de Servicer di um Terrain schaffen an eng Prise en Charge ubidden

 

Fir weider Informatiounen

Aussi intéréssant

Gediechtnes Firwat falen eis heiansdo Wierder einfach net an?

"D‘Wuert läit mir op der Zong“ – Jidderee kennt dat frustréierend Gefill en Wuert ze wëssen an et awer net ze faassen ze...

FNR
Videospiller Maache Ballerspiller aggressiv?

Politiker behaapten et, an de Medie liest een et och ëmmer nees: Videospiller mat Gewalt maachen aggressiv. Stëmmt dat w...

FNR
Oh Jëssess /Buuuhhh! Firwat si munch Mënsche méi fäertereg wéi anerer?

Wann op Halloween op eemol eng grujeleg Gestallt ëm den Eck geschlach kënnt, da kann ee sech emol e bëssen erféieren. Mu...

FNR

Aussi dans cette rubrique

Famille et enfants Avantages et inconvénients de la garde d'enfants universelle au Luxembourg

Comment se présentent les services de garde d'enfants au Luxembourg et comment se positionnent-ils par rapport à d’autres pays ? La chercheuse Audrey Bousselin du LISER nous livre son point de vue.

L’IA DANS L'ÉDUCATION Impact de l'intelligence artificielle sur le monde de l'éducation

ChatGPT a fait l'effet d'une bombe dans les écoles du Luxembourg. D’aucuns se sentent pris au dépourvu par l'intelligence artificielle (AIet craignent pour la qualité de l'enseignement. A juste?

Gratuité des maisons relais au Luxembourg Comment se portent les enfants dans les maisons relais ?

Depuis cette rentrée, les structures d'accueil d'enfants sont gratuites au Luxembourg. Les enfants s’y sentent-ils à l’aise ? Et quel est l’impact de ces structures sur leur développement ?

Santé mentale Impact de l'adversité en début de vie sur la santé mentale plus tard dans la vie

De nouvelles connaissances sur les effets à long terme d’une séparation des parents ou d’une adoption sur la santé mentale soulignent qu'il faut offrir un soutien aux enfants concernés.