Wikimedia commons
Ouni dës Erfindung géif den Internet zesummebriechen, CD-Player keng Musek méi ofspillen a Science-Fiction-Filmer missten op hier wichtegst Waffe verzichten. Wéi de Laser allerdéngs erfonnt gouf, hunn d’Wëssenschaftler gerätselt firwat e kéint gutt sinn.
Wisou hunn se sech dann d’Méi gemaach, en ze erfannen?
Dat huet sech den Assistent vum Erfinder och gefrot an huet am Spaass gesot, dass Laser eng Léisung wieren, fir déi nach Problemer gesicht ginn. Dat war 1960, an deem Joer wou deen éischte Laserstrahl an engem US-amerikanesche Labo geliicht huet. Déi Jore virdrun hunn sech d’Wëssenschaftler weltwäit e Wettlaaf em de Bau vum éischte funktiounsfäege Laser geliwwert.
Se woussten also schonn, dass ee Laser baue konnt?
Jo. Normal Luucht, wéi zum Beispill déi vun enger Bir, gëtt an all Richtung ausgestrahlt. Säit Ufank vum 20. Jorhonnert hunn d’Fuerscher d’Physik vun der Luucht ëmmer besser verstan an hu virausgesot, dass et méiglech misst sinn, komplett geriichte Luucht (also Liicht dat an enger bestëmmter Linn "gebündelt" gëtt), also Laserluucht ze produzéieren.
Wat ass doru sou speziell?
Normal Luucht kann een sech wéi eng Grupp Mënsche virstellen, déi aus dem Tram klammen an sech dann op enger Plaatz an all Richtung verlafen. Wann een elo bei dësem Vergläich bleift, wär Laserluucht eng Kolonn Mënschen déi am selwechte Schrëtttakt aus dem Tram klëmmt an an enger riichter Linn iwwert eis Plaatz geet. Laserluucht bleift och iwwer laang Distanzen an engem Strahl "gebündelt" - an d’Luucht schwéngt am Gläichtakt. Dat mécht Laserluucht sou interessant. Et kann een domat Liichtenergie iwwer wäit Strecken transportéieren a seng Energie op kleng Punkte konzentréieren.
Wisou ass dat wichteg?
Mëttlerweil kënne Laser Stol zerschneiden, Informatiounen a luuchtleedende Glasfaser iwwert den Atlantik schécken oder Musek oder Filmer vu CDen oder Bluray-Discen oftaaschten.
Gëtt haut nach weider un neie Laser gefuerscht?
Haut ëmsou méi! Et gëtt mëttlerweil extrem staark Laser, mat deenen de Militär Rakéiten zerstéiert. Et gëtt klitzeg kleng Laser, déi iwwer 10mol méi kleng si wéi en Hoer déck ass. A Laser kënnen ultrakuerz Blëtzer ofginn, méi kuerz wéi eng Billiardstel-Sekonn ! Dës Laserblëtzer kann ee wéi e Fotoblëtz dofir asetzen, fir vill séier Virgäng quasi ze fotographéieren, wéi zum Beispill chemesch Reaktiounen.
De Laser-Fuerscher geet d’Aarbecht also net aus?
Iwwerhaapt net. Dofir bleift Fuerschung ëmmer spannend!
Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: Wikimedia commons
Infobox
All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.