Erënnerungsfotoe vun alle Gebuertsdeeg, déi sinn dem Gebuertsdagskand vun haut ze verdanken! De George Eastman, de Grënner vu Kodak, bléist haut 159 Käerzen aus.
"Vakanzefotoen! Dat ass dach mol eng gutt Iddi”, huet de George Eastman sech gesot. Leider hat e Fotoapparat deemools nach d’Gréisst vun enger Mikrowell a war nach bal net ze bezuelen! D’Iddi, dass jiddereen no Loscht a Laun kéint knipsen, huet den Eastman dozou inspiréiert, fir opgerullte Fotosfilmer ze erfannen. Mat 30 Joer huet e säin éischte Rullfilm patentéiert, mat 34 säin éischte Fotosapparat a mat 38 huet e Kodak gegrënnt fir standardiséiert Fotosmaterial a Massen ze produzéieren.
Mat de ville Suen, déi en domat verdéngt huet, konnt en ni eppes ufänken. Well en net bestuet war oder Kanner hat, huet en se fir gutt Zwecker gespent. Iwwer 100 Milliounen Dollar huet hien un d’lokal Uni an den MIT, d’Massachussetts Institute of Technology, gespent, haut eng vun de beschten technesche Schoulen op der Welt.
Text: Corinne Kroemmer
Infobox
1mol d'Woch présentéiert de Mister Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.