FNR

Am Video gëtt de Slime aus Pech a Wäschmëttel gemaach.

Slime ass ëmmer cool, awer besonnesch fir Halloween kann een hei richteg kreativ ginn an sengem Slime déi passend Faarwen oder en aneren zousätzlechen Touch ze ginn.

Mir hunn e puer Rezepter ausprobéiert, an hei sinn der zwee déi einfach sinn, a gutt funktionéieren.

Oppassen: Och wann d’Quantitéite kleng sinn, gi bei dëse Rezepter Materialer benotzt wéi z.B. Wäschmëttel, déi net an de Mond oder an d’A gerode sollen. Dofir solle Kanner dëst Experiment zesumme mat Erwuessene maachen. Ausserdeem sollen d’Kanner sech nom Spille mam Slime d’Hänn gutt wäschen.

Rezept 1: Slime aus Pech a Wäschmëttel

60 ml einfache Schoul- oder Bastelpech an eng Schossel ginn. E puer Drëpsen (oder e bëssen a Polverform) Liewensmëttelfaarf dobäi ginn a mat engem Läffel verréieren. Duerno ganz e bëssen (en hallwen Téiläffel) flëssegt Wäschmëttel dobäi ginn a fir d’éischt mam Läffel, duerno mat den Hänn verréieren, knieden…an dann ameséieren! De Slime huet déi richteg Konsistenz, wann en net méi ze vill un de Fanger pecht, awer sech och nach gutt zéie léiss a vun de Fanger erofleeft.  

Opgepasst! Et geet net mat all Pech an och net mat all Wäschmëttel – do muss een e bëssen ausprobéieren. Am beschte funktionéiert duerchsiichtegen oder wäisse Bastel- oder Schoulpech – et solle keng Léisungsmëttel dra sinn an am beschten PVA (Polyvinylacetat) dra sinn. Beim Wäschmëttel hate mir e gängegt Wäschmëttel vun enger bekannter Mark geholl.

Rezept 2: Slime aus Maisstäerkt a Shampoing

60 ml Shampoing an eng Schossel ginn.  E puer Drëpsen (oder e bëssen a Polverform) Liewensmëttelfaarf dobäi ginn a mat engem Läffel verréieren. Dann 250g Maisstäerkt schrëttweis dobai ginn a lues verréieren. Hei ass et wichteg, datt een net ze séier réiert, soss gëtt dat eng Sauerei. Dann zum Schluss nach ganz lues e bësse Waasser (ongeféier 1 TL) dobäi maachen. Fäerdeg ass de Slime!

Wann s Du dengem Slime elo nach en Halloween-Look wëlls ginn, dann huel z.B. orange Liewensmëttelfaarf, oder maach kleng schwaarz Spannen (aus Plastik dran) oder oder…sief kreativ! Wat passéiert mam Slime Nr 1, wann s de méi oder manner Wäschmëttel dobäi gëss? A beim Slime Nr 2 wann s de méi oder manner Shampoing dobäi gëss?

A wien es domadder nach net genuch huet, op eisem TikTok-Kanal ass nach e Rezept fir e Slime aus Gummibärecher, deen ee souguer iesse kann :-)

De Slime aus Pech a Wäschmëttel oder Maisstäerkt a Shampoo ass awer net fir z'iessen! Ausserdeem: duerno gutt d’Hänn wäschen.

Wéi entsteet Slime?

Egal wéi Slime gemaach gëtt, en huet ëmmer besonnesch Eegenschaften: e ka souwuel flësseg wéi fest sinn. D’Basis fir all Slime si laang Moleküllen, déi z.B. am Pech oder an enger Maisstäerkt-Waasser-Léisung dra sinn. Et kann ee sech déi virstelle wéi Spaghetti. Déi Molekülle kënne laanschtenee reiwen, wéi Spaghetti, déi am Waasser gekacht ginn. Wann een de Slime einfach duerch d'Hänn laafe léisst, reiwen d'Molekülle laangschteneen an de Schläim behëllt sech éischter flësseg. Wann een awer elo Drock drop ausüübt oder eppes Chemesches dobäi mécht wéi Wäschmëttel, da verfänken déi laang Moleküllen sech a verklompen – dann huet een zéiflëssege bis knätschege Schläim, deen sech méi fest ufillt.

Kuck net just de Video mee maach d‘Experiment no!

Dat mécht vill méi Spaass an dobäi mécht een dacks nach aner intressant Beobachtungen. Also sich d’Material an da lass!

Heiansdo klappt et net bei der éischte Kéier – dat ass normal – kuck de Video nach emol genee oder sich am Internet no enger anerer Beschreiwung vum Experiment.

Vill Spaass beim Nomaachen!

Auteur: Michèle Weber (FNR)
Video: Michèle Weber (FNR)