Insekten Auto

FNR

Net all Insektenzorten a Liewensraim si gläich staark betraff.

Säit e puer Joer liest een dacks, d'Zuel vu Beien, Päiperleken, Kiewerleken a Co. géif staark zréck goen. Verschidden Autofuerer mengen, de Beweis dofir op hirer Glace ze fannen. Stëmmt dat?

Déi Berichter sinn net iwwerdriwwen. Fir d'éischt krut Enn 2017 eng Etüd vun däitschen Hobbyfuerscher aus Krefeld Opmierksamkeet. Si hate ronn 25 Joer laang mat Hëllef vu spezielle Fale Fluchinsekte gezielt. D'Resultat: souwuel d'Zuel vun den Zorte wéi och d'Gesamtzuel hat a 25 Joer em bal 80 Prozent ofgeholl. Fuerscher vun der TU München hunn an deene leschten 10 Joer och festgestallt, datt Insektenzorten em ongeféier een Drëttel zréckgaange sinn. Si hunn dat op bal 300 Platzen a Bëscher a Graslandschafte gemooss.

Wéi gesäit et op anere Platzen aus? 

Dëse Phänomen léisst sech iwwerall beobachten. Wëssenschaftler an Australien hunn 73 Etüden zesummegefaasst a stelle fest: a ville Regiounen op der Welt ginn d'Insektepopulatioune méi kleng. Sou huet d'Zuel vu verschiddene Kiewerleken am Mëttelmierraum em méi wéi 60 Prozent ofgeholl. Wëssenschaftler diskutéieren elo Zesummenhang vum dësem Biodiversitéitsverloscht mat der Verbreedung vu Pandemien. Wa manner Wierten do sinn kéinten d’Viren éischter op de Mënsch iwwer goen– mee dëst ass Thema vun enger Extra Reportage. Weltwäit ginn all Joer 2,5 Prozent Biomass verluer. Wann deen Trend unhält, kéinten an e puer Joerzéngte 40 Prozent vun allen Aarten ausstierwen.

Wat ass de Grond fir d'Insektestierwen?

D‘Experte ginn dovun aus, datt d'industrialiséiert Landwirtschaft eng entscheedend Roll spillt. Mee et ass schwéier dat eendeiteg ze beweisen. Warscheinlech spille verschidde Facteuren eng Roll: Monokulturen, Iwwerdüngungen an den Asaz vu Pestiziden bréngt d'Déieren ëm oder klaut hinnen hir Liewensgrondlagen. Dobäi kommen d’Zersidelung vun der Landschaft, de Verloscht vun Hecken oder Feldränner, a Liichtverschmotzung.

Kann een da wierklech op senger Autosfënster feststellen, datt d'Insekte verschwannen?

Bestëmmt. Wa manner Insekten an der Loft sinn, kënnen der och manner géint d'Autosfënster knuppen. Allerdéngs spillt och d'Form vun de Gefierer eng Roll: si hunn haut meeschtens e méi aerodynameschen Design wéi fréier a schneiden de Wand also besser. Doduerch gi vill Insekte bei der Kollisioun einfach op d'Säit geschleidert.

Wéi Liichtverschmotzung Insekte beaflosst

Beliichtung an der Nuecht bréngt d'ënnerlech Auer vun Insekten duercherneen a stéiert hire Schlof. Si stierwen dann un Erschëpfung oder falen hire Friessfeinde méi einfach zum Opfer.

Firwat Insekte sou wichteg sinn

Besonnesch am Fokus sti Beien, well si fir d'Bestëbse vu ville Planzen - och Notzplanzen an Uebstbeem - onverzichtbar sinn. Allerdéngs verschwanne virun allem wëll Beien. D'Zuel vun de Beien, déi vun Imker gehale ginn, hëlt säit e puer Joer däitlech zou, wéi z.B. Date vum däitschen Imkerbund weisen. Déi ökologesch Bedeitung vun Insekte geet awer souwisou wäit iwwert hire wirtschaftleche Wäert eraus. Déi kleng Déiere bilden d'Nahrungsgrondlag fir vill aner Déiere wéi z.B. Fräschen, Echsen, Vigel a Fliedermais. Zielungen, z.B. vun der däitscher Ornithologe-Gesellschaft, weisen: virun allem d'Zuel vu ville Feldvigel geet säit Jore staark zeréck. Ee Grond dofir kéint d'Insektestierwe sinn.

Wat kann ee géint d'Insektestierwe maachen?

Den Asaz géint d'Insektestierwen ass net just eng Aufgab vun der Politik. Jiddereen, deen en eegene Gaart huet, soll dorop oppassen, datt en dee méiglechst ofwiesslungsräich gestalt a virun allem einheimesch Planzen dra wuessen. Déi bidden z.B. Päiperleken a wëlle Beien eng Nahrungsgrondglag. Hëllefräich sinn och Insektenhoteler, déi den Déieren en Abris bidden. Sou "Hoteler" kritt ee fäerdeg ze kafen, mee et kann een se och ganz einfach selwer bauen. An et kann een se net nëmmen an de Gaart opstellen, mee och op engem Balcon. An: op de Gebrauch vu Pestiziden am Blummen- oder Gaardebeet soll ee wa méiglech verzichten.

Fein Ënnerscheeder tëscht Bësch, Wisen a Gewässer

Net all Insektenzorten a Liewensraim si gläich staark betraff. Dat hu Fuerscher vun der TU München rausfonnt, déi sech mat Insekten a Bëscher a Graslandschafte beschäftegen. Op Wise geet d'Zuel vun dëse klengen Déieren däitlech méi staark zeréck wéi am Bësch. Iwwert d'Ursaach dovunner kann een nëmme spekuléieren. Op verschiddene Platzen hëlt d'Zuel vun den Insekte souguer zou, wéi z.B. am Baachen, Séier an Dëmpelen, wou z.B. Libellen a verschidde Méckenzorte liewen. Si profitéieren anscheinend dovunner, datt Gewässer méi propper gi sinn.

Auteur: Ralf Butscher/scienceRELATIONS
Editeur an Iwwersetzer: Michèle Weber/FNR

Infobox

Mister Science op ELDO RADIO

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.

Auch in dieser Rubrik

Klimamodeller Wéi kann ee mat Klimamodeller d'Klima vun der Zukunft projezéieren?

Wéi gi Klimamodeller entwéckelt a wéi ënnerscheeden se sech vu Wiederprevisiounen?

FNR
Emotional Tréinen Firwat kräische mer vu Freed oder Trauregkeet?

Bei staarken Emotioune schéissen eis dacks Tréinen an d’Aen. Mee wéi een Zweck huet dat?

FNR
Schlofmangel Firwat kréie verschidde Leit donkel Reefer ënnert d’Aen?

D’Nuecht war kuerz, an da leien d’Ae Moies an donkelen Hielen. Wou kommen dës Aereefer hier? A wat kann een dogéint maachen?

FNR