Dall-E 3 (OpenAI)

D'Faarf vun dengem Stull verréit munches iwwer deng Gesondheet.

Déi brong Faarf vun eisem Stull hänkt mat de roude Bluttkierpercher, den Erythrozytten, zesummen. Dat sinn déi heefegst Zellen am Blutt, déi ënner anerem fir den Transport vu Sauerstoff responsabel sinn. Eise Kierper ersetzt déi ganzen Zäit al Erythrozytten duerch neier. Virun allem duerch den Ofbau vum Hämoglobinn, dem roude Faarfstoff an de Bluttkierpercher, entsteet e giele Faarfstoff, dee Bilirubinn heescht.

D'Liewer hëlt de Faarfstoff Bilirubinn bal vollstänneg op, mécht e waasserléislech a gëtt e mat der Galeflëssegkeet an den Daarm of. Do iwwerhuelen d'Daarmbakterien de weideren Ofbau: Se wandele Bilirubinn a faarflos Tëschestoffer, sougenannt Urobilinoiden, ëm. Wa Sauerstoff dobäikënnt – zum Schluss vum Daarm oder spéitstens, wann de Stull mat Loft a Beréierung kënnt – entsti brong Pigmenter, déi de Stull fierwen.

Bei engem Erwuessenen hunn déi rout Bluttkierpercher eng Liewensdauer vun 120 Deeg. All Dag ginn 170-200 Milliarde rout Bluttkierpercher ofgebaut an ersat.

Mee Kacka ass heiansdo donkelbrong, heiansdo éischter hellbrong. Firwat sinn d'Brongtéin ënnerschiddlech?

Dat hänkt virun allem dovun of, wéi laang de Stull am Daarm bleift a wat do passéiert. Wat de Passage méi laang dauert, wat de Kierper dem Stull méi Waasser entzitt a wat d'Faarfstoffer méi staark oxidéiert ginn. D'Resultat ass e méi donkele Brongtoun.

Wann de Stull dogéint séier duerch den Daarm rëtscht, zum Beispill bei Stress, Duerchfall oder enger verännerter Daarmflora, da bleift manner Zäit fir déi Ëmwandlung an de Stull gëtt méi hell. Och d'Ernärung an d'Medikamenter spillen eng Roll: Eisepreparater oder Roude Wäi maachen de Stull méi donkel, Mëllechprodukter oder Antibiotiquë kënnen en ophellen.

A wat bedeit et, wann de Stull op eng Kéier ganz anescht ausgesäit – zum Beispill wäiss, gro, schwaarz oder rout?

Net all Verännerung vun der Faarf ass direkt e Grond, fir sech Suergen ze maachen, mee verschidde Faarwe sollt een eescht huelen a sollen een dozou ureegen, en Dokter opzesichen.

Wann de Stull zum Beispill wäiss, ganz hell oder gro ass, feelt oft Gal. D'Liewer produzéiert d'Gal, eng gielzeg bis gréngelzeg Flëssegkeet a bréngt normalerweis de Faarfstoff Bilirubinn an den Daarm. Wann d'Gal net richteg fléisse kann – z. B. wéinst Galesteng oder enger Liewererkrankung – gëtt dëse Faarfstoff net méi an de Verdauungstrakt transportéiert. De Stull bleift dann hell oder gro.

Ganz donkelen, bal schwaarze Stull kann harmlos sinn, zum Beispill nodeem een Eisepreparater, Roude Wäin oder Molbier zou sech geholl huet. Awer: Déi schwaarz Faarf kann och op Blutt am Stull zeréckzeféiere sinn, dat schonn am Mo oder am ieweschten Dünndarm verdaut gouf. An deem Fall schwätzt ee vun „Teerstull“, an dat sollt een ëmmer mat engem Dokter ofklären. Et kann nämlech en Unzeeche fir e Moschwier oder Kriibs sinn. Dat selwecht gëllt bei engem rout gefierfte Stull, deen net mam Konsum vu Roude Rommele kann erkläert ginn.

Den éischte Stull vun engem Neigebuerenen ass an der Reegel och en Teerstull, dee „Meconium“ genannt gëtt. Dat ass ganz normal, mee och immens faszinant.

Heiansdo ass mäi Stull éischter gréngelzeg …

Dat ka virkommen, wann s du gréng Liewensmëttel ewéi Spinat, Kabes oder Ierbesse giess hues. Mee och wann de Stull ze séier duerch den Daarm rëtscht, kann e gréngelzeg ausgesinn, well da bleift kaum Zäit, fir d'Galesaieren ofzebauen. Iessergänzungsmëttel oder eng Infektioun kënnen och eng gréngelzeg Faarf erklären.

D'Faarf vum Kacka verréit also vill doriwwer, wéi gutt d'Liewer, d'Gal an den Daarm zesummeschaffen – an ob de Verdauungstrakt Zäit hat, de Stull „fäerdegzefierwen“.

A wat verréit eis d'Konsistenz vum Stull? 

D'Bristol-Stullforme-Skala beschreift siwe Konsistenze vu Kot an hëlleft dobäi, de Verdauungszoustand anzeuerdnen. Den Typ 1 an den Typ 2 sti fir ganz haarde, klompege Stull, deen oft mat Verstopfung verbonnen ass. Den Typ 3 an den Typ 4 gëllen als normal: geformt, mëll a gutt ausscheedbar. D'Typpe 5 bis 7 dogéint si mëll bis flësseg. Se kënnen op eng beschleunegt Daarmaktivitéit oder Duerchfall hiweisen. D'Skala ergänzt d'Beuerteelung vun der Faarf vum Stull, well d'Konsistenz an d'Faarf zesumme wäertvoll Hiweiser op d'Verdauung, de Flëssegkeetsapport a méiglech gesondheetlech Verännerunge kënne ginn.

Däitsch Versioun vun der Bristol-Stuhlform-Skala. (Credit: Original von Kyle Thompson erstellt.) 

Firwat ass Urin giel?

D'Faarf vum Urin huet dee selwechten Ursprong ewéi déi vum Stull: den Ofbau vun ale roude Bluttkierpercher. Wann dës Zellen zerfalen, entsteet aus deem roude Bluttfaarfstoff Hämoglobinn de giele Stoff Bilirubinn.

Iwwer d'Gal kënnt Bilirubinn an den Daarm, wou Daarmbakterien d'Weiderveraarbechtung iwwerhuelen. Se besëtzen en Enzym, d'Bilirubinn-Reduktas, dat Bilirubinn a faarflos Urobilinogeenen ëmwandelt. Ongeféier véier Fënneftel vun den Urobilinogeene bleiwen am Daarm a fierwen de Stull do brong. De Rescht gëtt nees an d'Blutt opgeholl, erreecht dann d'Liewer an dono d'Nier. Do oxidéieren d'Urobilinogeenen zu Urobilinn. Dat ass de giele Faarfstoff am Urin. Domat sinn déi brong Faarf vum Stull an déi giel Faarf vum Urin zwou Säite vum selwechte Stoffwiesselwee.

Wann d'Enzym Bilirubinn-Reduktas feelt oder d'Gal net richteg fléisst, kann den Urin hell oder brongelzeg ausgesinn. Bei Neigebueren oder Liewererkrankungen ass dat typesch. Och Flëssegkeetsmangel oder Iessergänzungsmëttel veränneren den Toun: donkelgiel bei ze wéineg Waasser, hell, wann ee vill drénkt.

Fuerscher hunn d'Bilirubinn-Reduktas 2024 identifizéiert a gekläert, wéi genee dee giele Faarfstoff entsteet. D'Erklärung fir esou eppes Alldeegleches ewéi d'Faarf vun eisem Urin huet d'Wëssenschaft also eréischt viru Kuerzem fonnt. Dofir bleift et spannend an der Fuerschung!

Firwat sténkt Kacka?

Déi meescht Gaser am Daarm – Kuelendioxid, Waasserstoff oder Methan – hu kee Geroch. De Gestank kënnt vun enger klenger Grupp vu sougenannte flüchtegen organesche Verbindungen (VOCs op Englesch), déi beim Ofbau vum Iessen duerch Daarmbakterien entstinn. Dozou gehéieren:

  • Schweefelverbindungen ewéi Schweefelwaasserstoff – se riche faulzeg.
  • Ammoniak, dee stiechend an der Nues brennt.
  • Indol a Skatol, Ofbauprodukter vun der Aminosaier Tryptophan – se suerge fir deen typeschen, intensive „Stullgeroch“.
  • Kuerzketteg Fettsaieren a Phenolen, déi de Geroch ofronnen.

Dës Stoffer entsti beim mikrobielle Stoffwiessel am Déckdaarm: D'Bakterien zerleeën Eewäisser, Fetter a Galesaieren a méi kleng Moleküllen, vun deene verschiddener staark richen. Jee no Ernärung, Daarmflora an Transitzäit ännert d'Mëschung an domat d'Intensitéit vum Geroch sech.

Bei Infektiounen oder Entzündungen am Daarm kann d'Mëschung vun de flüchtege Gerochsstoffer sech däitlech veränneren. Fuerscher kënnen esou VOC-Profiller deels Erkrankungen ewéi chronesch-entzündlechen Daarmerkrankungen zouuerdnen. Fir den Alldag gëllt awer, datt een net op Basis vum Stullgerochl op eng Krankheet schléissen duerf. Bei Verdacht gëllt et ëmmer, en Dokter opzesichen.

Biologesch gesinn huet den desagreabele Geroch vum Stull esouguer eng Schutzfunktioun: En hält eis instinktiv dovun of, mat potenziell schiedlechen oder gëftege Substanzen a Kontakt ze kommen, déi am Stull enthale kënne sinn. Dat ass e ganz effikasse Mechanismus, deen am Laf vun der Evolutioun entstanen ass.

Auteur: Hannes Schlender (scienceRELATIONS)
Redaktioun: Michèle Weber, Linda Wampach (FNR)
Iwwersetzung: Nadia Taouil (www.t9n.lu)
Hauptfoto: Mithilfe von KI erstellt (Dall-E 3 (OpenAI))
Abbildung Bristol-Stuhlform-Skala: Original Uploader war Kylet auf en.wikipedia. Spätere Versionen von Juppiter auf en.wikipedia. - Original von en.wikipedia, CC BY-SA 3.0, https://de.wikipedia.org/w/index.php?curid=6068962

Infobox

Quellen

Lew VL, Tiffert T. On the Mechanism of Human Red Blood Cell Longevity: Roles of Calcium, the Sodium Pump, PIEZO1, and Gardos Channels. Front Physiol. 2017 Dec 12;8:977. doi: 10.3389/fphys.2017.00977. PMID: 29311949; PMCID: PMC5732905. https://pmc.ncbi.nlm.nih.gov/articles/PMC5732905/

Tiribelli, C., & Ostrow, J. D. (2005). Intestinal flora and bilirubin. Journal of Hepatology, 42(2), 170–172. https://doi.org/10.1016/j.jhep.2004.12.002

Haines, D. D., & Tóth, A. (2020). Heme Degradation in Pathophysiology of and Countermeasures to Inflammation-Associated Disease. International Journal of Molecular Sciences, 21(24), 9698. https://doi.org/10.3390/ijms21249698

Kumral, D., Zfass, A.M. Gut Movements: A Review of the Physiology of Gastrointestinal Transit. Dig Dis Sci 63, 2500–2506 (2018). https://doi.org/10.1007/s10620-018-5259-1

Wimmer, E. (2021). Stuhlgang: Welche Farben sind möglich? https://www.zavamed.com/de/stuhlgang-farbe.html?srsltid=AfmBOorbld7NWslmGrS9x1jPyxZRltNzZlWoy10xpNr6e8ozuKCq5gTW

Chan DK, Leggett CL, Wang KK. Diagnosing gastrointestinal illnesses using fecal headspace volatile organic compounds. World J Gastroenterol. 2016 Jan 28;22(4):1639-49. doi: 10.3748/wjg.v22.i4.1639. PMID: 26819529; PMCID: PMC4721995.

Ye, J., Fu, Q. Screening of skatole-degrading bacteria and control of human fecal odor by compound bacteria. Ann Microbiol 73, 22 (2023). https://doi.org/10.1186/

Hall, B., Levy, S., Dufault-Thompson, K. et al. BilR is a gut microbial enzyme that reduces bilirubin to urobilinogen. Nat Microbiol 9, 173–184 (2024). https://doi.org/10.1038/s41564-023-01549-x

Kirady, M.: Typisch gelb: Forschende finden den letzten Baustein für die Farbe des Urins. https://www.geo.de/wissen/gesundheit/warum-urin-gelb-ist--forscher-lueften-das-geheimnis-34357656.html

https://www.england.nhs.uk/wp-content/uploads/2023/07/Bristol-stool-chart-for-carer-web-version.pdf

https://www.healthworks.my/infographic-shit-poop/

De Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenn vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch presentéiert de Mr Science op RTL Radio, wat fir eng Fuerschung hanner Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.