
Dem Meenungsfuerschungsinstitut TNS ILRES no feiere 77% vun de Lëtzebuerger Stéit hir Chrëschtdag mat engem Chrëschtbeemchen. Vill Leit hunn och eng Plastiksdänn, déi fir e puer Joer erëmbenotzt ka ginn. Awer wat ass déi méi ëmweltfrëndlech Optioun? A gëtt et vläicht eng Alternativ? Mir hunn d’Ökobilzanzen vun den verschiddenen Varianten verglach.
Wéi nohalteg ass de natierlechen, gefällten Chrëschtbeemchen?
Wéi nohalteg déi traditionell a natierlech Versioun vum Chrëschtbeemchen ass,hänkt vu verschiddene Faktoren of:
- Vu wou de Beemchen kënnt, well wat d'Transportweeër méi kuerz sinn, wat manner CO2 produzéiert gëtt. Déi meescht vun den ofgeschniddene Dännebeem ginn awer importéiert, well et nëmmen e puer Plantagen zu Lëtzebuerg gëtt.
- Wéi de Beemchen geziicht ginn ass. Chrëschtbeemercher gi meeschtens a Monokulturen ugebaut,déi dacks gedüngt a gesprëtzt ginn. En ökologeschen Ubau ouni Pestiziden an Dünger reduzéiert deemno den Ëmweltschued.
- Wéi de Bam no de Feierdeeg entsuergt gëtt. Verbrannt ass anscheinend besser wéi ewechgehäit; D‘ Verbrennen produzéiert nämlech aner Zäregaser (haaptsächlech CO2) wärend beim Verrotten um Tipp Methan entsteet dee méi klimaschiedlech ass. Allerdéngs ass et am beschten de Bam op eng sënnvoll Manéier wieder ze benotzen, z.B. a Form vu Mulch.
Infobox
Infobox
Infobox
Wéi nohalteg ass de Plastiksbam, deen ee puer Joer ka benotzen?
Dat kann een sou net direkt soen. Och dëst hänkt nämlech vu verschiddene Faktoren of. Engersäits besteet de Plastiksbam aus Plastik wéi PVC (Polyvinylchlorid) a PE (Polyethylen), déi sech natierlech net kompostéiere loossen a mat fossille Matière Première hiergestallt ginn.
Dann hänkt et hei och vun der Origine of: d'Transportweeër kënnen hei ganz laang sinn, wa se zum Beispill aus China kommen.
Am Joer 2009 huet d'kanadesch Ëmweltberodungsgrupp Ellipsos d'Liewenszyklus Bewäertung vun engem natierleche Bam, deen an enger konventioneller Plantage an 150 km wäit ewech gewuess ass, mat deem vun engem Plastiksbam aus China verglach. An dësem Fall ass d’Studie zur Conclusioun komm, dass de Plastiksbam 20 Wanteren iwwerliewe muss, ier e Klimabilan besser ass wéi dee vun der natierlecher Dänn. Laut der selwechter Etude, halen d‘Leit hir Beem an der Moyenne net méi laang wéi 6 Wanteren (Daten aus Nordamerika). De CO2 -Ofdrock vun engem kënschtleche Bam gouf vun Ellipsos op ongeféier 48 kg CO2 Equivalenter (CO2 e) geschat. Zum Verglach: 48 kg CO2 e entspriechen ongeféier 220 km Autofueren.
Mee och de Klimabilan vu Plastiksbeem ka verbessert ginn: Eng Méiglechkeet wier recycléierbar Materialien ze benotzen, wéi verschidde Betriber et schonn ubidden, oder en Second Hand ze kafen. An da soll de Bam natierlech esou laang wéi méiglech erëmbenotzt ginn.
Verschidde Bamschoule bidden e Chrëschtbeemchen am Dëppe fir auszeléinen un. Déi kënnen also och iwwer puer Joer laang erëm benotzt ginn. Wier dat dann déi méi ökologesch Alternativ?
Beem am Dëppe kënne geléint, erëmbenotzt an theoretesch erëm ausgeplanzt ginn. En anere Virdeel ass: d’Beem gi meeschtens matenee bei d’Leit geliwwert an duerno rëm agesammelt, wat Transportweeër spuert.
Mä et ginn och e puer Hoken hei: Net all Bam iwwerlieft den Openthalt an der waarmer Stuff, a manner wéi d’Halschend iwwerliewen et, wa se erëm ausgeplanzt ginn.
Beim planzen am Dëppe gëtt de Wuerzelsystem nämlech beschiedegt an de Bam geschwächt. Normalerweis sinn d’Wuerzele vun engem Bam sou grouss wéi de Bam héich ass. Am Dëppen ass net esou vill Platz.“
Wat ass dann elo de Fazit? Ma et hänkt dovun of
Egal ob geschnidden, an engem Dëppen oder aus Plastik, all Alternativ huet seng Vir- a Nodeeler aus Ëmweltsiicht. Am allgemenge sollt een awer op dës dräi Saachen oppassen:
- Déi méiglechst kuerz Transportweeër vun der Plantatioun/Produktiounsanlag zum Konsument, egal ob natierlech oder Plastik
- Ökologesch Ziichtung fir all natierlech Beem, egal ob geschnidde oder an Dëppen
- Recycléiert Materialie bei Plastiksdännen. Am bäschte second hand kaafen an sou laang wéi méiglech benotzen
Autorin: Diane Bertel
Editoren: Lucie Zeches (FNR), Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzung: Lucie Zeches (FNR)