Dem Meenungsfuerschungsinstitut TNS ILRES no feiere 77% vun de Lëtzebuerger Stéit hir Chrëschtdag mat engem Chrëschtbeemchen. Vill Leit hunn och eng Plastiksdänn, déi fir e puer Joer erëmbenotzt ka ginn. Awer wat ass déi méi ëmweltfrëndlech Optioun? A gëtt et vläicht eng Alternativ? Mir hunn d’Ökobilzanzen vun den verschiddenen Varianten verglach.

 

Wéi nohalteg ass de natierlechen, gefällten Chrëschtbeemchen?

Wéi nohalteg déi traditionell a natierlech Versioun vum Chrëschtbeemchen ass,hänkt vu verschiddene Faktoren of:

  • Vu wou de Beemchen kënnt, well wat d'Transportweeër méi kuerz sinn, wat manner CO2 produzéiert gëtt. Déi meescht vun den ofgeschniddene Dännebeem ginn awer importéiert, well et nëmmen e puer Plantagen zu Lëtzebuerg gëtt.
  • Wéi de Beemchen geziicht ginn ass. Chrëschtbeemercher gi meeschtens a Monokulturen ugebaut,déi dacks gedüngt a gesprëtzt ginn. En ökologeschen Ubau ouni Pestiziden an Dünger reduzéiert deemno den Ëmweltschued.
  • Wéi de Bam no de Feierdeeg entsuergt gëtt. Verbrannt ass anscheinend besser wéi ewechgehäit; D‘ Verbrennen produzéiert nämlech aner Zäregaser (haaptsächlech CO2) wärend beim Verrotten um Tipp Methan entsteet dee méi klimaschiedlech ass. Allerdéngs ass et am beschten de Bam op eng sënnvoll Manéier wieder ze benotzen, z.B. a Form vu Mulch.

Infobox

Méi zur Hierkonft

Déi am meeschte verkaaften Zorten sinn Nordmanns-Dänn, Blo Ficht an Nobilis-Dänn. Keen vun dëse Beem sinn wierklech natierlech Bëschprodukter. Si wuessen op Felder (och Plantagen genannt) a ginn haaptsächlech aus Däitschland, der Belsch, Frankräich oder Dänemark importéiert. Dobäi entstinn Transportemissiounen. An der lëtzebuerger Landwirtschaft spillen Chrëschtbeemplantagen éischter eng kleng Roll, och wann ëmmer méi Baueren lokal ugebaute Beem verkafen.

Infobox

Méi zum Ubau

Déi ëmweltfrëndlechste Beemercher sinn déi mat Bio-Sigel. Dës goufen mat de Richtlinne vun der EU Bio-Reglement oder dem FSC (Forest Stewardship Council) ugebaut, also ouni d'Benotzung vu Mineraldünger oder Pestiziden. Op konventionelle Plantagen gëtt dat dacks mat Pestiziden, Herbiziden a chemeschen Dünger gemaach. Dat verschmotzt Uewerflächewaasser a Grondwaasser an ass schlecht fir Insekten. Monokulturen erfuerderen och grouss Quantitéiten un Dünger fir d'Nährstoffveraarmung vum Buedem ze kompenséieren.

Infobox

Méi zur Entsuergung

D'Carbon Trust Agentur (déi Entreprisen dobäi hëlleft, hier Klimabilanz ze verbesseren) huet berechent datt en zwee Meter héije Fir Bam 16 kg CO2 gläichwäerteg (CO2e) verursaacht wann en verrott; a nëmmen 3,5 kg CO2e wann e verbrannt gëtt. Verbrenne léisst nëmmen den CO2 eraus, deen de Bam iwwer seng Liewensdauer gespäichert huet. Wann en awer op enger Deponie lant, da produzéiert en beim Verrotte bedeitend Quantitéiten u Methan, dee 25 Mol méi schiedlech fir d'Klima ass wéi CO2. Eng vun de Quelle vum Methan ass den Ofbau vun organescher Matière a sauerstoffaarme Bedéngungen, sou wéi et an Deponien de Fall ass.

Wéi nohalteg ass de Plastiksbam, deen ee puer Joer ka benotzen?

Dat kann een sou net direkt soen. Och dëst hänkt nämlech vu verschiddene Faktoren of. Engersäits besteet de Plastiksbam aus Plastik wéi PVC (Polyvinylchlorid) a PE (Polyethylen), déi sech natierlech net kompostéiere loossen a mat fossille Matière Première hiergestallt ginn.  

Dann hänkt et hei och vun der Origine of: d'Transportweeër kënnen hei ganz laang sinn, wa se zum Beispill aus China kommen.  

Am Joer 2009 huet d'kanadesch Ëmweltberodungsgrupp Ellipsos d'Liewenszyklus Bewäertung vun engem natierleche Bam, deen an enger konventioneller Plantage an 150 km wäit ewech gewuess ass, mat deem vun engem Plastiksbam aus China verglach. An dësem Fall ass d’Studie zur Conclusioun komm, dass de Plastiksbam 20 Wanteren iwwerliewe muss, ier e Klimabilan besser ass wéi dee vun der natierlecher Dänn. Laut der selwechter Etude, halen d‘Leit hir Beem an der Moyenne net méi laang wéi 6 Wanteren (Daten aus Nordamerika). De CO2 -Ofdrock vun engem kënschtleche Bam gouf vun Ellipsos op ongeféier 48 kg CO2 Equivalenter (CO2 e) geschat. Zum Verglach: 48 kg CO2 e entspriechen ongeféier 220 km Autofueren.

Mee och de Klimabilan vu Plastiksbeem ka verbessert ginn: Eng Méiglechkeet wier recycléierbar Materialien ze benotzen, wéi verschidde Betriber et schonn ubidden, oder en Second Hand ze kafen. An da soll de Bam natierlech esou laang wéi méiglech erëmbenotzt ginn.

 

Verschidde Bamschoule bidden e Chrëschtbeemchen am Dëppe fir auszeléinen un. Déi kënnen also och iwwer puer Joer laang erëm benotzt ginn. Wier dat dann déi méi ökologesch Alternativ?  

Beem am Dëppe kënne geléint, erëmbenotzt an theoretesch erëm ausgeplanzt ginn. En anere Virdeel ass: d’Beem gi meeschtens matenee bei d’Leit geliwwert an duerno rëm agesammelt, wat Transportweeër spuert. 

Mä et ginn och e puer Hoken hei: Net all Bam iwwerlieft den Openthalt an der waarmer Stuff, a manner wéi d’Halschend iwwerliewen et, wa se erëm ausgeplanzt ginn.  

Beim planzen am Dëppe gëtt de Wuerzelsystem nämlech beschiedegt an de Bam geschwächt. Normalerweis sinn d’Wuerzele vun engem Bam sou grouss wéi de Bam héich ass. Am Dëppen ass net esou vill Platz.“ 

 

Wat ass dann elo de Fazit? Ma et hänkt dovun of

Egal ob geschnidden, an engem Dëppen oder aus Plastik, all Alternativ huet seng Vir- a Nodeeler aus Ëmweltsiicht. Am allgemenge sollt een awer op dës dräi Saachen oppassen:

- Déi méiglechst kuerz Transportweeër vun der Plantatioun/Produktiounsanlag zum Konsument, egal ob natierlech oder Plastik

- Ökologesch Ziichtung fir all natierlech Beem, egal ob geschnidde oder an Dëppen

- Recycléiert Materialie bei Plastiksdännen. Am bäschte second hand kaafen an sou laang wéi méiglech benotzen 

 

Autorin: Diane Bertel

Editoren: Lucie Zeches (FNR), Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzung: Lucie Zeches (FNR) 

Infobox

kuriéis Verwendungen vu Chrëschtbeem no de Feierdeeg

An e puer Küstegebidder ginn net verkaafte oder net benotzte Beemercher als Düneschutz agesat. Oder - wéi et scho laang an den USA gemaach gëtt - a Séie geworf, wou se en neie Liewensraum fir Fësch a Plankton solle bilden. Allerdéngs si vill Tannine an der Schuel, déi fir d'Waasserqualitéit problematesch kënne sinn.

Infobox

Wier et eng Alternativ fir de Bam selwer an de Bësch fällen ze goen?

Fir déi, déi sech dat zoutrauen, ass dat tatsächlech eng Méiglechkeet an Däitschland. D'Websäit Proplanta.de weist op enger Iwwersiichtskaart wou e selwer Beem fälle kann. Dëst sinn awer net genuch Beem fir déi alljärlech Nofro ze decken.

De Frank Wolter vun der ANF (Administration de la Nature et des Forêts) seet: „Et wier ganz schwéier esou eppes zu Lëtzebuerg ëmzesetzen, well Beem am Bësch allgemeng net dierfe kommerzialiséiert ginn. Donieft missten d'Beem markéiert ginn, de Bësch ass net ëmmer einfach zougänglech. Lëtzebuerger Bëscher sinn dofir net gëeegent fir dës Léisung."

Infobox

Kéint Lëtzebuerg säi Bedarf mat echten, gefällte Beem decken?

Wann d'Land eng héich Unzuel u Plantagen hätt, kéinten d'Transportweeër reduzéiert an d'Bio-Sigel gefërdert ginn. Mee kann esou eng Léisung och op groussem Niveau ëmgesat ginn?

"Dat wier méiglech, well et zu Lëtzebuerg genuch Landfläche gëtt", seet de Frank Wolter. „Zu Lëtzebuerg däerfen Chrëschtbeemchen net fir kommerziell Zwecker an de Bëscher ugebaut ginn. Si missten op Agrarland ugebaut ginn. 120.000 Chrëschtbeemercher kéinten op enger Fläch vu 50 Hektar gesammelt ginn. Unzehuelen, datt d'Beem 5 bis 10 Joer musse wuessen, brauch een am Ganzen ongeféier 250 bis 500 Hektar fir eng permanent Produktioun.“

Wann dës Beem dann och Bio ugebaut ginn an dann duerno zu Rindemulch veraarbecht ginn, da kéint dat e gudde Kompromëss tëscht Ëmweltschutz an Traditioun duerstellen.

Infobox

Quellen

1 https://ilres.com/news/questions-du-mois/le-sapin-de-no%C3%ABl-au-luxembourg-une-tradition/

2 https://de.wikipedia.org/wiki/Lebenszyklusanalyse

3    https://ec.europa.eu/docsroom/documents/13049/attachments/1/translations/en/renditions/pdf

4 https://agriculture.public.lu/dam-assets/publications/ser/statistiques/Agriculture-luxembourgeoise-en-chiffres-2020.pdf

5 https://www.agrarheute.com/management/weihnachtsbaum-erzeugung-einsteigen-447439

6https://web.archive.org/web/20160413144909/http://www.agrilexikon.de/index.php?id=konventionelle-landwirtschaft

https://www.quarks.de/umwelt/landwirtschaft/darum-schaden-uns-monokulturen/

8   https://www.carbontrust.com/es/node/410

9 https://www.geo.de/natur/oekologie/methan-emissionen-von-muelldeponien-staerken-klimawandel-30925082.html

10https://www.theguardian.com/environment/2008/jun/24/carbonemissions.carbonfootprints

11    https://phys.org/news/2021-01-texas-coast-christmas-trees-rebuild.html

12    https://www.bbc.com/news/uk-england-cornwall-55800023

13    https://www.sat1regional.de/alte-weihnachtsbaeume-werden-fuer-kuestenschutz-in-kellenhusen-eingesetzt/

14    https://www.canr.msu.edu/news/thinking_of_drowning_your_christmas_tree

15https://www.pedagogie.ac-aix-marseille.fr/upload/docs/application/pdf/2014-03/1.1.2.e-acv_exemple_2b_acv_comparative_entre_larbre_de_noel_artificiel_et_naturel_ellipsos_2014-03-12_13-35-16_789.pdf

16    https://agirpourlatransition.ademe.fr/particuliers/bureau/deplacements/calculer-emissions-carbone-trajets

17https://www.proplanta.de/Maps/Weihnachtsb%E4ume+selber+schlagen-points1317912462.html

18 https://www.bund.net/service/presse/pressemitteilungen/detail/news/bund-testet-weihnachtsbaeume-rund-zwei-drittel-mit-pestiziden-belastet-auch-stark-bienengefaehrliche-mittel-im-einsatz/

19 Baumschule aus Luxemburg