Wikimedia Commons
T'ass Champignonszäit an de Bëscher, mee fir dës Pilzer intresséieren sech manner d'Champignonsfrënn mee éischter d'Bäcker an d'Braumeeschter: D'Hiefen spillen awer och an der biomedezinescher Fuerschung zu Lëtzebuerg eng grouss Roll, Mr Science.
Genee ech preparéieren grad mam Olivier eng Pisa-Sendung am Thema Pilzen an et sinn d'Hiefepilzen, déi mech gepaakt hunn. Dës Hiefzellen si ganz simpel Zellen mee si hu vill mat Mënschenzellen gemeinsam, genetesch gesinn.
Asou, an ass dat de Grond datt se an der Fuerschung agesat ginn?
Jo genee. Am lëtzebuergeschen Zenter fir Biomedezin vun der Uni sichen se no Traitementer géint rar Krankheeten (dorënner neurodegenerativ Krankheeten wéi Maladie de Batten), a fir hir Medikamenter ze testen huelen se Hiefzellen. Déi hunn de Virdeel datt se sech immens gutt ënner Labosbedingungen konservéieren an reproduzéieren loossen.
Wat sinn dat da fir Tester déi hei gemaach ginn?
Wann z.B. Leit eng rar Krankheet hunn heescht dat dacks datt an hire Genen iergendeppes falsch programméiert ass. Dës Feeler kënnen d'Fuerscher an Hiefzellen abauen an duerno kucken wéi eng Medikamenter bei dësen Zellen wierken. An dës Method evitéiert vill Déiereversich.
A wéi fannen d'Fuerscher dann eraus op Zellen op e Medikament reagéieren?
Si kucken do haaptsächlech wéi aktiv se sinn a wéi séier se sech reproduzéieren.
Mee du hues d'Fuerscher elo gefrot fir Hiefen aus dengem Baart ze isoléieren an dorausser Béier ze brauen... - eng zimlech verréckt Iddi- dat klengt zimlech eekleg...
Nee fannen ech net. Mir Mënschen hunn nieft e ganze Koup Bakterien an aner Liewewiesen alleguer och vill Hiefen op eiser Haut an dat ass och gutt esou. Wa mir vill verschidden Liewewiesen op eis hunn da bleiwe mer gesond. D'Hiefen kënnen z.B. vu Planzen oder Friichten kommen - an déi setzen sech dann och op eis of. D'Mikroorganismen fillen sech besonnesch wuel op waarmen a fiichten Plazen, z.B. an Hautfalen awer och am Baart.
OK a wat hutt der mat dene Baarthiefen gemaach?
Maja aus e puer Baarthoer hu si d'Zellen isoléiert, an se dann an Nährflëssegkeeten multiplizéiert. Da war net sou einfach well mer just d'Hiefzellen wollten multiplizéieren an net all d'Bakterien. Dat hunn d'Fuerscher no e puer Versich fäerdeg bruecht sou datt mer no e puer Deeg aus e puer 1000 Zellen, déi ech am Baart hat, e puer Milliarden gi sinn. Dat ass ongeféier en hallwe Gramm.
An déi Hief soll elo kënne Béier brauen?
Et ginn iwwer 700 Aarten vun Hiefen an déi hunn all verschidden Eegenschaften. Fir Béier ze brauen mussen se de Malzzocker gären hunn, an deen an Alkohol ëmwandelen. Fir datt de Béier dann och gutt gëtt, mussen se ausserdeem gutt Aromen produzéieren.
Du hues de Béier also nach net geschmaacht?
Nee mir si zanter Wochen drun - momentan gäert en - an et ass e Krimi. D'Baarthief ass net sou aktiv wéi d'Braumeeschter dat vu Béierhief gewinnt sinn. Et schéngt awer wéi wann se awer lues a lues géifen a Form kommen. Fir all déi di dat eekeleg fannen deenen kann ech soen datt et eigentlech net méi meng Baarthiefen sinn déi de Béier brauen mir hier Nofahren an der x-ter Generatioun.
Op se de Béier elo gebraut kréien an op e gutt ass gesi mer dann den 10. November am Pisa Wëssensmagasin.
Genee a bis dohin bléift eise mini Fuerschungsprojet spannend.
Auteur: Joseph Rodesch (FNR), Linda Wampach (FNR)
Editeur: Michèle Weber (FNR)
Photo: Mogana Das Murtey and Patchamuthu Ramasamy via Wikimedia Commons [CC BY-SA 3.0 (https://creativecommons.org/licenses/by-sa/3.0)]
Infobox
All Liewen op der Welt kann an dräi verschidde Liewensformen ënnerdeelt ginn, sougenannten Domainer: Bakterien, Archaeen an Eukaryoten. Des ginn och duerch d’Zell-Struktur definéiert. Virun 3.5 Milliarde Joer sinn d’Prokaryoten entstanen. Zu hinne gehéieren d‘Bakterien an d‘Archaeen, déi sech ganz ähnlech sinn. Des Mikroorganismen hunn eng einfach Zell-Struktur. Réischt 1 Milliard Joren dono hunn sech déi éischt Eukaryoten entwéckelt bei deenen d’Ierfmaterial an engem Zellkäer geschützt ass. Déi nächst Millioune vu Joren hunn sech aus hinne komplizéiert Liewensforme weider entwéckelt wéi Pilzer, Planzen an Déieren, zu deenen och de Mënsch gehéiert. Vire ginn net als Liewensform ugesinn. Si kennen sech net eegestänneg multiplizéiere mee brauchen dofir zum Beispill eng schnuddeleg Nues.
Am Joer 2012 huet den amerikanesche Braumeeschter John Maier vun der Firma „Rough“ et fäerdeg bruecht aus den Hiefen, déi a sengem Baart waren e Béier ze brauen. Dëse gouf den éischten Abrëll 2013 kommerzialiséiert, mee et war keen Abrëllsgeck. Analysen hunn erginn, datt d’Hiefen déi de Braumeeschter am Baart hat eng Zort wëll Hief war, déi net an hirem Hausbéier benotzt gouf. Mat grousser Chance war dës Hief awer och perfekt adaptéiert fir Béier ze brauen.