Adobe Stock

Mir Mënsche si sozial Wiesen an dofir brauche mir Ritualer. Well si fërderen den Zesummenhalt vun de Gruppen, an deene mir liewen. An eisem westleche Kulturkrees huet sech Chrëschtdag als esou e Ritual ganz besonnesch staark etabléiert. Als Familljefest kreéiert et virun allem fir d'Kanner vill schéin Erënnerungen, déi mir och als Erwuessener nach beim Gedanken u Chrëschtdag ofruffen.

Mä op de Feierdeeg ass jo awer net alles just schéin. Stress, Enttäuschung an och Sträit gehéieren dach och dozou.

Dat stëmmt! Mä vill vun dësen negative Faktore kommen eréischt am Erwuessenenalter an d'Spill. D'Basis fir d'Gefiller, déi mir mat Chrëschtdag verbannen, leet eist Gehier awer an der Kandheet un. Hei verknäppt et d'kribbeleg Spannung beim Waarden op d'Kaddoen, déi ee sech esou vill wënscht; et verbënnt de Geroch vu Kanéil an Neelcheskäpp mat de Gedanken un d'Bake vu Kichelcher an der Famill. An dës Erënnerunge bleiwen.

A wouhier kënnt dann de Chrëschtdagsstress, dee mir als Erwuessener oft empfannen?

Dee kënnt ironescherweis och vun eben dëse schéinen Erënnerungen. Well oft setze mir alles drun, dass Chrëschtdag esou gëtt, wéi mir d'Fest aus der Kannerzäit am Kapp ofgespäichert hunn. An d'Erwaardunge setzen eis dann als Erwuessener ganz schéin ënner Drock.

Infobox

Erënnerunge leien an der Loft

En Hauch vu Kanéil, plus e bëssen Neelcheskäpp a ronderëm de wierzegen Doft vu frëschem Dännegréngs – a scho schéissen eis d'Biller vun de Chrëschtdeeg aus der Kannerzäit duerch de Kapp. D'Fuerschung seet: Et si virun allem Gerécher, déi mir intensiv a ganz laang mat Erliefnesser a Gefiller verbannen. An zwar jiddereen op seng ganz speziell Fassong. Wat deen ee vun de grousse Vakanzen aus senger Schoulzäit dreeme léisst, mécht vläicht bei munch anerem, dass et him kal de Réck erofleeft.

Virun allem schéin an emotional Erënnerunge vun Erliefnesser, déi u sech längst vergiess sinn, komme scho beim geréngsten Doft an der Nues nees zréck. Dat Faszinant u Gerécher oder Parfumen: Eise Kierper reagéiert dorop, ier mir iwwerhaapt wëssen, dass si do sinn. Verschafft gi si am limbesche System. Dësen Deel vum Gehier ass wichteg fir eis Emotiounen a steiert eis Instinkter.

Gerécher mat Erliefnesser ze verknäppen, soe Fuerscher, mécht absolut Sënn. Well esou kënne mir op eppes reagéieren, wat mir ganz plëtzlech an der Nues hunn: De leckeren Doft vun engem Brot bereet eis Verdauung op eng Molzecht vir, wärend de faulege Gestank op där anerer Säit mécht, dass mir e grousse Bou ëm verduerwe Liewensmëttele maachen.

Wat maachen, wa Chrëschtdag negativ Erënnerungen ausléist?

D'Reaktioune vun eisem Gehier entstinn op Basis vu viregten Erfarungen. Wat eist Gehier méi oft Chrëschtdag mat positiven Erfarunge verbënnt, wat et méi einfach ass fir eist Gehier, bei zukünftege Chrëschtdagsfester e positiivt Gefill ervirzeruffen. Munch Leit hunn aus ënnerschiddleche Grënn leider negativ Erënnerungen u Chrëschtdag a kënnen sech dowéinst net op oder iwwer d'Fest freeën. Wien dat ännere wëll, ka probéieren, nei Ritualer ze kreéieren: andeems ee schéi Saachen op Chrëschtdag mécht oder d'Fest mat Leit verbréngt, mat deenen ee frou ass.

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Editeur: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin: Danièle di Cato (why vanilla?)