(c) Alex Loban Shotshop.com

An zwar net, wëll hire Schweess gëfteg oder ongesond wier, mee well mäi Kierper einfach net esouvill Flëssegkeet géif verdroen! Och wann se net zevill schwéier schaffen, schweesst all Mataarbechter 100-200 ml den Dag! An engem Büro wéi z.B. beim RTL sinn dat dann 12 Liter Schweess den Dag!

Iiihh! Dass mer permanent schweesse fir eis Kierpertemperatur ze reegelen ass jo OK, mee wee kéim dann op d’Iddi fir dat ze drénken??

99% vum Schweess si Waasser. Esou schlecht fir sech ze hydratéiere wier en also guer net. Dee leschte % sinn awer Salzer, a Mineralstoffer déi eise Kierper probéiert mam Schweess lass ze ginn! Mee dee Schweess richt neutral! Et ass just deen ënnert den Ärm an tëscht de Been dee bësse méi speziell richt, well do zousätzlech och nach Fetter a Proteinen dra sinn. Déi sinn zwar u sech gerochlos, mee se ginn op der Haut vu Bakterie verdaut, an dat Produkt sténkt wann een et net regelméisseg ofwäscht!

Dat klengt zwar bëssen eekeleg, mee firwat giff ech dann dovu stierwen?

1 % Salz, dat ass net extrem vill, mee awer däitlech méi wéi am Drénkwaasser! Mierwaasser ass zwar nach e bësse méi salzeg, mee den Effekt ass awer dee selwechten! Duerch de Salzgehalt dréchent eise Kierper aus! Dat gesäit ee jo schonn, wann een an d’Mier schwamme geet, da gëtt d’Haut ganz dréchen. Wann een dat dann och nach drénkt, da verdréchent een och nach vu bannen, an dat mécht eise Kierper net ganz laang mat! 

Auteur: Corinne Kroemmer
Foto ©Alex Loban Shotshop.com

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio spannend wëssenschaftlech Kuriositéiten.

Auch in dieser Rubrik

Gesondheet vun der Fra Wat ass Endometriose a wéi kann ee se behandelen?

Ongeféier all zéngt Fra am gebärfäegen Alter leit ënner dëser chronescher Krankheet, déi mat vill Péng verbonnen ass. Detailer zu Symptomer, Ursaachen, Diagnos, Behandlungsoptiounen a Fuerschung.

FNR
PISA Summerchallenge 2025 Mam Buedbidden-U-Boot duerch de Baggerweier

Den neie Pisa Summerchallenge ass en Experiment mat villen Erausfuerderungen! Eng Geschicht iwwer Courage, net opginn a Sauerstoffmangel.

FNR
Mullen
Et kënnt op den “r” un Firwat fänkt d'Mullesaison am September un?

Am Hierscht sti se nees an de Restauranten op der Kaart: Mullen. Mä firwat kommen d'Muschelen op ville Plazen am September nees op den Dësch?

FNR