Des Persoun huet missen néitsen, nodeems se an d'Sonn gekuckt huet.

De Phenomeen nennt sech photeschen Néitsreflex, an deen huet net jiddereen. D’Fuerscher schätzen, dass tëschent 17 a 35 Prozent vun all de Mënschen dovu betraff sinn. D’Ursaach dofir kéint an de Geene leien. Wëssenschaftler hunn eng Mutatioun an engem Abschnitt tëschent zwee Geenen op deem zweete vun eisen 23 Chromosome fonnt, déi dofir verantwortlech kéinte sinn. Bei de „Sonnennéitser“ ënnert de Probanden ass e „Buschtaf“ an der DNA op dëser Plaz anescht ewéi bei  deenen aneren.

Mee wéi ass et méiglech, dass meng Nues wéinst enger eenzeger, butzeg klenger geneetescher Ofwäichung verréckt spillt, wann ech an d’Sonn kucken?

Och wann d’Wëssenschaft der Äntwert op dës Fro scho méi no komm ass, feelen awer nach vill Informatiounen. An d’Fuerscher beschäftege sech scho laang domat: De Phenomeen war schonn an der griichescher Antik bekannt. Am Buch „Problemata physica“, dat fréier emol dem Philosoph Aristoteles zougeschriwwe ginn ass, seet den Auteur, d’Wäermt vun der Sonn wier de Grond. Wéinst hir géif d’Nues schweessen an dësen „Nuesschweess“ misst eeben eraus – mat e puer Mol kräfteg néitsen.

Fir den englesche Philosoph Francis Bacon waren et d’Tréinen, déi beim Ubléck vun der Sonn an d’Ae schéissen an iwwer d’Nues ofgeleet ginn – well hien hat festgestallt, datt de photesche Reflex bei zouenen Aen ausbleift. Modern Wëssenschaftler hunn dunn d’Theorie opgestallt, dass bei Leit mat engem photeschen Néitsreflex de Sehnerv an den Drillingsnerv ganz no beienee leien. Flut d’A de Sehnerv mat Reizer – esou d’Theorie –, da kéint en Deel dovun op den Drillingsnerv iwwersprangen. A well den Drillingsnerv net just fir d’Gesiicht, d’Mondhiel an d’Knamuskelen zoustänneg ass, mee och d’Reizer an der Nues weiderleet, kéint esou en Néitsreflex entstoen.

Da wier d’Néitsen also just eng simpel Signalstéierung a mengem Kapp?

Dat kéint sinn. Allerdéngs weist eng Studie vu Schwäizer Wëssenschaftler, dass dat photescht Néitsen d’Gehier op eng charakteristesch Manéier aktivéiert: Wann een d’Nues mat enger Fieder këddelt, da lafe bestëmmt Regiounen am Gehier op Héichtouren. Dës Gehierregioune ware bei de „Sonnennéitser“ an dëser Ënnersichung och beim Néitse besonnesch aktiv. An och den EEG, mat deem Medezinner d’Gehierstréim moossen, huet ausgeschloen. D’Gerät huet e Muster geliwwert ewéi soss bei Péng oder Eekel. An d’Fuerscher hunn och festgestallt, dass d’Gehier vun de „Sonnennéitser“ verschidde Liichtreizer besonnesch staark verschafft. Mat hire Resultater hunn d’Fuerscher d’Theorie vun den Nervesignaler, déi iwwersprangen, zwar weeder bestätegt nach widderluecht. Mee dass beim photeschen Néitse méi am Kapp lass ass ewéi eng simpel Signalstéierung, suergt emol méi dofir, dass d’Fuerschung spannend bleift.

E Kärcher am Kapp

Et ass wéi eng Explosioun a mir kënne se bal net kontrolléieren. Wann d’Schläimhait an der Nues gereizt ginn, da léist dat eng kleng Lawin aus. Eis Otemmuskulatur suergt dofir, dass mir d’Longe voll mat Loft suckelen. Dat geschitt ganz automatesch. An no engem ganz klenge Moment pressen eis Otemmuskelen d’Loft nees eraus.

Och wann et kee richtege Reflex ass – ëmmerhi kann een d’Néitse bewosst ënnerdrécken –, esou huet d’Ausstousse vun der Loft awer eng wichteg Funktioun fir eise Kierper. Well wann de Loftstroum mat gutt 160 Kilometer an der Stonn aus eis erausschéisst, da rappt en net just Schläimdrëpsen, mee och Pollen, Stëbskären, Krankheetserreeger a wat soss nach alles an der Nues ënnerwee ass mat.

Iwwregens: Net just mir Mënsche kënnen néitsen. Zumindest theoretesch sollten all d’Tetrapoden – esou nennen Zoologen d’Grupp vun de Landwirbeldéieren – dozou an der Lag sinn. Well just bei hinne sinn d’Nues an d’Longen direkt matenee verbonnen. Ob si et och tatsächlech all maachen, ass awer nach net komplett erfuerscht.

Auteur: scienceRELATION/Kai Dürfeld
Redaktioun: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin: Danièle Di Cato (why vanilla?)

Infobox

Quellen

Aristoteles (1962): Werke in deutscher Übersetzung. Unter Mitarbeit von Hellmut Flashar. Berlin: Akademie-Verlag.

Francis Bacon: The Works of Francis Bacon, Lord Chancellor of England. A new edition by Basil Montagu, Esq. Vol. IV. William Pickering, London 1826, S. 357.

Collie, W. R.; Pagon, R. A.; Hall, J. G.; Shokeir, M. H. (1978): ACHOO syndrome (autosomal dominant compelling helio-ophthalmic outburst syndrome). In: Birth defects original article series 14 (6B), S. 361–363.

Eriksson, Nicholas; Macpherson, J. Michael; Tung, Joyce Y.; Hon, Lawrence S.; Naughton, Brian; Saxonov, Serge et al. (2010): Web-based, participant-driven studies yield novel genetic associations for common traits. In: PLoS genetics 6 (6), e1000993. DOI: 10.1371/journal.pgen.1000993.

García-Moreno, J. M.; Páramo, M. D.; Cid, M. C.; Navarro, G.; Gamero, M. A.; Lucas, M.; Izquierdo, G. (2005): Síndrome de estornudos heliooftálmicos compulsivos autosómico dominante (reflejo fótico de estornudo). Estudio clínico de seis familias españolas. In: Neurologia (Barcelona, Spain) 20 (6), S. 276–282.

Himmer, Nina (2014): Warum wir niesen. In: Apotheken Umschau, 16.12.2014. Online verfügbar unter https://www.apotheken-umschau.de/mein-koerper/warum-wir-niesen-716225.html, zuletzt geprüft am 19.04.2022.

Langer, Nicolas; Beeli, Gian; Jäncke, Lutz (2010): When the sun prickles your nose: an EEG study identifying neural bases of photic sneezing. In: PloS one 5 (2), e9208. DOI: 10.1371/journal.pone.0009208.

Sevillano, C.; Parafita-Fernández, A.; Rodriguez-Lopez, V.; Sampil, M.; Moraña, N.; Viso, E.; Cores, F. J. (2016): Curiosidad: reflejo de estornudo fótico. Síndrome helio-oftálmico de estornudos compulsivos autosómico dominante. In: Archivos de la Sociedad Espanola de Oftalmologia 91 (7), S. 305–309. DOI: 10.1016/j.oftal.2016.01.011.

Veritasium - The Sun Sneeze Gene: https://www.youtube.com/watch?v=e69XZJ9DEj0

Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.