© Shotshop

Dat wier et dach: Et gëtt ee scho brong, éier een an der Vakanz ukënnt.

Mr Science, dat wier et dach: Et steet een am Stau a gëtt dobäi brong – virausgesat d’Sonn schéngt mol… Mee geet dat a kann een hannert enger Fënster souguer en Sonnebrand kréien?

Wann ee genuch Gedold huet, kann een hannert enger Glasfënster brong ginn. Virun engem Sonnebrand ass een awer geschützt. Normal Glas filtert nämlech d’Wellelängte vun der UV-Strahlung eraus, déi fir de Sonnebrand verantwortlech sinn.

Dat heescht awer, dass et aner UV-Undeeler duerch léist?

Jo, Glas schwächt déi aner Undeeler vun der UV-Strahlung nëmmen of. Déi Strahlung déi duerch kennt, mécht och brong mee ebe kee Sonnebrand. Se léist allerdéngs d’Haut al ginn  a kann Hautkriibs ausléisen. Dofir soll ee sech schützen, wann ee bei Sonn laang hannert enger Fënsterscheif setzt, zum Beispill beim Auto fueren oder bei enger Aarbechtsplaz un der Fënster.

Wierklech? Dann missen d’Berufschauffere jo méi Hautkriibs hunn?

Dat kann een unhuele, jo. A Studie konnte Wëssenschaftler weisen, dass Hautkriibs op dem lénksen Aarm oder um lénksen Deel vum Gesiicht méi heefeg ass wei op der rietser Säit vum Kierper. Déi eenzeg plausibel Erklärung dofir ass d’Autofueren.

Wisou?

Well an der Autosfënster eng Plastiksfolie stécht, déi di ganz UV-Strahlung erausfiltert. Se fält also nëmmen duerch d’Säitefënster an den Auto eran. Bei den ënnersichte Frae war den Ënnerscheed net ganz sou grouss, wahrscheinlech well se méi oft als Bäifuerer matfueren.

Solle mer eis dann elo virum Autofueren ëmmer acrèmen oder eppes mat laangen Ärem undinn?

Bei laangen Autostrajete wou d’Sonn schéngt schonn. An virun allem net d’Kanner vergiessen, déi eng besonnesch empfindlech Haut hunn!

Auteur: scienceRelations
Editeur: Joseph Rodesch
Iwwersetzer: Sophie Steinmetz
Foto: shotshop.com 

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldo Radio eng Fro. Des Fro gouf an der Sendung vum 7. Juni 2017 beäntwert. 

Auch interessant

Akkubrand Wéi geféierlech ass eng Batterie?

Wann opgeluede Batterië schwéier beschiedegt gi kann et zu engem Brand kommen. Wat léist sou e Brand aus, a kënnen d‘Bat...

FNR , RTL
E-Motor Firwat brauchen elektresch Autoe keng Gangschaltung?

Mr. Science, stëmmt et, datt E-Autoen ouni Gangschaltung auskommen?

FNR
Was ist besser für das Klima? Elektroantrieb vs. Verbrennungsmotor

Elektrofahrzeuge stoßen zwar bei der Fahrt kein CO2 aus, verbrauchen in der Herstellung aber weitaus mehr Energie als ei...