(c) Wikimedia

Wäin besteet zu 80% aus Waasser. De Rescht ass Alkohol an e puer Gramm Aromastoffer. Déi entscheeden op d’Fläsch ënnert der Bréck oder am Nobelrestaurant débouchéiert gëtt.

Wéi kënne Wënzer eigentlech beaflossen, ob se e Fusel oder e Spëtzewäin produzéieren?

Dat war eng laang Zäit onkloer, fir genee ze sinn iwwer 6000 Joer. Well soulaang mëscht d’Mënschheet scho Wäin. Gudde Wäin ze produzéieren, war virun allem Erfahrungssaach. Mee nach virun 200 Joer war et komplett mysteriös, wéi aus Drauwejus Wäin entstoe kann.

Naja, den Zocker aus dem Drauwejus gëtt zu Alkohol vergärt…

Jo, dat seet sech hautdesdaags sou liicht. Wéi sech am 19. Jorhonnert de grousse franséische Fuerscher Louis Pasteur iwwert de Problem gebéckt huet, huet en als éischt mol missen entdecken, dass butzeg Mikroorganismen, d’Hiefen, den Zocker zu Alkohol verdauen. Sou kleng Zellen hat een zwar och scho virdrun ënnert dem Mikroskop erkannt, mee et wousst een näischt Richteges mat hinnen unzefänken. Dem Pasteur seng Entdeckung war en Meilesteen an der Biologie!

Ok, mee Alkohol alleng geet jo net duer fir en gudde Wäin?

Dat stemmt. De Saiergehalt ass zum Beispill immens wichteg. De Wënzer ass scho laang opgefall dass Wäin no e puer Méint Lagerung meeschtens manner sauer schmaacht. D’Fuerscher hunn dunn entdeckt, dass Bakterien d’Saier am Wäin ofbauen. Haut kenne Wënzer des Bakterië gezielt zousetzen an sou en méi douce Wäi produzéieren. Dat gëtt virun allem bei roudem Wäin a Schampes gemaach.

Wéi kënnen d’Wënzer den Aroma vun hirem Wäin nach beaflossen?

Et léisst een zum Beispill d’Wäindrauwen no der Lies an engem Bottesch rouen, ouni se ze zerdrécken. D’Fuerscher hunn erausfonnt, dass d’Drauwen dobäi ufänken sech selwer ze verdauen. Dobäi entsti vill fruuchteg Aromaen. Réischt 2 Deeg drop gëtt da wéi üblech d’alkoholesch Gärung gestart. De Beaujolais kritt mat dëser Method säi besonnesch fruuchtege Goût.

Entzaubert d’Fuerschung net d’Konscht vum Wäinmaachen?

Naja, et kann een et och esou gesinn, dass et haut méi liicht ass, e gudde Wäin ze produzéieren. Mëttlerweil weess een awer och, dass en iwwer 1500 Aromastoffer enthält an d’Fuerscher wëssen ëmmer nach just vu wéinege wéi se entstinn!

D’Aarbecht geet hinnen also net aus?

Genee sou ass et. An dofir bleift Fuerschung ëmmer spannend!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzer : Sophie Steinmetz
Photo: Wikimedia

Infobox

Mr Science op RTL Radio

All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

Auch in dieser Rubrik

D'Wierkunge vun der Spermaflëssegkeet Ass Sperma gesond?

Bei ville Koppele gehéiert Oralverkéier beim Sex dozou. Zum Schluss kënnt d'Ejakulatioun. Ass et eigentlech gesond, de Sperma ze schlécken?

FNR
Physik vum Schifueren Firwat kënnt ee mat moderne Schi esou einfach an d'Kéier?

Mister Science, vill Lëtzebuerger si grad an der Schivakanz. Fréier, mat mengen ale Schi, hat ech den Androck, datt d'Kéierefuere vill méi schwéier war ewéi elo mat moderne Schi. Wéi kann dat sinn?

FNR
Wanterblues Hëlleft méi Liicht géint Wanter-Depressioun?

Wann et dobausse gro an dréif gëtt, geet bei ville Leit d’Stëmmung an de Keller. Ka méi Liicht dogéint hëllefen?

FNR