
Wikimedia
Flëssegseef op der Hand
Mir benotzen all Dag esou vill verschidde Seefen: fir d’Spull oder d’Wäsch ze maachen, fir d’Hänn ze wäschen, Duschgel, Shampoing,.... mee wéi funktionéiert Seef eigentlech?
Majo d’Seef huet speziell chemesch Eegeschaften a kann doduerch e ganz dënne Film rondrëm Dreckpartikele bilden. Den Dreck léist sech doduerch vun enger dreckeger Uewerfläch erof a kann da matt Waasser ausgeschwenkt ginn!
Aha a wat sinn dat da fir chemesch Eegeschaften?
Ma d’Seef besteet aus klengen Deelecher déi ee sech wéi Fixspéin virstelle kann. De Kapp vum Fixspoun ass frou mam Waasser, an de Stil ass guer net frou mam Waasser. Am Waasser gruppéiere sech d’Seefendeelecher zu enger Bull, wou d’Seefekäpp no bausse weisen an d’Stiller zu der Mëtt zou.
Wéi soll ech mir dat virstellen? Dann entstinn also kleng Loftblosen am Waasser?
Jo, dës Seefebullen sinn awer sou kleng datt een se net gesäit. An déi wëllen alles ausser Waasser bannendra mee Dreck wéi z.B. Fett hunn se gär. Wann sou eng Bull bei Dreck kënnt, geet se op an d’Stiller vun de Seefendeelecher verbanne sech mam Fett, an da geet d’Bull rëm zou. Fett, wat jo normalerweis net am Waasser léislech ass, kritt also e Mantel ugedoe wou baussen Noppen dru sinn déi sech um Waasser unhalen, an sou gëtt d’Fett fortgeschwemmt.
Text: Corinne Kroemmer
Foto: Wikimedia