
(c) Victorgrigas
Schold si komplex Zockerketten
A Bounen, Lënsen an aner Hülsenfrüchte si vill komplex Zockerketten dran. Verschiddener dovu kritt eise Kierper net selwer verdaut, an déi ginn da mat bis an den Déckdaarm transportéiert. Do stoussen se op Bakterien, eis Daarmflora, déi déi Zockeren zersetzen an eis esou hëllefen Nährstoffer erauszefilteren. A beim Zersetzen entstinn nu mol Ofgasen!
Sinn déi onverdaulech Zockerketten da just an deenen Hülsenfrüchte?
Déi sinn och a villen aner Liewensmëttel, just manner. An dofir entsti beim Zersetzen och manner Ofgasen, sou dass et eis net opfält.
Dat huet een also dovu wann een eng gutt Lënsenzopp ësst!
Du kanns dat awer schonn e bësse kontrolléieren! Eng gesond Daarmflora ka schonn duergoen, fir dass net ze vill där sténkeger Gasen entstinn. Verschidde Gewürzer, wéi Kümmel oder Fenschel zum Beispill, hëllefen och, fir de Gas ... loosse mer soen „diskret ze evakuéieren“.
Manner peinlech, mee fuerze muss een awer nach!
Ma verschidde Studien hu gewisen, dass ee vu Bounen oder Lënsen, déi an enger Waasser-Bakpolver-Mëschung loungen, manner fuerzt! An deem Fall verschwënnt nämlech dee gréissten Deel vun onverdaulechen Zockerkette scho beim kachen! Déi Aarbecht huet deng Daarmflora manner, an et entstinn och manner Ofgasen. Wéi genee Bakpolver dat fäerdeg bréngt ass de Fuerscher awer nach e Rätsel!
An et ass eigentlech jo och blöd dass dat engem peinlech ass. Fréier soll fuerzen nämlech e Kompliment un de Gaaschtgeber respektiv de Kach gewiescht sinn!
Auteur: Corinne Kroemmer
Editeur: Jerry Wagener
Foto: © Victorgrigas