En Theaterstéck a Form vun enger experimenteller Naturwëssenschaftsshow.

Donneschdes, den 25. Juni um 19h

Freides, den 26. Juni um 20h

umellen op tickets@lge.lu

D'Stéck spillt am Mëttelalter, op engem groussen Treffen vun Alchemisten. Wéi op emol e kléngen Alchemistenaspirant entféiert gëtt! Hien gëtt vun der béiser Hex nëmmen dann nees fräi gelooss, wann sie d’Formel krit fir Koffer a Gold ze verwandelen. Op der Sich no der Formel begéinen d’Frënn vun dem kléngen Alchemist in spe sou munch komesch Leit a mussen eng ganz Partie vun Aufgaben léisen, bei denen därf gestaunt a awer och vill gelaach gin.

Schüler vun der 2e vum Escher Jongelycée hun heifir spektakulär Experimenter eraus gesicht an au Point gesat an eng witzeg Geschicht do ronderëm geschriwwen. Déi méi jonk Schüler vum Cycle 3 a 4 vun der Grondschoul Dellhéicht hun a Workshopen d’Welt vun der Naturwëssenschaften an der Theaterwelt kennen geléiert. An elo, am 3. Trimester bréngen sie dat ganzt dann zesummen op d’Bühn. Koordinéiert gëtt dat ganzt dann och nach vun der asbl Déi kleng Fuerscher, déi séch konstituéiert huet fir d’Naturwëssenschaften am Grondschoulalter ze förderen.

Den Uelzechtkanal, de landeswäit bekannten Fernsehsender aus dem Escher Jongelycée, wärt dofir suergen, dass all Klengegkeet gudd ze gesin wärt sin.

Infobox

Dein Projekt online!

Du hast ein wissenschaftliches Projekt gemacht und willst es mit der Welt teilen? Dann veröffentliche dein Projekt auf Science. Egal ob naturkundliche Entdeckungsreise oder Experiment! Mehr Infos hier: https://science.lu/de/content/projekt-ver%C3%B6ffentlichen   

Auch interessant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Experiment Looss eng Béchs duerchsichteg ginn!

Eng Béchs besteet dach aus Metall - oder? Wéi soll déi dann duerchsichteg ginn? Ma dat ass guer net sou schwéier an du k...

FNR