FNR

Fir dëst Experiment brauch een eng 1,5L PET-Fläsch. Dann hëllt een e Waistopp, schneid en an der Halschent duerch, an erwiermt en an der Mikrowell (30 Sek), fir datt en e bësse méi déck gëtt. E Lach derduerch bueren (z.B. mat Buereropsaatz), dat grad grouss genuch fir e Ventil vun engem aale Velosschlauch ass (wéi een dat mécht ass och am Video vun der Waasserrakéit ze gesinn). E bësse Brennspiritus an d’Fläsch fëllen an d’Wänn vun der Fläsch benetzen. De Stopp mam Ventil an d’Fläsch stiechen, gutt festhalen, an e bësse Loft an d’Fläsch pompelen (nëmme souvill, datt een de Stopp nach gutt ugehale kritt). Dann de Stopp vun der Fläsch léisen...pufffff....et entsteet eng Wollék an der Fläsch!

De Spiritus verdonst immens séier, a gëtt also ee Gas. Beim Pompelen entsteet Drock an der Fläsch. Wann een de Stopp léist, hëllt den Drock an der Fläsch op ee Coup of. An dobäi killt d’Loft an der Fläsch och ganz séier of. Deen Ament gëtt en Deel vun deem verdonste Spiritus erëm flësseg,  a Form vu mini klengen Drëpsen, déi mir als Wollék gesinn.

En ähnleche Phänomen kann een am Buedzëmmer beobachten: wann ee vill waarm duscht verdonst och Waasser am Buedzëmmer, an d’Loft dobanne gëtt waarm a fiicht. Un der kaler Buedzëmmerfënster oder um kaale Spiggel gëtt dat gasförmeg Waasser da rëm verflëssegt – et bilden sech Waasserdrëpsen un der Fënster oder um Spiggel.

Kuck net just de Video mee maach d‘Experiment no!

Dat mécht vill méi Spaass an dobäi mécht een dacks nach aner intressant Beobachtungen. Also sich d’Material an da lass!

Heiansdo klappt et net bei der éischte Kéier – dat ass normal – kuck de Video nach emol genee oder sich am Internet no enger anerer Beschreiwung vum Experiment.

Vill Spaass beim nomaachen!

Däin Team vu science.lu

#Experimenterdoheem – Concours

Film Dech oder maach eng Foto beim Experimentéieren a probéier bei eisem Concours ze gewannen. Méi Infoë fënns Du hei:

Auch in dieser Rubrik

Mikroskopie Kuck méi genee - mat engem klengen digitale Mikroskop

Mat dësem einfache Mikroskop dat sou grouss ass wéi eng Täscheluucht kanns Du dir op dengem Computer, Tablett oder Smartphone Detailer ukucken, déi fir d’Aen villäicht souguer onsiichtbar sinn.

FNR
Luftdruck Klebe Becher an einen Luftballon – aber ohne Kleber!

Dieser Ballon-Teufel hat ein Grobvakuum zwischen seinen beiden Ohren.

FNR
Kaffee-Experiment Wie funktioniert eine Vakuum-Kaffeemaschine?

Hier zeigen wir Dir die wahrscheinlich spannendste Methode Deinen Kaffee zu brauen.

FNR