Wien ass de Robert Fulton? Hien ass fir d’Erfindung vum Dampboot an d’Geschicht agaang. 

Dat stëmmt. En ass fir d’Erfindung vum Dampboot an d’Geschicht agaang. Mee laut verschiddene Quellen an Diskussiounen huet en d’Dampboot net wierklech erfonnt! D’Iddi, fir e Boot mat Damp unzedreiwe war nämlech alles mee net nei. Et hat awer nach keen esou richtegen Erfolleg. De Fulton huet Erfindunge vun anere geholl, an se nei ugepasst a verbessert. Esou ass et him gelongen, dat éischt kommerziellt Dampboot ze bauen. An duerno ass de grousse Boom vun der industrieller Revolutioun komm! Wéint dem Dampboot konnte Materialien a Produkter méi séier, méi einfach a méi bëlleg hin an hier gefouert ginn.

War et also en Erfinder? Oder éischter en Entreprënner? Eng Legend ass et op alle Fall!

Text: Corinne Kroemmer

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mister Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.

Auch in dieser Rubrik

Auto-Motoren Wéi funktionéiert e V8-Motor?

E Bléck op verschidde Verbrennermotoren, wéi se gebaut sinn a firwat elektresch Autoen op eemol e kënschtleche Sound brauchen.

FNR
Fettzellen
Éiwegt Fett Verschwanne Fettzellen, déi sech eemol gebilt hunn, ni méi?

Fettzelle solle ganz schéin zéi sinn. Stëmmt et, datt si ni méi fortginn, nodeems se sech eemol am Kierper gebilt hunn, mee héchstens méi kleng ginn?

FNR