20te März 1987: Eng 100 % déidlech Krankheet verschwënnt - dat éischt AIDS-Medikament gëtt unerkannt!

Eigentlech war et guer net fir AIDS geduecht ! Et ass zwar en anti-Virus Medikament, mee deemools waren d’Dokteren dervun iwwerzeegt 90 % vun de Kriibserkrankunge giffe vu Viren ausgeléist ginn: a Wierklechkeet sinn déi Fäll awer éischter sielen. D’Medikament huet sech also net bewährt an ass a Vergiessenheet geroden.

Genee 20 Joer méi spéit ass den VIH-Virus als Ursaach vun AIDS identifizéiert ginn an e schlaue Fuerscher huet d’Medikament erëm aus dem Tirang gefëscht. Et huet dunn nëmmen nach 2 Joer gedauert bis et virun 152 760 Stonnen unerkannt ginn ass an op de Maart komm ass. Net nëmmen huet dëst Medikament aus enger bislaang déidlecher Krankheet eng Krankheet gemaach mat deier ee liewe kann, mee huet och interessant Informatiounen zu der Kriibsfuerschung bäigedroen.

Eng Sekonn….152 dausend… 1987? Wisou huet et da just 2 Joer gedauert bis et op de Maart komm ass? Du has dach emol gesot dass dat normalerweis 10 Joer dauert.

Mhm, gutt nogelauschtert. Mee an dësem Fall hat d’Medikament jo schonn all d’Testetappen hannert sech, well et jo schonn als Kriibsmedikament benotzt ginn ass.

Mee et heelt AIDS net…

Nee, et verhënnert dass de Virus sech schnell verbreet. 1990 hunn se och festgestallt dass et präventiv immens efficace ass. Sou kann een zum Beispill de Risiko vun enger Mamm-Kand Transmissioun bei der Gebuert vun 10 % op 1-2% senken.

Text: Corinne Kroemmer

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mister Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.

Auch in dieser Rubrik

Mobil Kommunikatioun Firwat muss een am Fliger de Flugmodus um Handy umaachen?

D'Handyen am Fliger kënnen d'Bordelektronik an d'Funkreseaue beaflossen. Wat dohannerstécht a firwat modern Maschinnen haut méi robust géint esou Handysignaler sinn.

FNR
Technik am Alldag Kann een op enger Induktiounskachplack en Handy oplueden?

Induktiounskachplack a Chargeuren ouni Kabel iwwerdroen alle béid Energie. Trotzdeem kann een op der Kachplack kee Smartphone oplueden. Well hir Technik ënnerscheet sech grondsätzlech.

FNR
sperm and egg cell
Reproduktiounsbiologie Gewënnt bei der Befruchtung wierklech de séierste Spermium?

Vill Leit stelle sech d'Befruchtung vun der Eezell wéi eng Course vir: Dee séierste Spermium gewënnt. Mee eigentlech ass et en Hindernisparcours, bei deem de weibleche Kierper d'Reegele mat bestëmmt....

FNR