Geschenke

Pixabay

Schenken huet eppes mat der Bezéiung tëschent zwee Leit ze dinn.

Mr. Science, Chrëschtdag steet virun der Dier an ech si lo scho gestresst. Ech géif sou gär eppes schenken, dat richteg Freed mécht, awer wéi maachen ech dat? Huet do net d‘Fuerschung e puer Tipps fir mech?

Schenken huet eppes mat der Bezéiung tëschent zwee Leit ze dinn. Wéi gutt kenns du deen aneren? Kënns du vum selwen drop, wat hien oder hatt sech wënscht? Wann s du der onsécher bass, solls de si villäicht einfach direkt froen. Well d'Fuerschung weist, dass d'Freed besonnesch grouss ass wann de Kaddo dem Wonsch entsprécht.

Dann ass et awer keng Iwwerraschung méi.

Dat stëmmt, mee anscheinend gëtt d'Iwwerraschung vun deem dee schenkt iwwerschat. Dat ass jo just e Moment. E Kaddo, dee gefält a gebraucht gëtt, erënnert dogéint nach laang un d'Bezéiung.

An eiser Iwwerflossgesellschaft hunn déi meescht Leit schonn alles, wat se brauchen. Vill Leit soen, dass se sech guer näischt méi wënschen. Wéi kann ech hinnen dann eppes schenken?

Jo, et ass méi schwéier ginn. Du muss der Zäit huelen, driwwer nodenken, wéi si oder hien d'Welt gesäit an erlieft. De Psycholog Dan Ariely gëtt dësen Tipp: Schenk eppes, dat deen aneren sech zwar eigentlech wënscht, awer sech selwer net gënnt. Dat kënne besonnesch Knippercher sinn (fir mech wier dat gutt), e schrecklech kitschege Libesroman, ee vill ze deiere Kaschmirpullover oder en Iessen an engem Restaurant. Sou kann de Beschenkten de Kaddo genéissen, ouni sech schëlleg ze fillen oder iwwert den onsënnege Luxus ze granzen.

A wéi komme Geldkaddoen un?

Tatsächlech weisen Etüden, dass de Beschenkten léiwer Suen kritt wéi e Kaddo, dee se net gebrauche kënnen. Awer natierlech kënne Kaddoen mat Suen och penibel sinn. Du gesäis, d’Wonnerléisung hunn ech net – et brauch een och bësse Fangerspëtzegefill beim Schenken.

Wëssenschaftlech Studien

Fënnef ënnerschiddlech Studië kommen zur Conclusioun, dass de Beschenkte sech méi iwwert Kaddoe freet, déi en sech ausdrécklech gewënscht huet. Deen dee schenkt gleeft dogéint, datt et op den Iwwerraschungsmoment ukënnt a schenkt gär eppes, dat net op der Wonschlëscht stoung. Si wëllen domadder weisen, wéi gutt si sech an deen aneren eraversetze kënnen a wéi no si sech stinn. Dat klappt net ëmmer. Froen ass dofir dacks eng gutt Iddi. Souguer iwwert e prosaesche Geldkaddo freeë sech vill Leit méi wéi iwwert eng onerwënschte Blummevas.

Kleng Notizen d’Joer iwwer

Sech an eng aner Persoun eranzeversetze gehéiert zu de Kinneksdisziplinne vum Mënschsinn. Fachleit schwätze vun Empathie. Nolauschteren, nofroen a beobachten hëllefen dobäi. Verschidde Leit maachen sech d'Joer iwwer Notizen a packen et, hir Léifst mat Klengegkeeten ze iwwerraschen, déi perfekt passen a grouss Begeeschterung ausléisen. Ee grouss Talent, dat net jiddereen huet. Awer et kann een en trainéieren.

Auteur: scienceRELATIONS
Editeur an Iwwersetzer: Michèle Weber (FNR)

Infobox

Mr Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.