Eng vun deenen eelsten, populärsten an einfachste Spillsaache vun der Welt: den Hula Hoop!

Eigentlech ass den Hula Hoop scho vill méi al wéi dat. D’al Griichen hunn en esou guer scho benotzt fir ze turnen an ze trainéieren. An och am Mëttelalter war et eng beléifte Spillsaach, déi jidderee selwer konnt doheem bastelen .

Mee virun 50 Joer huet d’Firma Wham-O tatsächlech e Patent fir den Hula Hoop kritt. Säit deem sinn d’Dimensioune genee bestëmmt. Et ginn der aus verschiddene Materialien, et ginn der déi brennen, et ginn der déi liichten an et ginn der déi Kaméidi maachen. De modernen Hula Hoop hat esou vill Erfolleg, dass d’Firma an deenen éischte 6 Méint iwwer 100 Milliounen Exemplare verkaf huet. Just d’Japaner waren net esou begeeschtert. Déi rhythmesch Hëftbeweegung war hinnen ze vill sexy, an den Hula Hoop gouf dofir eng Zäit laang verbueden.

Text: Corinne Kroemmer

Auch in dieser Rubrik

Technik am Alldag Kann een op enger Induktiounskachplack en Handy oplueden?

Induktiounskachplack a Chargeuren ouni Kabel iwwerdroen alle béid Energie. Trotzdeem kann een op der Kachplack kee Smartphone oplueden. Well hir Technik ënnerscheet sech grondsätzlech.

FNR
sperm and egg cell
Reproduktiounsbiologie Gewënnt bei der Befruchtung wierklech de séierste Spermium?

Vill Leit stelle sech d'Befruchtung vun der Eezell wéi eng Course vir: Dee séierste Spermium gewënnt. Mee eigentlech ass et en Hindernisparcours, bei deem de weibleche Kierper d'Reegele mat bestëmmt....

FNR