
Adobe Stock
Am Premièresexame kann et scho mol zu engem mentale Blackout kommen.
Umierkung vun der Redaktioun: Dësen Artikel gouf ursprünglech den 12.05.2021 verëffentlecht, an de 26.05.2025 aktualiséiert. En Deel vun der Infobox gouf an den Haapttext integréiert an de Rescht vun der Infobox ugepasst. Et koume keng nei Informatiounen derbäi.
Wann alles, wat ee geléiert huet, op eemol fort ass, dann heescht et: roueg bleiwen. Otem an engem Zoch déif an. Ziel dobäi a Gedanke lues bis sechs. Dann häls Du d'Loft kuerz un an otems genee esou lues nees aus. So dir och, dass Du der Situatioun net hëlleflos ausgeliwwert bass. Wann s Du dat méchs, da misst Du dech normalerweis no e puer Minutten entspanen. Dëst funktionéiert am beschten, wann s Du d'Stressbewältegung och scho wärend der Virbereedung op d'Prüfung üübs.
A wéi maachen ech dat?
Deng Ootmung kanns Du zum Beispill mat Yoga trainéieren. Och geziilten Entspanungsübunge loosse sech einfach léieren. Deng eegen Approche ze änneren, ass vill méi schwéier, mä grad esou wichteg. Wann ee mengt, dass wéinst engem verkackten Examen d'Welt ënnergeet, dann ass d'Panik virprogramméiert. An dann notzt och all Otemtechnik net ganz vill. Wann s Du dir allerdéngs sécher bass, dass d'Liewen och no enger schlechter Prüfung weidergeet, da bass Du direkt vill méi entspaant. An d'Liewe geet weider!
Firwat kritt een iwwerhaapt e Blackout?
En Tiger am Gestrëpp oder d'Prüfungsaufgaben um Dësch provozéieren eng Stresssituatioun. Dat ass awer net onbedéngt eppes Schlechtes. Grouss Quantitéite vum Stresshormon Cortisol ginn ausgescheet a fléissen duerch eise Kierper. D'Gehier an d'Muskele kréien eng Extraportioun Energie. Kuerz: Duerch e bësse Stress ginn Héchstleeschtunge méiglech. Mä ze vill Cortisol schléit op den Hippocampus. Dës Schaltzentral fir Erënnerungen am Gehier zitt kuerzerhand de Stecker, fir e Schued ze verhënneren. De Kapp fillt sech op eemol eidel un. Ginn de Stress an de Cortisolspigel erof, geet den Hippocampus nees un d'Netz an d'Erënnerung kënnt zréck (1, 2, 3).
Ginn et och nach aner Ursaache fir Erënnerungsblockaden?
Stress ass net den eenzegen Ausléiser fir Erënnerungsblockaden. Bekannt a berüchtegt ass zum Beispill de „Filmrëss“ no enger Party, déi e bëssen aus dem Ruder gelaaf ass – dee kënnt da vläicht beim Feieren no de Premièresexame vir. Et erwächt een. Et kann ee sech un näischt erënneren.
Ewéi beim Blackout a Prüfungssituatioune spillt och hei den Hippocampus eng wichteg Roll. Dee préift: Sinn d'Informatioune wichteg? Si se nei? Oder goufen se vläicht schonns emol am Gehier gespäichert? D'Informatiounen, déi dës Barrière passéieren, ginn un d'Laangzäitgediechtnes iwwerginn a kënne spéider nees erausgekroomt ginn.
Mat Alkohol kënne mir den Hippocampus allerdéngs „hors service“ setzen. Hie bewäert dann näischt a leet och näischt weider. Dat heescht: Keng vun den Informatiounen, déi mir ophuelen, wa mir zevill gedronk hunn, iwwerlieft bis moies. (4, 5, 6) Do gëtt et da spannend, d’Detailer mat Hëllef vun de Kolleegen ze rekonstruéieren 😉.
Ok, mee dann hoffe mer dat d’Schüler weder e Blackout während den Examen erliewen, nach duerno. Mir wënschen hinnen op alle Fall Bonne Chance!
Den Hippocampus – Schaltzentral vum Gehier
Den Hippocampus ass e relativ alen Deel vum Gehier, de mir entwécklungsgeschichtlech esouguer mat de Reptilien deelen an dee vu senger Form hier un e Séipäerdchen erënnert. Net alles, wat mir dagaus, dagan ëm eis ronderëm héieren, gesinn a richen, gëtt och am Gehier gespäichert. Well dat meescht net wichteg genuch ass, gëtt et direkt nees geläscht. Kéint awer eppes wichteg sinn, da kënnt dat an d'Kuerzzäitgediechtnes am Cortex cerebri. Mä just fir déi nächst puer Minutten. Da gëtt et nach eng Kéier bewäert, an zwar vun der Amygdala. Hir Krittären: Emotiounen. Alles, wat mat ganz intensive Gefiller ewéi zum Beispill Angscht verbonnen ass, präägt sech méi staark am Gediechtnes an.
Wat elo nach am Coup ass, gëtt duerch d'zentral Schaltstell am Gehier, den Hippocampus, geschleist. Dee préift: Sinn d'Informatioune wichteg? Si se nei? Oder goufen se vläicht schonns emol am Gehier gespäichert? D'Informatiounen, déi dës Barrière passéieren, ginn un d'Laangzäitgediechtnes iwwerginn a kënne spéider nees erausgekroomt ginn.
Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Editeur: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzer: Danièle Di Cato (why vanilla?)
Infobox
- https://www.swr.de/wissen/1000-antworten/gesundheit/1000-antworten-1108.html
- https://www.palverlag.de/Pruefungsangst-Info.html
- https://www.palverlag.de/muskelentspannung-jacobson.html
- http://www.ncbi.nlm.nih.gov/pmc/articles/PMC2800062/
- https://www.wdr.de/tv/applications/fernsehen/wissen/quarks/pdf/Q_Erinnerung.pdf
- https://www.dasgehirn.info/grundlagen/anatomie/die-amygdala
Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenn vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch presentéiert de Mr Science op RTL Radio, wat fir eng Fuerschung hanner Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.