© shotshop.com

Ëmmer méi Mënsche schwieren op d‘Intervallfaaschten: Si iessen nëmmen an engem Zäitfënster vun aacht Stonnen, da maachen si 16 Stonne laang Paus. Dat heescht: Entweder fält bei hinnen de Kaffi oder d'Owesiessen aus. Klengt onbequem, mee tatsächlech schwätzen e puer Argumenter dofir, mengt de Mr.Science.

Mr.Science, dës läscht wollt ech ee Kolleeg fir d'Iessen alueden, awer hie mécht Intervallfaaschten a verzicht elo op d'Owesiessen. Ass dat gesond?

Jo, warscheinlech schonn. Méi genee huet een dat awer bis elo just u Mais getest. Mais déi permanent iessen, kréien Diabetis, schlecht Liewerwäerter a gi méi séier al. Wa se awer nëmmen an engem bestëmmten Zäitfënster iessen, bleiwen se gesond- an dat, obwuel se an där Zäit souvill iesse kënne wéi se wëllen.

Cool. Fonctionéiert dat dann och bei Mënschen?

Et kann een dat unhuelen, well Mais en änleche Metabolismus hu wéi d’Mënschen. Éischt kleng Studie weisen och bei Mënschen eng positiv Wierkung. Den Zockerspigel am Blutt normaliséiert sech, Entzündunge ginn zeréck, Liewerwäerter verbesseren sech. A Mënschen déi e bëssi ofhuele wëllen, fannen Intervalfaaschten dacks méi einfach wei ee Regimm. Well eigentlech ginn et keng Saachen di verbuede sinn - et muss ee sech just un d’Pausen halen.

Firwat ka sech faaschten sou positiv auswierken?

Eise Kierper ass optimal dorobber virbereet. An der Steenzäit an an de Joerdausenden duerno ware sou Pause ganz normal. Villäicht brauch de Kierper sou Pause souguer. Studien u Mais hu gewisen datt sech d’Daarmflora duerch déi méi laang Pause verbessert, an eng gesond Daarmflora ass ganz entscheedend fir eis Gesondheet.

Ech mengen dat probéieren ech och emol. Wat muss ech maachen?

Net vill. Du muss dech just un deng Pause mam Iesse vu 16 Stonnen halen. Ech probéieren dat och grad, an et ass schonn eng Ëmstellung, mee et fillt sech awer bis elo mol gutt un.

Auteur: science RELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzer: Joseph Rodesch (FNR), Bidinger Jan
Foto: shotshop.com

Infobox

Auch in dieser Rubrik

Gebuertsdag A wéi engem Mount hunn déi meescht Leit Gebuertsdag?

All Dag komme Kanner op d'Welt. Mä an ewéi engem Mount hunn eigentlech déi meescht Leit Gebuertsdag?

FNR
Musik und Psyche
Musek a Psyche Firwat wierkt Musek sou staark op eis Stëmmung?

Musek a Sprooch, dat hu just mir Mënschen. Musek wierkt op eise Kierper an op eis Séil, seet de Mr Science.

FNR