FNR & RTL

Fir de Pisa Summerchallenge 2020 sinn den Olivier Catani an de Mister Science an d'St-Barbe Hiel am Mëllerdall era geklommen. Et ass net déi gréisste mee héchstwarscheinlech déi schéinsten Hiel aus Lëtzebuerg an de Wee ass alles anescht wéi en relaxen Trëppeltour.

Wéi sinn dës Hielen entstanen, wéi entsti Stalagmitten an Stalaktitten, a wéi eng Déiere liewen hei dat ganzt Joer am däischteren? Dës an Informatiounen zesumme mat e puer impressionnante Biller aus enger wonnerbarer ënnerierdescher Welt hu si fir Iech zesummegestallt.

Auteuren: Joseph Rodesch (FNR) & Olivier Catani (RTL)
Produktioun
: RTL

Merci: Jemp Beck

Infobox

Pisa - de Wëssensmagazin

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Télé fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin produzéiert. D'Sendung kënnt eemol de Mount Sonndes ab 19:00 op RTL Télé Lëtzebuerg. Déi ganz Sendung fënns de op pisa.rtl.lu

Auch in dieser Rubrik

Gediechtnes Firwat léiert ee Songtexter méi einfach ewéi Physiksformelen?

Mr Science, wann ech e Lidd eng Kéier héieren, kennen ech de Refrain direkt auswenneg. Firwat verhalen ech d'Songtexter esou einfach, woubäi ech mat thermodynamesche Formelen ëmmer hu misse kämpfen?

FNR
Hühnerei
An d'Schuel geschmass Firwat ginn et wäiss a brong Héngereeër?

Firwat sinn Héngereeër eigentlech wäiss oder brong a wéi kënnt d'Faarf an d'Schuel?

FNR
Optik vum mënschlechen A Wéi vill (Mega-)Pixel huet eist A?

Mr Science, ëmmer méi Bildschiermer a Fotoapparater bidden enorm héich Opléisungen. Wéi vill Megapixel hätten eis Aen eigentlech, wann et Fotoapparater wieren?

FNR