© Shotshop

D’Villercher hu just een Ausgang fir hier Exkrementer ze eliminéieren: d’Kloak.

Um Auto nervt et jo besonnesch wann sou Vullenkacka, oder méi héiflech Villercherskot matten op der viischter Face lant. E Mister Science-Nolauschterer wollt wësse firwat dee wäiss ass...d’Vigel friesse jo awer keng wäiss Saachen... ?

Dat ass richteg. Et ass haaptsächlech den Alter vum Vullendreck, dee fir d‘Faarf eng Roll spillt!

Frësche Vullendreck ass heefeg liicht gefierft - mee wanns de e bis gesäis ass e meeschtens verdréchent an duerch d’UV Strale vun der Sonn verblatzt. Mee mol eng Géigefro: Hues de dech scho mol gefrot wéi Vigel pissen?

Ooh! De wäisse Vugeldreck ass hiren Urin?

Bal. Et ass eigentlech Urin a Kot gläichzäiteg. D’Villercher, am Géigesaz zum Mënsch, hu just een eenzegen Ausgang fir hier Exkrementer ze eliminéieren: d’Kloak.

Dat heescht alles vermëscht sech am Villchen a kënnt da wäiss eraus?

Déi zwee kënnen zesummen erauskommen, mee dat ass net de Grond vun der wäisser Faarf. Am Villerchers Urin ass staark konzentréiert Harnsaier – Villercher drénken net vill fir méiglechst liicht ze sinn. Dësen duerchsiichtegen an déckflëssegen Urin, duerchleeft e puer Statiounen am Kierper.

Op all Etapp, lafe verschidde chemesch Reaktiounen of déi d’Harnsaier an eng wäiss Mass, den Urat, ëmwandelen, an dat ass eng Aart Salz. Dat gesäis de dann op denger Fënster oder...op denger Schëller.

An de Kot huet keng Faarf?

Dach – meeschtens ass jo och nach bëssen Donkeles mat deem wäisse vermëscht. Fir en Expert ass e Vullendreck eppes wéi eng kleng Enzyklopedie: d’Gréisst, d’Ausgesinn an d’Faarf verroden sou munches iwwert d’Vullenaart: d’Geschlecht, den Alter an hier Ernärung ...– zimlech faszinant!

Da kucken ech mer déi Fläpp an Zukunft mol och méi genee un ...

Auteur: Constance Lausecker (FNR)
Editeur: Joseph Rodesch (FNR) 
Foto: Shotshop

 

Auch interessant

Autotomie a Regeneratioun Firwat werfe munch Déiere Kierperdeeler of?

Firwat kënne munch Déiere Kierperdeeler ofwerfen an dann nees nowuesse loossen?

FNR
Gesondheetsschutz Wéi geféierlech sinn Zecken?

Zecken iwwerdroe Krankheeten. Mee: Et kann ee sech mat einfache Mëttele géint Zeckestéch schützen. Och d'Fuerschung entw...

FNR
Neuer immuntherapeutischer Ansatz Katzenallergien: Hohe Dosen eines Hilfsstoffs erhöhen die Immuntoleranz und lindern Allergiesymptome

Forscher des LIH verfolgen bei der Behandlung schwerer Katzenallergien einen neuen Therapieansatz, mit dem die wesentlic...

LIH