(c) Marcos André

Fir 1 Béchs aus Aluminium hierzestellen, brauchs de 25 Liter Waasser. Mat enger Bidde vun 150 Liter kanns de also 6 eidel Béchse produzéieren. Fir d’Cola selwer kanns de dann nach eng Kéier 45 Liter pro Béchs dobäi rechnen. Dat ginn also nach bal 2 Bidden dobäi.

3 Bidde Waasser! Wéi passen déi dann an 6 x 33cl Béchsen??

Fir d’Cola ze produzéiere brauchs de Waasser, souwuel an der Fabrik wéi fir d’Kulture vun Zockerplanzen ze netzen. A fir Aluminium hierzestelle brauchs de och immens vill Energie a Waasser. En ass zwar immens heefeg op der Äerd, mee en ass an Mineralie wéi dem Bauxit chemesch gebonnen, an en ass net einfach do erauszekréien!

Ma wier et dann net méi interessant fir Plastiksfläschen ze huelen?

Verglach mat enger fonkelneier Aluminiumsbéchs ass et doudsécher besser, fir eng Plastiksfläsch ze huelen. Mee am Géigesaz zu Plastik kanns de Aluminium onendlech dacks zu 100% recycléieren. An dat verbrauch 95% manner Energie a 40% manner Waasser, wéi fir Aluminium frësch aus dem Steen ze huelen. Et ginn zwar trotzdem nach vill Béchsen ewechgehäit, mee hautdesdaags besteet eng Béchs awer zu 2/3 aus recycléiertem Aluminium.

Auteur: Corinne Kroemmer
Foto: © Marcos André

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio spannend wëssenschaftlech Kuriositéiten.

 

Auch in dieser Rubrik

Perceptioun vum Risiko Firwat hunn Erwuessener méi Angscht op der Achterban ewéi Jugendlecher?

Mr Science, endlech ass nees Schueberfouer! Do strecken déi Jugendlech op der Achterban d'Äerm an d'Luucht, woubäi déi Erwuesse sech éischter un der Staang festhalen. Firwat fäerten Erwuessener méi?

FNR
Atomkraaft Wat ass den Ënnerscheed tëschent engem Atomreakter an enger Atombomm?

D'Kraaft vum Atom huet esouwuel zu grujelege Waffe geféiert ewéi zu enger Stroumquell, déi an 31 Länner benotzt gëtt. De Mr Science erkläert Ënnerscheeder tëschent Atomreakter an Atombomm.

FNR
Schoul a Léieren Wat schwätzt fir a wat géint Schoulnotten?

Lëtzebuerg huet sech an der Grondschoul vun de klasseschen Notte getrennt mee am Secondaire gëllt meeschtens de 60-Punkte-System. Wat seet d'Fuerschung iwwer de Sënn an d'Limitte vun de Schoulnotten?

FNR