Wikimedia - Algkalv

Och uewen um Bierg ass d’Sonn ëmmer nach Em déi 150 Millioune Kilometer wait eweg

D’Skisaison ass jo elo voll amgaang! Mee firwat musse mer ëmmer bis an d’Bierger fueren, fir sécher ze sinn, dass och genuch Schnéi läit? Do ass een dach méi no bei der Sonn ... misst et dann  do net méi waarm sinn?

Et ass richteg, dass de um Bierg méi no bei der Sonn bass. Mee weess de wéi wäit dass d’Sonn trotzdem wech ass?

Mmmm...nee.

Em déi 150 Millioune Kilometer! A weess de wéi héich de Mount Everest ass?

Mmmm ... 8848 m?

Wow, net schlecht! Dat ass zwar schonn héich! Mee verglach mat der Distanz zu der Sonn man déi puer Kilometer wierklech keen Ënnerscheed! De Grond, firwat et um Bierg méi kal ass, ass well de Loftdrock do uewe méi niddereg ass!

OK datt d’Loft um Bierg méi dënn ass wees ech jo nach, me firwat ass dat sou?

Maja d’Loft hei ënnen ass aus zwee Grënn méi dicht. Eischtens zitt d‘Unzéiungskraaft vun der Äerd  jo d’Loft no ënnen, dofir ass ënne méi Loft wéi uewen. Zweetens dreckt natierlech hei ënnen dat ganz Gewiicht vun der Loft, déi iwwert eis ass, op eis erof. Um Bierg ass scho 2-3 km manner Loft déi op eis drecke kann.

Ok a wisou ass et dann elo méi kaal wa manner Loftdrock do ass?

Majo dënn Loft kann sech net sou séier ophëtzen wéi deck Loft, well an dënner Loft vill manner Loftdeelecher dra sinn déi Temperatur kënnen ophuelen. Temperatur ass usech nämlech näischt aaneschtes wéi Loftdeelecher a Bewegung, déi sech laangscht eis reiwen. Manner Deelecher maache manner Reiwung, an dat bedeit manner Temperatur. Fir all Kilometer deens de ropklëmms, fällt d’Temperatur iwwregens  ëm 6°C!

Oh cool! Da kann ech jo elo ausrechne wat mech uewen um Bierg erwaart wann ech mam Skilift erop fueren!

Text: Corinne Kroemmer

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Des Fro gouf den 04/10/11 opgeholl

Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

Ass et am Weltall äiskal?

Wat ech méi héich eropginn, wat de Loftdrock méi niddereg gëtt, an domat och d’Temperatur! Um Mount Everest ass et em déi 50°C méi kal wéi um Mieresspigel. Mee deen ass jo „nëmmen“ 8.800 Meter héich.

Wat ech also méi wäit vum Mieresspigel fort sinn, wat et méi kal gëtt. Da miisst et jo am Weltall äiseg sinn? Ass et awer net! D’Loft verbrauch Energie fir sech auszedehnen. Dofir verléiert se Hëtzt. Et ass also d’Loft, déi eis do uewen an der Atmosphär ofkillt. Am Weltall ass jo awer guer keng Loft méi, mir ginn also net méi ofgekillt! An et gëtt gutt kuscheleg waarm! An der Sonn gëtt et esou waarm, dass d’Astronauten extra Schutzkleeder brauchen, fir net ze verbrennen! Wann een d’Gesiicht an der Sonn huet, an de Schiet um Réck, dann ass den Temperaturënnerscheed vu bis zu 140°C!

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus

Säit 2006 plangen eng ganz Rei Länner fir an Zukunft kennen um Mount ze wunnen. Wat als Science Fiction ugefaang huet, ass dank moderner Technologie a Fuerschung keng Saach vun der Onméiglechkeet méi. Eng vun de groussen Erausfuerderungen ass et, fir déi enorm Temperaturënnerscheeder ze kontrolléieren. Wann d’Sonn op de Mount schéngt, ginn et bis zu 120°C. Am Schied sinn et awer nëmmen -230°C!

Eng Méiglechkeet fir d’Temperatur méi konstant ze halen ass, fir eng kënschtlech Atmosphär um Mount ze bilden. D’Nasa huet dofir eng ganze Rei Fuerschungsprojet’en ausgeschriwwen, fir des Erausfuerderung souwuel technologesch, wéi och wëssenschaftlech kennen ze meeschteren. 

Fuerschung zu Lëtzebuerg

D’Vegetatioun an den Alpen gläicht der Vegetatioun a Skandinavien. Wat ee méi héich op de Bierg klemmt, wat en a Skandinavie méi Richtung Norden trëppelt. Et gëtt also en Zesummenhang tëscht dem Klima, der Temperatur an der Vegetatioun.

Duerch de Klimawandel verännert d’Klima sech och bei eis! D’Temperature klammen an et reent méi. An dat huet natierlech e groussen Impakt op eis Vegetatioun, an dofir och d’Landwiertschaft! Dem Ëmweltministère ënnerstëtzt Fuerschungprojet‘en déi et erméiglechen, den Zesummenhang tëscht eisem Klima an eiser Vegetatioun besser ze verstoen. Och d’ASTA („Administration des services techniques de l’agriculture“) sammelt meteorologesch Date fir d’Entwéckelung vum Klima ze verfollegen. Aner Fuerschungsinstituter, wéi den Observatoire Hydro-Climatologique du GrandDuché de Luxembourg, konzentréiere sech op aner Problemer, wéi zum Beispill d’Entwéckelung vun den Nidderschléi. Dat erméiglecht hinnen, fir Iwwerschwemmunge besser ze verstoen an an Zukunft besser ze handhaben.

Auch interessant

Sonnenënnergang Firwat gëtt den Himmel owes rout?

Wéi kënnt et, dass den Himmel owes an och moies seng Faarf ännert?

Mr Science  Wéi kënnen Buedemdéieren eis am Kampf géint de Klimawandel ënnerstëtzen? 

Mikroorganismen, wéi Bakterien a Pilzer, am Buedem zersetzen dem Mr Science säi Kalzong bannent 6 Wochen quasi komplett ...

FNR , RTL
Experiment Trinke das Wasser von Bäumen

Bäume produzieren den Sauerstoff, den wir atmen dabei verdampfen sie aber das 200-fache an Wasser. Dieses Wasser kann ma...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Klimamodeller Wéi kann ee mat Klimamodeller d'Klima vun der Zukunft projezéieren?

Wéi gi Klimamodeller entwéckelt a wéi ënnerscheeden se sech vu Wiederprevisiounen?

FNR
Emotional Tréinen Firwat kräische mer vu Freed oder Trauregkeet?

Bei staarken Emotioune schéissen eis dacks Tréinen an d’Aen. Mee wéi een Zweck huet dat?

FNR
Schlofmangel Firwat kréie verschidde Leit donkel Reefer ënnert d’Aen?

D’Nuecht war kuerz, an da leien d’Ae Moies an donkelen Hielen. Wou kommen dës Aereefer hier? A wat kann een dogéint maachen?

FNR