En Deel vum Kuelestoff aus deem all organesch Matière besteet (also och de Kalzong), gëtt nämlech bei der Zersetzung am Buedem gespäichert.  

De Mr Science huet zesummen matt Fuerscherinne vum List d’Buedemaktivitéit a sengem Hochbeet bestëmmt, a presentéiert déi aktuellsten Hypotheesen aus der Buedemfuerschung, wéi een sech virstellt datt neien Hummus entsteet. Mam Hummus späichert de Buedem Kuelestoff (C) an ass domat e ganz wichtegen Acteur am Kampf géint de Klimawandel. An der Loft ass de Kuelestoff a Form vun CO2 nämlech dee bekanntsten Zäregas. Wann de Buedem richteg exploitéiert gëtt, huet dësen d’Potential fir den CO2 aus der Loft ze senken.  

Note: Aus Zäitgrënn goufen verschidden Erklärungen am Reportage simplifiéiert.  

Merci: Kate Buckeridge (LIST), Céline Lett (LIST)  
Auteur: Joseph Rodesch (FNR) 
Produktioun: Media4all, RTL 

Auch interessant

Sonnenënnergang Firwat gëtt den Himmel owes rout?

Wéi kënnt et, dass den Himmel owes an och moies seng Faarf ännert?

Experiment Trinke das Wasser von Bäumen

Bäume produzieren den Sauerstoff, den wir atmen dabei verdampfen sie aber das 200-fache an Wasser. Dieses Wasser kann ma...

FNR
Torf Wéi kënne Mouere géint de Klimawandel hëllefen?

Blummefrënn sollen op Torf verzichten, fir d'Moueren als wäertvoll Liewensraim ze erhalen. Awer och fir d‘Weltklima sinn...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Menstruatioun Firwat hu Frae Péng, wa se hir Reegel hunn?

Fir munch Fraen ass et all Mount dat selwecht: Wa se hir Reegel hunn, hu se esou wéi, dass se bal net kapabel sinn, eppes ze ënnerhuelen. Wouhier kënnt eigentlech dës Péng?

FNR
D’Sënner schäerfen Kann ee seng Sënner duerch Training verstäerken?

Muskele loosse sech trainéieren. D’Ausdauer och. An d’Sënner? Well Perceptioun am Gehier entsteet an dëst verformbar ass, misst et wuel méiglech sinn.

FNR
Sonnencreme
UV-Schutz Wéi funktionéiert Sonnecrème?

Wat heescht SPF15, 30 oder 50 a wéi dacks soll een sech acrèmen?

FNR