(c) Certo Xornal

Sodiumlaurylsulfat gehait eise Geschmackssënn op d’Kopp

Et ass esou erfrëschend, moies direkt d’Zänn ze wäschen. Bis een eppes ësst oder drénkt, dann ass et eriwwer mam Spaass. Firwat schmaacht alles esou komesch, just nodeems ech d’Zänn gewäsch hunn?

An der Zahnpasta ass eng Substanz dran déi mécht, dass et gutt schaimt. Déi huet e ganz barbareschen Numm, an zwar Sodiumlaurylsulfat! Op der enger Säit dréit de Schaum zu deem Gefill vun Erfrëschung a Propperheet bäi, mee op der aner Säit gehäit déi Substanz eise Geschmaachsënn total op d’Kopp.

Wéi mécht se dat dann?

Mir hunn an eisem Mond verschidde Sensoren, déi kapabel si 5 verschidden Geschmaachsriichtungen am Iessen ze detektéieren: séiss, sauer, salzeg, batter an umami. Déi Substanz an der Zahnpasta setzt engersäits dee séisse Sensor ausser Gefecht an duerch eng chemesch Reaktioun stimuléiert en anerersäits de battere Sensor an engem Stéck. Sou dass bei allem, wat mer iessen, de séisse Geschmaach ewech fält, an dee batteren iwwerdriwwe present ass!

Mee Orangëjus ass schlëmmer wéi alles anescht. Wéi ass dat da méiglech?

Iwwert deen Effekt sinn d’Fuerscher sech nach net ganz eens! Verschidde Studie weisen drop hinn, dass de Fluorid an der Zahnpasta mat der Saier vum Orangëjus reagéiert an dofir nach aner Geschmaacher optauchen. Aner Studie mengen, dass et un der Interaktioun tëscht dem Menthol an der Saier läit! Leider ginn et net ganz vill Fuerscher, déi am Gebitt „Orangëjus mat Zahnpasta„ spezialiséiert sinn.

Dofir en Opruff un iech all: probéiert et aus! Orangëjus testen an zwar kombinéiert mat Zahnpasta mat oder ouni Fluorid a mat Zahnpasta mat oder ouni Menthol! Haalt de Mr Science um Lafenden!

Auteur: Corinne Kroemmer
Foto © Certo Xornal

Infobox

Mr Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio är Froen.
Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

 

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Zahnpasta geheit eise Geschmaachsënn fir eng kuerz Zäit op d’Kopp. Eise Geschmaachsënn kann awer och aus aner Grënn op der Kopp sinn, wat béis Konsequenzen op eis Gesondheet kann hunn.

D’Wëssenschaftlerin Gloria Aguayo aus dem CRP Santé huet den Impakt vun eisem Geschmaachsënn op eist Gewiicht ënnert d’Lupp geholl. D’Loscht op Séisses oder Salzeges soll a verschiddene Fäll psychesch bedéngt sinn an dësen désequilibréierte Geschmaachsënn bréngt eng désequilibréiert Ernärung mat sech, wat natierlech gesondheetlech Problemer ka mat sech bréngen.

 

Auch interessant

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt ne...

FNR
Experiment Looss eng Béchs duerchsichteg ginn!

Eng Béchs besteet dach aus Metall - oder? Wéi soll déi dann duerchsichteg ginn? Ma dat ass guer net sou schwéier an du k...

FNR
Science Writing Competition 2021 Werden wir eines Tages Wände hochklettern wie Spiderman?

Damit ein Mensch an einer Wand emporklettern kann, müssen seine Hände mit einer Kraft an der Wand haften, die sein Gewic...

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR