FNR

Duerchféierung

Stree 1-2 Téiläffel Kanéil op d’Waasseruewerfläch an engem Glas Waasser. Wann s de dann een oder e puer Fanger duerch de Kanéil an d’Glas zapps ginn dës net naass, well de Kanéil eng Schutzschicht ronderëm däi Fanger formt – änlech wéi eng Händsch.

Erklärung

D’Uewerflächespannung vum Waasser ass responsabel, datt de Kanéil um Waasser schwëmmt an net direkt ënner geet. Am Kanéil sinn etheresch Ueleger déi sech net am Waasser léisen an ausserdeem ass d’Uewerfläch vum Kanéilpudder immens rau. Tëscht de Rille bleiwe kleng Loftblosen hänken, doduerch ass de Kanéil (fir e puer Minutten) waasserofweisend.

Vu datt eise Fanger och rau ass bleift de Kanéil och gutt drun hänken. Mat dem Kanéil drécke mer also och kleng Loftblose mat ënnert d’Waasser an dës verhënneren datt d’Waasser bis un eis Haut erukënnt. Se bleift dréchen. Duerch d’Loftschicht déi ronderëm de Kanéil ass, gesäit een datt de Fanger glënnert.

Mat der Zäit quëllt de Kanéil awer op an e geet ënner.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Video: Linda Wampach (FNR)

Auch interessant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Experiment Looss eng Béchs duerchsichteg ginn!

Eng Béchs besteet dach aus Metall - oder? Wéi soll déi dann duerchsichteg ginn? Ma dat ass guer net sou schwéier an du k...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Aufbrausend Verwandele herkömmliche Popcorn-Maiskörner in bunte Tänzer!

Die Popcorn-Körner werden über Nacht mit Lebensmittelfarbe eingefärbt und dann mithilfe von Wasser, Backpulver und Essig zum Tanzen bewegt!

FNR
KAPPIWWER Physikalescht Experiment: Waasser bleift an ëmgedréiter Fläsch

Mat dësem Experiment kanns du eng voll, oppe Fläsch op d'Kopp stellen ouni datt d'Waasser ganz erausleeft.

FNR