Material

  • Fläsch mat Waasser (aus Plastik oder Glas)
  • Eidelt Glas

Duerchféierung

Et hëlt een en eidelt Glas, an eng vill méi grouss Fläsch. Dës ass mat Waasser gefëllt. Et dréint een dann déi oppe Fläsch komplett an d'Glas. Esou datt d'Fläsch Kapp iwwer am Glas steet. Och wann d'Waasserquantitéit aus der Fläsch nimools ganz an d'Glas passt, leeft d'Glas awer trotzdeem net iwwer.

Prinzip

Wanns Du Waasser aus enger Fläsch erausschëtts, leeft net nëmmen d’Waasser eraus mee et muss och Loft erakommen, fir dee Raum ze fëllen, deen d’Waasser virdru gefëllt huet.

An dat ass an dësem Experiment net méi méiglech. Soubal den Hals vun der Fläsch ënner Waasser ass, ka keng Loft méi an d’Fläsch erakommen. An doduerch hält d’Waasser einfach op mat fléissen.

Mir hunn an der Fläsch e Loftdrock a mir hu baussen ronderëm dem Glas e Loftdrock, an déi equilibréieren sech. Souguer wann den Niveau vum Waasser méi héich ass, gëtt en equilibréiert duerch de Loftdrock.

Tipps

Wann een eng Plastiksfläsch aus dënnem Plastik huet, da kann et sinn datt d’Plastiksfläsch sech zesummzéit, well awer e klengen Ënnerdrock entsteet an der Fläsch. An da leeft d’Waasser natierlech iwwer. D.h. Du muss schon e méi décke Plastik huelen oder Du hëlls eng Glasfläsch an da geet et gutt.

Alldag

Wat ee vlait scho gesinn huet ass wéi e Weizenbéier erausgeschott gëtt. Do stellt een d’Fläsch och kappiwwer an d’Glas an da waard ee bis den Hals vun der Fläsch ënner Waasser ass. An dann zéit ee ganz lues d’Fläsch erop an da leeft de Béier ganz lues eraus, well e just iwwert der Waasseruewerfläsch dann erausleeft. Dann kann een och zu all Moment stoppen andeems een de Fläschenhals erëm ënnertaucht.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Editeur: Michèle Weber (FNR)
Video: Melanie Reuter & Angelina Clemens (FNR)

Auch in dieser Rubrik

Ouschter-Challenge Wéi kritt een e gekachten Ee an eng Fläsch - an och erëm eraus?

Eng duebel Challenge, fir deng Famill oder Frënn Ouschteren erauszefuerderen.

FNR
Weihnachts-Experiment Bringe eine Mandarine zum Leuchten – mit einer Wunderkerze

Dieses Experiment begeistert gerade viele Kinder und Erwachsene in den sozialen Medien. Doch warum funktioniert es?

FNR
Aufbrausend Verwandele herkömmliche Popcorn-Maiskörner in bunte Tänzer!

Die Popcorn-Körner werden über Nacht mit Lebensmittelfarbe eingefärbt und dann mithilfe von Wasser, Backpulver und Essig zum Tanzen bewegt!

FNR