Wikimedia Commons

D’elektresch Bir ass éischter eng kleng Heizung, déi niewebai och nach liicht.

Se verwandelt d’Nuecht an den Dag an huet eng schéi ronn Form: d’elektresch Bir. Mee wisou ass se sou eng spannend Saach? A wéini war dat?  

Ufank vum 19. Jorhonnert. Wann een sech an dës Zäit zeréckversetzt, mierkt een, dass deemools nach mat Käerzen an Ueleglute Luucht gemaach ginn ass. Et huet dunn awer nach iwwer 100 Joer gedauert bis d’elektresch Bir, wéi mir se haut kennen, eis Nuechten méi gell gemaach huet.

War dat dann sou schwéier? Et huet ee jo just missen en Stéck Drot an e Glasballon stiechen?

De gréisste Problem ass bis haut, fir dass den Drot sou hell wéi méiglech liicht, muss den Drot sou gliddeg wéi et nëmme geet sinn. D’Erfanner hu laang getüftelt bis se endlech Dréit produzéiere konnten déi reng mee trotzdem stabil sinn. D’Dréit fir an d’Bir mussen ëm 2500°C aushalen. Dat ass schonn enorm!

Allerdéngs! Wat fir ee Material hält dann sou héich Temperaturen aus?

D’Dréit fir an d’Bir sinn aus engem spezielle Metall wat bei dësen Temperaturen net schmëlzt: Wolfram. Allerdéngs gëtt et heimat en anere Problem: wat Wolfram méi waarm gëtt, ëmsou méi vu sengen Atomer verdämpen a leen sech als schwaarz Schicht op d’Glas. Fir dëst ze verhënneren, sinn d’Erfanner op en genialen Trick komm: si hunn de Glasballon mat e bëssen Halogengas gefëllt.

Dat sinn dann Halogenluten?

Genee. Den Halogengas funktionéiert wéi eng Aart Post. E verbënnt sech mat de verdämpte Metallatomer a bréngt se rëm zeréck bei den Drot. De Glasballon bleift kloer, obwuel den Drot an der Halogenbir nach méi staark erhëtzt gëtt, wéi an enger normaler Bir. D’Lutintensitéit ass méi staark an dofir sinn Halogenluten och méi spuersam wéi normal elektresch Biren.

Wéi geet et da weider? Elektresch Bire gi jo ëmmer méi aus dem Verkéier gezunn a ginn duerch Energiespuerluten ersat?

Dat ass och sënnvoll, wëll normal Biren iwwer 90% vum Stroum an Hëtzt ëmwandelen. Et kéint een se dofir och éischter Heizungen nennen déi niewebäi och nach liichten. D’Fuerscher experimentéieren dofir mat spezielle Beschichtunge fir de Glasballon, déi d’Strahlung vun der Hetzt zeréckhalen, d’siichtbar Lut awer duerchloossen. Sou brauch den Drot an der Bir manner Stroum fir seng optimal Liicht-Temperatur ze erreechen. D’elektresch Bir ass also nach net vum Dësch…

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: Wikimedia Commons

Infobox

Mr Science op RTL Radio

Auch interessant

UV-empfindliche Perlenkette Wie gut schützt meine Sonnencreme?

Durchsichtige oder weiße UV-Perlen werden farbig, wenn Sonnenstrahlen auf sie fallen. So kannst Du deine (alte) Sonnencr...

FNR
Lichtstreuung Reproduziere die blaue Farbe des Himmels und einen Sonnenuntergang!

In diesem Experiment machen wir Sonnenuntergänge mit einer Taschenlampe, Wasser und etwas Milch nach!

FNR
Light Graffiti Male mit Licht!

Mache ein originelles Neujahrsfoto!

FNR