Gefrorenes Wasser

FNR

Heinsdo fréiert d’Waasser aus komplizéierten thermodynamesche Grënn eréischt bei -5 °C

De M….-wat Effekt??

Mpemba! Esou huet dee Jong geheescht deen dat fir d’éischt an den 60er Jore rausfonnt huet. Seng Entdeckung ass total onlogesch an an deene meeschte Fäll funktionéiert et och net.

Hmmm, a firwat huet et da beim Mpemba funktionéiert?

Gutt Fro! Do ginn et eng ganz Rei Hypothesen. Heinsdo fréiert d’Waasser aus komplizéierten thermodynamesche Grënn eréischt bei -5 °C well sech dann eréischt déi éischt stabil Äiskristallen bilden .

Mä da miist dat waarmt Waasser jo och eréischt bei -5 °C fréieren!

Eben net! Waarmt Waasser huet eng bëssen aner Zesummesetzung ewéi kaalt Waasser well sech bei verschiddenen Temperaturen aner Gasen am Waasser opléisen. En plus entsti während dem Ofkillen aner Konvektiounsbeweegunge well den Temperaturennerscheed jo méi grouss ass. Onofhängeg vun deem kale Waasser kann dat waarmt also scho bei 0 °C fréieren!

An dat muss ech der elo einfach esou gleewen well ech et jo net selwer kann testen!

Dach, du kanns et testen! Ech hunn en Experiment an d'Infobox gesaat fir doheem nozemaache. Wann et kal genuch dobaussen ass, sou -5 °C, kanns de mat waarmem Waasser Schnei man!

Mega.

Auteur: Corinne Kroemmer
Foto: FNR

Infobox

Mister Science op Eldoradio

 

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
 

Schéck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

 

Probéier et aus!

 

Du kanns dee selwechte Phenomen de Wanter nomaan wann et eng Keier esou richteg kaal dobaussen ass ! Huel dofir 2 kleng Drëppeglieser a fëll daat eent mat wootlegem (30 °C) an dat anert mat waarmem (70 °C) Waasser. Stell dech dann eraus an d’Keelt an scheiss d’Waasser aus den 2 Glieser an d’Luucht (mateneen oder noeneen, dat ass egal). Dat wootlegt Waasser (30 °C) flitt an d’Luucht an fällt direkt als Drëpsen op de Buedem. Wann’s de um Buedem taaschts da mierks de dass et naass ass. D’Waasser ass also net gefruer ! Dat warmt Waasser (70 °C) flitt an d’Luucht a verwandelt sech gréisstendeels a Schnei! E puer Drëpsen faalen och op de Buedem, mee wann’s de kucks da mierks de dass et gefruer ass!

 

Ween ass de Mpemba?

 

Den Erasto Mpemba ass e Wëssenschaftler aus Tanzania dee mat 13 Joer dëse Phenomen entdeckt huet an em säin Numm ginn huet. Wéi esou dack mat Erfindungen an Entdeckungen huet en en duerch Zoufall entdeckt wéi en seng waarm Mëllech an d’Truh gestallt huet. En huet dunn dem Dr Denis Osborne dovun erzielt an nodeems se et nach e puer mol färdeg bruecht hunn, hu se 1969 en Artikel verëffentlecht. Haut ass den Erasto Mpemba Vizepresident vun der “Commission des forêts et de la faune sauvage pour l’Afrique” an der UNO.

 

Fuerschung zu Lëtzebuerg

 

D’Uni Lëtzebuerg huet eng Fuerschungsequipp déi sech mat de physikaleschen Eegeschafte vu kondenséierter Matière beschäftegt. Si interesséiert sech virun allem fir den Iwwergang vun de Phasen (flësseg-fest-gasförmeg).

 

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus

 

Et gin weltwäit immens vill Laboen déi sech mat Thermodynamik beschäftegen. Dat ass en immens komplext a breetgefäschert Fuerschungsfeld. Zum Beispill schafft e Labo vun der Universitéit zu Pau a Frankräich un der Thermodynamik an der Energie vu komplexe Flëssegkeeten, an en aneren , vun der Universitéit Blaise Pascal zu Clermont-Ferrant un der Thermodynamik an de molekularen Interaktiounen.

 

Auch interessant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Rätsel aus dem Alldag Wou kënnt metallesche Geroch hier?

Firwat richen eigentlech eng Mënz oder aner metallesch Géigestänn wéi zum Beispill e Schrauweschlëssel oder Dierklensche...

FNR
Luftdruck Klebe Becher an einen Luftballon – aber ohne Kleber!

Dieser Ballon-Teufel hat ein Grobvakuum zwischen seinen beiden Ohren.

FNR

Auch in dieser Rubrik

Chrëschtdagsgeescht Gëtt ee vu Glüwäin méi séier voll ewéi vun normalem Wäin?

Glüwäin wiermt net nëmmen d'Séil, e schéisst och an de Kapp. Mee passéiert dat och besonnesch séier?

FNR
Klimamodeller Wéi kann ee mat Klimamodeller d'Klima vun der Zukunft projezéieren?

Wéi gi Klimamodeller entwéckelt a wéi ënnerscheeden se sech vu Wiederprevisiounen?

FNR
Emotional Tréinen Firwat kräische mer vu Freed oder Trauregkeet?

Bei staarken Emotioune schéissen eis dacks Tréinen an d’Aen. Mee wéi een Zweck huet dat?

FNR