
shotshop.com
D’Liewenserwaardung geet ëmmer méi an d’Luucht. Zu Lëtzebuerg huet se sech säit 1900 bal verduebelt. A weltwäit sinn haut véier mol méi Mënschen iwwer honnert Joer al wéi nach viru knapp 20 Joer. Kann dësen Trend sou weidergoen, gi mir iergendwann onstierflech?
Dës Fro stellen sech och Wëssenschaftler, also wéi wäit d’Liewenserwaardung nach steige kann, oder ob et ee Maximal-Alter gëtt, dee mir net iwwerschreide kënnen. No all deem wat mir haut wëssen, schéngt et dat awer ze ginn. Dat Erstaunlecht ass nämlech, datt den Doudesalter vum eelste Mënsch net no uewe geet, mee stagnéiert. Déi eelste Fra vun der Welt, d’Franséisin Jeanne Calment gouf 122 Joer al. Aner Super-Aler sinn tëschent 114 an 119 Joer gestuerwen. De Beräich ëm 120 Joer schéngt also eis biologesch Altersgrenz ze sinn.
A gëtt et keng Méiglechkeet, eis Liewenserwaardung weider ze verlängeren?
Munch Altersfuerscher gleewen, datt mir nach méi al kéinte ginn. Si hunn Experimenter mat Labomais a mat aneren Déiere gemaach, deenen hier Liewenserwaardung si duerch streng Regimmer oder Blutttransfusioune mam Blutt vu méi jonken Déieren erhéije konnten. Et ass awer bis elo nach onkloer, ob sech dës Resultater och op de Mënsch iwwerdroe loossen. Munch Wëssenschaftler gleewen, datt et souguer geféierlech wier, ze versichen, eist Liewe kënschtlech ze verlängeren.
Firwat?
Well da Kriibszellen iwwerhand huele géifen. Nom haitege Stand vun der Wëssenschaft ass et also onkloer, ob a wéi wäit mir eise Maximal-Alter no uewe schrauwe kënnen. Ma schonn haut kënne mir duerch ee gesonde Liewensstil e virzäitegt Eeleren verhënneren, fir méiglechst laang a gudder Gesondheet ze liewen.
Wat ass dat eigentlech: „méi al ginn“?
Auteur: Ingo Knopf / scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)