Bauchschmerzen

shotshop.com

Et ka laang dauere bis sech d’Bakterien am Daarm vun enger Antibiotique-Therapie erholl hunn.

Antibiotique ass gutt, wann een eng bakteriell Infektioun huet (wéi zum Beispill eng Streptokokken-Angine). Mee knapps sinn d’Bakterië fort, weist sech bei munche Leit eng onerwënschten Niewewierkung: Si kloen iwwer Bauchwéi, Bläungen oder souguer Duerchfall. Firwat ass dat esou, Mr, Science?

Wann s Du Antibiotique hëls, vernicht dat net nëmmen d’Bakterien déi krank maachen, mee um Wee duerch den Daarm, och vill nëtzlech Bakterien déi eis Daarm-Mikroflora bilden. Da kann et zu dene Niewewierkunge kommen. Et dauert Woche bis Méint, bis sech d’Bakterien am Daarm vun enger Antibiotique-Therapie erholl hunn.

Sinn dann d’Bakterien am Daarm esou wichteg?

Oh, jo! Ouni dës Bakterië kënne mir net laang iwwerliewen. Am Daarm hu mir ee richtege Bakterien-Biotop. En besteet aus enger Onmass ënnerschiddlecher Bakterien-Aarten, vun deenen d’Wëssenschaftler eréischt ee immens klengen Deel ënnersicht hunn. Mir wëssen awer, datt vill Bakterien-Aarten eis beim Zerklengere vun de Liewensmëttel hëllefen. Si suergen dofir, datt mir Nährstoffer oder Vitaminnen aus dem Iessen ophuele kënnen, schütze viru Krankheeten oder verhënneren, datt sech schiedlech Bakterie festsetzen.

Wéi léisst sech d’Daarmflora no Antibiotiquen erëm opbauen?

Heiansdo gëtt geroden, sougenannte Probiotika anzehuelen. Dat si Liewensmëttel, an denen eng Mëschung vu anscheinend gesondheetsfördernde Bakterien dra sinn. Eng Rei Studie beleeën awer, datt Probiotika wéineg hëlleft a bei munche Patienten d’Bildung vun der eegener Daarmflora souguer erschwéiert. Dofir besser: Ofwaarden a gesond iessen, mat Geméis, Ballaststoffer a Jughurt.

Ofwaarden hëlleft

Een Team um renomméierte Weizmann-Institut an Israel huet bei 21 Participanten ënnersicht, wéi sech d’Daarmflora no der Behandlung mat engem Breetband-Antibiotique erhëlt. Dobäi hu si bei all Participante Bakterieprouwen aus dem Daarm geholl. No der Antibiotique-Therapie huet eng Grupp déi eegen Daarmbakterien zeréck kritt, eng Grupp huet iwwer véier Woche Probiotika ageholl an eng Grupp huet einfach ofgewaart. Effektiv huet sech d’Grupp, déi hier eege Bakteriemëschung kritt huet, an nëmmen e puer Deeg erholl. Déi Grupp, déi Probiotique ageholl huet, huet dogéint e puer Méint gebraucht, bis si den Zoustand aus der Zäit virun der Antibiotique-Behandlung erreeche konnt. Déi Grupp, déi einfach ofgewaart huet, louch do tëscht.

Auteur: scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch, Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)

Infobox

Mr Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.

Linken

Auch interessant

Porträt „Eine Errungenschaft für Luxemburg und unsere Forschungsgruppe“

Wissenschaftler des Luxembourg Institute of Health (LIH) wurden mit einem Prix Galien für ihren herausragenden Beitrag z...

LIH
Highly Cited Researchers Immer wieder gerne zitiert: Die multidisziplinäre Arbeit von Stéphane Bordas

Es gibt Wissenschaftler, auf deren Arbeiten in Publikationen besonders häufig Bezug genommen wird. Uni-Professor Stéphan...

Medizin Hypnose in einem medizinischen Umfeld, wofür und wie wirksam ist sie?

Die Hypnose wird immer häufiger eingesetzt, um beispielsweise Schmerzen zu lindern. Die Öffentlichkeit ist jedoch geteil...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR