Skin, FNR

Déi éischt Episod vun "Ziel mir keng!" geet ëm 5G.

Science.lu lancéiert en neit Format: „Ziel mir keng!“ E science.lu check zu gesellschaftlech relevante Sujeten op YouTube , op RTL Tëlee an RTL Play. Mir recherchéieren de Stand vun der Wëssenschaft zu verschiddenen Themen: Wat weess d’Wëssenschaft, a wat weess se net? A wéi kann een de Stand vun der Wëssenschaft anuerdnen?

Thema vun der éischter Episod: Ass 5G da lo geféierlech, oder net?

Mir baséieren eis an dësem Video op folgenden Artikel, wou mer de Stand vun der Wëssenschaft zum Thema 5G recherchéiert haten:

„Ziel mir keng!“ kënnt nom Pisa Wëssensmagazin Sonndes owes op RTL Tëlee. Et kann ee sech d’Episoden awer och op RTL Play an um science.lu Youtube-Kanal ukucken: https://www.youtube.com/user/scienceluxembourg

Bei der Recherche zum Thema, ob 5G da lo geféierlech ass, oder net hu mer festgestallt: Dat ass eng komplex Fro. Wëll et geet hei engersäits drëms ze kucken, ob d’Handystrahlung déi mer bis elo genotzt hunn – also 3G a 4G – geféierlech ass. An anersersäits op lo beim Iwwergang op 5G Gefohren derbäi kommen, oder net?

5G, dat ass elektomagnéitesch Strahlung…Jo, dat kléngt iergendwéi geféierlech. Ma elektromagnéitesch Strahlung ass éischtens net onbedéngt onnatielech, wéi z.B. d’Liicht dat eis emgëtt, oder en Heizkierper, dee Wäermt ausstrahlt…An zweetens ass se och net onbedéngt geféierlech fir eise Kierper.

Ausser wa se ganz vill Energie transportéiert:

  • wëll se entweder ganz héich Frequenzen huet - wéi beispillsweis Röntgen oder radioaktiv Strahlung
  • oder wa se mat ganz vill Wuppes ausgestrahlt gëtt.

3G a 4G-Handystrahlung notzt Frequenzen a Strahlungsstäerkten, fir déi et keng eendeiteg Beweiser ginn dat se geféierlech si fir eise Kierper. Zu där Konklusioun kommen eng ganz rëtsch Literaturanalysen, wou ganz vill eenzel Studien zesummen analyséiert an ausgewäert goufen – a wou souzesoen eng Moyenne draus gezu gëtt.

Also alles gutt?

Leider ass et ë bëssi méi komplizéiert. Wëll och wa vill Studien keng negativ Effekter weisen, ginn et awer duerchaus eenzel Studien, wou daat de Fall ass.

Hei kënnt et dann dacks zum sougenannten Cherry-Picking: déi déi derfir sinn an déi déi dergéint sinn zitéieren da jeweils déi Studien, déi hinnen an de Krom passen.  

Tëschefazit 1: Wann ee sech de ganze Fundus un Etuden ukuckt, gëtt et keng kloer wëssenschaftlech Evidenz dofir, dass Handystrahlung dem mënschleche Kierper schued.  

Dat wëll awer net soen, dass et total ausgeschloss ass, dass et net eventuell awer negativ Effekter ginn: Et ass just sou, dass d’Wëssenschaft dat zurzäit net kann eendeiteg beweisen.  

Heescht dat lo, dass d’Wëssenschaft näischt wees? 

Dat heescht vrun allem mol, dass d’Effekter net einfach ze moosse sinn.  

Wann et ganz evident Effekter géifen, dann hätt d’Wëssenschaft dat scho laang rausfonnt.  

Huele mer als Beispill d’Loftverschmotzung: D’Wëssenschaft kann zimmlech kloer soen, dass all Joer e puer Millioune Mënsche weltwäit dorunner stierwen.  

Bei der Handystrahlung ass dat net sou evident: falls et negativ Effekter ginn, sinn des scheinbar sou geréng, dass se schwéier op Niveau vu ganze Bevölkerungen ze moosse sinn. Z.B. weise grouss ugeluechten Studien zur Heefegkeet vu Kriibs keng signifikant Changementer zanter der Aféierung vun Handyen.  

Waat seet dann d’WHO zu Handystrahlung? 

Si kategoriséieren zum Beispill Fëmmen an Alkohol als kriibserreegend.  

Glyphosat, rout Fleesch an Nuetsschichten op der Aarbecht falen an d’Kategorie vu “warscheinlech kriibserreegend”. 

An elektromagnéitesch Strahlung, wéi se beim Handy zum Asaatz kënnt, gëtt vun der WHO aus Mangel u konkrete Beweiser als “méiglecherweis kriibserreegend” kategoriséiert,  

genee wéi zum Beispill Bensinn oder … ageluecht Geméis. 

Tëschefazit 2 : Bei aller Onsécherheet, gëtt et kee Grond zur Panik! 

Mir sinn eis bewosst: Leit, déi immens elektrosensibel sinn, fillen sech bei deser Aussoh wahrscheinlech net eescht geholl. Mir sinn an eisem science.lu check lo net gesondert op elektrosensibel Leit agaang.

Souvill zur Handystrahlung allgemeng. Ma wéi ass et lo méi konkret mat 5G ? 

Ee Sträitpunkt geet em d’Frequenzen:  Bei 5G kommen nämlech Frequenzen derbäi, déi méi héich si wéi bei 4G.  Kritiker soen, déi wiere méi geféierlech an et géife Laangzäitstudie feelen.  Déi aner Säit seet, dass des nei Frequenzen a Beräicher leien, fir déi et kee Grond gëtt unzehuelen, dat se geféierlech sinn. 

En anere Sträitpunkt dréint em d’Strahlung: Wëll engersäits kommunizéieren d’Handymasten bei 5G méi cibléiert mat den Handyen.  Dofir geet d’Energie pro Datevolume rof. Anerersäits wäerte bei 5G méi Maste benotzt ginn a méi Daten transferéiert ginn, wouduerch d’Strahlung nees ropgeet.  

Ma sou oder sou geet den Datevolume vu Joer zu Joer staark an d’Luucht, och onoofhängeg vu 5G.  

Tëschefazit 3: Ob lo 5G méi geféierlech ass wéi 4G, an ob lo duerch 5G wäert Strahlung derbäikommen oder net, doriwwer gëtt aktuell nach gestridden.  

Wat fänke mer lo mat all deenen Informatiounen un? 

Schlussendlech ass et eng gesellschaftlech Fro: Et gi, wéi bei all neier Technologie, Incertituden. D’Fro ass: Wéi gi mer mat deenen ëm? 

Oder anescht gefrot:  Wa mer lo iergendwann géife rausfannen, dass Handystrahlung negativ Effekter op eise Kierper hätt, wiere mer da bereed op eisen Handy ze verzichten? 

Des Fro beäntferte Mënsche ganz ënnerschiddlech. Do gëtt et op där enger Säit Leit déi ganz skeptesch sinn, wéi z.B. de Mouvement Stop5G, an op där aner Säit Leit, déi ganz begeeschtert si vun där neier Technologie an deenen et net séier genuch ka goen. 

Wat d’Wëssenschaft an der Tëschenzäit ka maachen, ass: weider fuerschen.  
Wat d’Politik ka maachen ass: niddreg Grenzwäerter festleeën.  
Wat jidderee vun eis ka maachen: den Handy mol méi dacks einfach op d’Säit leeën.  

Auteur: Jean-Paul Bertemes (FNR)
Editeuren: Michèle Weber (FNR), Joseph Rodesch (FNR), Ingo Knopf (Science Relations)
Video: Skin

Auch interessant

An eegener Saach  science.lu lancéiert en neit Format : Ziel mir keng! – de science.lu check 

Wat weess d’Wëssenschaft, wat weess se net? Beim neie Format recherchéiert d’science.lu-Team de Stand vun der Wëssenscha...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Science Check Was sind die Vor- und Nachteile der Sommerzeit?

Zweimal im Jahr die Zeit umzustellen, soll (anscheinend?) Energie sparen, aber negative Auswirkungen auf die Gesundheit haben. Was die Wissenschaft dazu sagt.

FNR
Künstliche Intelligenz Der EU AI Act: Motor oder Bremse für Forschung und Innovation?

Das erste Gesetz weltweit zur Regulierung Künstlicher Intelligenz ist gestimmt: der EU AI Act der Europäischen Union. Drei wissenschaftliche Experten erläutern, was sie von dem Regelwerk halten.

29. Februar
Kalendergeschichten Wie ist eigentlich unser Kalender entstanden?

Den 29. Februar gibt es nur alle vier Jahre – in den Schaltjahren. Doch warum ist das so und wie sind unsere Vorfahren draufgekommen?

FNR