© shotshop.com
Mr Science, ech fille mech säit Wochen sou schlapp, wahrscheinlech ass dat d’Wantermiddegkeet. Ech mengen ech bréicht mol sou e laange Wanterschlof fir erëm op Touren ze kommen. Awer dat geet net... oder villäicht awer?
Hmmm, ech weess net op déng Fettreserven dofir duer ginn. Déi noutwenneg Genen häss de awer jiddefalls - sougenannt Schaltergenen, déi dofir zoustänneg sinn datt däi Stoffwiessel ëmgestallt gëtt. Amplaz vu Kuelenhydrater géifs de da just nach Fett verbrennen.
Super! A wéi kéint ech dës Schaltergenen un- oder ausschalten?
Genee dat ass de Knackpunkt. Et goufen zwar bis ewell méi vun dëse Schaltergenen entdeckt, mee et weess een nach net wéi een se aktivéiert. Op Madagaskar liewen allerdéngs Lemuren, déi e Wanterschlof halen a bei där dës Schaltergene fir d’éischt entdeckt goufen. A Lemuren si jo Afen, déi wäitleefeg zu eiser Famill gehéieren, an doduerch ginn d’Wëssenschaftler dovun aus, dass de Wanterschlof prinzipiell bei eis Mënsche méiglech ass.
Da misst ech also just am Hierscht genuch Fettreserven uniessen, an ech kéint mech dann de Wanter total ausklénken a wier am Fréijoer erëm topfit...
Et deet mer leed mee do muss ech dech enttäuschen. Wanterschlof ass en irféierenden Begrëff. Fuerscher schwätzen dohier och net vu Wanterschlof mee vun Torpor, aus dem laténgesche fir Erstarrung. Bei dem Torpor sinn eis d’Gehirstréim ganz anescht wéi bei richtege Schlof. De Wanterschlof huet also keng Erhuelfunktioun, souguer ganz am Géigendeel: Fir d’Erwächen aus dem Torpor gëtt ganz vill Energie gebraucht. Du häss also éischter e Schlofdefizit duerno.
Dat klengt also net wierklech erhuelsam
Dat stëmmt! D’Déieren halen den Torpor jo och net aus Middegkeet, mee fir déi nährstoffarm Joreszäit ze iwwerliewen.
Auteur: Uwe Hentschel
Traducteur an Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Foto: shotshop.com
Infobox
Nieft de Wëssenschaftler intresséieren sech och Weltraumorganisatioune wéi d’NASA an d’ESA fir Méiglechkeete fir Mënschen an den Torpor ze versetzen. Da kéinten Astronauten e Wanterschlof halen a sou jorelaang Weltraummissioune méiglech maachen.
Fir d’Medezin wär de Wanterschlof interessant fir mënschlech Organer an e Wanterschlof ze versetzen. Sou kéinten Transplantatiounsorganer méi laang gehale ginn a missten net bannent e puer Deeg transplantéiert ginn.
Bei der Erfuerschung vum Wanterschlof si Fuerscher op e Sibiresche Stamm gestouss, déi viru gutt 100 Joer an der Géigend vu Pskow gelieft hätten. Fir déi kal a liewensmëttelarm Wanterzäit ze iwwerbrécke soll dës Volleksgrupp eng Wanterrou vun e puer Méint gehalen hunn. Si hunn déi ganzen Zäit geschlof a just eemol am Dag kuerz opgestane si fir eng Klengegkeet ze iessen an ze drénken.
De Fall vum Japaner Mitsutaka Uchikoshi huet och vill wëssenschaftlech Rätsel opgeworf. Hien ass bei enger Wanderung am Joer 2006 verongléckt an eréischt 3 Woche méi spéit vu Kloterer fonnt ginn. Hien huet awer nach gelieft mee seng Kierpertemperatur war nëmmen nach 22 Grad a seng Kierperfunktioune waren op e Minimum erofgeschalt ginn. D’Fuerscher mengen datt hien an engem Wanterschlofähnlechen Zoustand war.
All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldo Radio eng Fro. Des Fro gouf an der Sendung vum 1.2.2018 beäntwert.