AdobeStock
All Expert an Automobilist huet seng eegen Tipps, fir besser mat Stress am Stroosseverkéier ëmzegoen. Musek ze lauschteren, ass bestëmmt eng gutt Iddi. Datt si funktionéiert, hunn och e puer kleng wëssenschaftlech Etüde beluecht. Am Stau oder Stopp-and-Go-Verkéier schléit d'Häerz zum Beispill méi onreegelméisseg. Leeft Musek am Auto, da wierkt dat berouegend.
Wéi eng Zort vu Musek gouf dann an dësen Etüden ënnersicht?
Bei enger klenger, kontrolléierter Etüd a Brasilien gouf Piano- oder aner instrumental Musek lafe gelooss. Et ginn awer och aner Etüde mat verschiddene Museksstiler, bei deenen d'Resultater änlech waren. Esou hu Fuerscher:innen aus Kanada an aus den USA scho viru méi ewéi 20 Joer erausfonnt: D'Lauschtere vun der perséinlecher Liblingsmusek entspaant beim Autofueren – allerdéngs just am Stau. Am normale Verkéier huet d'Musek keng Wierkung.
Hëlleft och Musek, déi als aggressiv gëllt, zum Beispill Heavy Metal?
Dozou ginn et ënnerschiddlech Erkenntnisser. Englesch Etüden hu festgestallt, dass extrem Musek beim Autofueren de Bluttdrock an d'Luucht dreift. Aner Ënnersichunge beleeën, dass dës Zort vu Musek och ausgläichend wierke kann – zumindest bei Leit, déi dës Musek gutt fannen. Esou hunn australesch Fuerscher:innen Heavy-Metal-Fans, déi rose waren, Musek eraussichen an duerno lauschtere gelooss. Vill vun den Testpersounen hu sech Titel erausgesicht, déi och vu Roserei oder Aggressiounen handelen. Miessunge vun der Häerzfrequenz an d'Auswäertung vun de Questionnairen hu gewisen: D'Musek huet hinne gehollef, fir méi roueg ze ginn. Ob dat dann awer och am Stau hëlleft, gouf an dëser Etüd net explizitt ënnersicht.
Auteur: scienceRELATIONS (Ralf Butscher)
Editor: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin: Danièle Di Cato (why vanilla?)
Infobox
E Beispill vun enger kontrolléierter Etüd aus Brasilien: Eng wëssenschaftlech Ekipp vun der Universitéit São Paolo huet fënnef gesond, jonk Fraen, déi nach net allze laang de Führerschäin haten, op verschiddenen Deeg, awer jeeweils an der Haaptverkéierszäit duerch den Zentrum vun enger brasilianescher Stad fuere gelooss – en plus mat engem friemen Auto. Eemol hunn d'Fraen iwwert dem Fuere Musek gelauschtert, déi aner Kéier net. Wéi eng Wierkung dat hat, hunn d'Wëssenschaftler:innen ënnersicht, andeems si d'Häerzfrequenz gemooss hunn. D'Resultat: Am Stau oder Stopp-and-Go-Verkéier huet d'Häerz méi onreegelméisseg geschloen – wat op Stress hindeit an e Risikofaktor fir en Häerzinfarkt ass. Wa wärend dem Trajet instrumental Musek (zum Beispill vum Adele, Chris Tomlin oder Enya) am Autoradio gelaf ass, dann hat dat e berouegenden Effet op d'Häerzaktivitéit.
Wat geschitt am mënschleche Kapp, wa Musek op d'Ouer trëfft? Physikalesch gesinn, si musikalesch Téin näischt aneres ewéi Schwéngungen an der Loft, deenen hiren Drock sech dobäi an enger bestëmmter Reiefolleg verännert. Dës butzeg Drockschwankunge verwandelt d'Ouer an neuronal Signaler, déi schliisslech den Auditive Cortex – eisen Héierzentrum – erreechen. Ier si do ukommen, ginn d'Signaler a méi Etappen analyséiert an zortéiert – zum Beispill an eenzel Téin, déi sech net änneren, an a variabel Musteren. Och ënnerschiddlech Klangfaarwe gi vum Gehier erkannt a vunenee getrennt.
Duerno kommen nach weider Veraarbechtungsetappen, un deene verschidde Beräicher vum Gehier bedeelegt sinn – ënner anerem och de visuellen Zentrum, deen d'Musek, déi ee lauschtert, mat Biller verbënnt, zum Beispill vun engem bestëmmten Instrument. De limbesche System bewäert – bei all Mënsch individuell –, ob d'Musek uspriechend wierkt oder net. Wa jo, da spréngt de sougenannte Belounungssystem un – a schëtt Gléckshormoner aus.
All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro