
shotshop.com
Zënter 1960 setzen d'Mouere weltwäit méi CO2 fräi, wéi se späicheren.
Mr Science, wéi beaflossen d'Moueren eist Klima?
A Moueren si gewalteg Quantitéite vum Klimagas CO2 gespäichert. Ronn duebel sou vill wéi an de Bëscher an dat obwuel Moueren nëmmen 3% vun der weltwäiter Landfläch ausmaachen! Sou laang si intakt sinn, sinn si eppes wéi en natierleche CO2-Staubsauger.
Wéi funktionéiert dat?
Planze wuessen, andeems se Sonneliicht als Energiequell notzen, Waasser a Mineraler aus dem Buedem ophuelen an CO2 aus der Loft. Sou bauen si Planzemass op. Um Enn vun hirem Liewe ginn hir Blieder, Stiller, Äscht a Stämm am Buedem duerch Bakterien an aner Mikroorganismen zersat. Dobäi gëtt deen CO2, deen se am Laf vun hirem Wuesstem gebonnen hunn erëm fräigesat. Et ass e Kreeslaf.
An de Mouere gi Planzereschter déi op de Buedem gefall sinn awer vu Waasser bedeckt a verfaulen dofir net komplett. Si bilden eng Torfschicht, déi vu Joer zu Joer ëmmer méi déck gëtt. Mouere wuessen am Schnëtt ongeféiert 1 Millimeter pro Joer no uewen. Am Laf vun de Joerdausenden entsti sou meterdéck Torfschichten déi den CO2 späicheren, dee beim Wuesstem vu Planzen entsteet.
Wann d'Moueren awer dréche geluecht ginn an den Torf net méi fiicht ass, kënnen d'Mikroorganismen den Torf zersetzen an de gespäicherten CO2 gëtt sou erëm fräigesat.
Falen d'CO2-Emissioune vu Moueren dann an d'Gewiicht?
Jo, an zwar fatzeg! Zënter 1960 setzen d'Mouere weltwäit méi CO2 fräi, wéi se späicheren. Et sinn enorm Quantitéiten CO2, déi all Joer vun dréchegeluechte Mouere fräigesat ginn, ongeféier 2 Milliarden Tonnen CO2. Dat si 5% vun de weltwäiten Emissioune vun dësem klimaschiedleche Gas!
Wow, dat ass iwwerraschend vill! Droen eis Lëtzebuerger Moueren dann och dozou bäi?
Déi si mëttlerweil gutt geschützt, fir déi ze retten, déi mer nach hunn! Elleng an der zweeter Hallschent vum leschte Joerhonnert sinn eis Fiichtgebidder, zu deenen och Mouere gehéieren, em 80% zréck gaangen. Weltwäit falen awer virun allem Länner wéi Kanada, Russland an Indonesien an d'Gewiicht, si hunn déi gréissten Torfgebidder.
Indonesien?
Jo, du hues richteg héieren. Do ginn et grouss tropesch Moueren, déi dréche geluecht goufen, z.B. fir Palmenueleg-Plantagen unzeleeën. Wann déi Torfschichten net méi fiicht sinn, zersetzen si sech net nëmme mee fänken och nach dacks u mat brennen. A béide Fäll gëtt de gespäicherten CO2 fräigesat. Indonesien well seng Moueren elo besser schützen an eleng doduerch seng CO2-Emissiounen em méi wéi d'Hallschent reduzéieren. Fir datt Moueren och an anere Länner besser geschützt kënne ginn, probéieren d'Wëssenschaftler d'Mouere weltwäit ze kartéieren.
Fannen se dobäi och nach onbekannte Mouergebidder?
Am zentralafrikanesche Kongo-Bassin hunn se eent entdeckt, dat méi wéi 50 mol méi grouss wéi Lëtzebuerg ass! Fuerschung bleift eben ëmmer spannend...
Torfbränn
Wéi aus Torf Kuel entsteet
Auteur: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Iwwersetzer: Michèle Weber/FNR