Adobe Stock
Note vun der Redaktioun: Dëst ass eng aktualiséiert Versioun vun engem Bäitrag, deen ursprünglech den 02.05.2024 verëffentlecht gouf an de 16.07.2026 aktualiséiert gouf. Et goufe falsch Informatiounen iwwer Sonnecrème mat mineraleschen UV-Filter korrigéiert an d’Studielag zum preventive Schutz virun Hautkriibs ergänzt.
Bestëmmten UV-Strale kënne chemesch Verbindungen am Kierper zerstéieren an esou zu Verännerungen an der Haut féieren, wéi z. B. Falen, oder am schlëmmste Fall zu Hautkriibs.
Sonnecrème enthält sougenannten UV-Filter: Dat sinn Ingredienten, déi verhënneren, datt schiedlech UV-Stralen an d’Zelle vun eisem Kierper andréngen. Déi meescht Sonnecrèmen enthalen haut zwou Zorten UV-Filter. Dacks ass vu „chemeschen“ a „mineraleschen“ UV-Filter riets. Béid wierken awer op déi selwecht Aart a Weis. Si bilden e Schutzfilm op der Haut an absorbéiere schiedlech UV-Strale vun der Sonn.
Bei Sonnecrème mat nëmme mineraleschen UV-Filter wéi z. B. Zénk Oxid oder Titanimum Oxid, ass d’Haut duerno dacks zimmlech wäiss, well des Ingrediente siichtbar wäiss Liicht reflektéieren. Awer si reflektéiere keen UV-Liicht, dat fir eis Aen onsichtbar ass.
A wat seet de Liichtschutzfacteur um Tüb aus?
Wat de Liichtschutzfacteur LSF oder op Englesch SPF (fir „Sun Protection Factor“) méi héich ass, wat d’Sonnecrème manner UV-Liicht un d’Haut duerchléisst – dovu geet een zumindest aus. Eng Sonnecrème mat Liichtschutzfacteur 15 huet eng Schutzwierkung vun 93 Prozent. Dat heescht: nëmme 7% vun de Strahle kommen op der Haut un. Bei LSF 30 kommen 3% bei der Haut un a bei LSF 60 ëmmer nach 2 Prozent. LSF 60 gëtt an der Praxis 50+ genannt.
Et bitt also keng Sonnecrème 100%ege Schutz. An de Schutz ass an der Praxis dacks méi niddreg wéi deen deen um Tüb drop steet. Engersäits well d’Leit d’Sonnecrème op der Plage oder an der Schwemm meeschtens nëmmen hallef sou dënn oder nach manner opgedroe wéi bei Tester ënner kontrolléierte Labosbedingungen. An anerersäits well verschidde Sonnecrèmen z.B. Substanzen enthalen, déi e Sonnebrand duerch Entzündungshemmer verzögeren.
D’Zuel vum Liichtschutzfacteur gëtt un, wéi vill méi héich d’Dosis u schiedlechen UV-Strale muss sinn, fir mat där Sonnecrème Sonnebrand ze kréie wéi ouni. A well d’Intensitéit vun de Sonnestrale variéiert an des Dosis och vum Hauttyp ofhänkt, kann een et einfach soen: Mat LSF30 ech 30 mol méi laang an der Sonn bleiwe wéi ouni Sonnecreme.
Hëlleft et dann, wann ech mech méi dacks acrèmen?
Jein. Sonnecrème ass nëmmen op drëtter Plaz beim Schutz géint d’Sonn: et sollt ee sech virun allem méiglechst wéineg an der praller Sonn ophalen – virun allem net an der Mëttesstonn - a sech duerch passend Kleeder, Sonnenhutt a Sonnebrëll schützen. An zousätzlech onbedeckten Haut gutt mat Sonnecrème areiwen.
Et gi Studien déi weisen, datt d’Schutzwierkung bis zu 8 Stonnen unhale kann – wann d’Sonnecrème da richteg applizéiert gouf. Well dat an der Praxis awer meeschtens net de Fall ass, soll een sech all 2-3 Stonnen nei acrèmen. Wann een am Waasser war, geschweesst huet oder Sonnecrème mat engem Handduch ofgeriwwen huet, da souguer nach éischter.
Ech hunn och gelies, datt Sonnecrème ka schiedlech fir d‘Haut sinn?
Verschidden Ingrediente vu chemesch baséierte Sonnecrème kënnen allergesch Reaktioune vun der Haut provozéieren. An et soll ee Sonnecrème nëmmen sou laang nom Opmaachen notze wéi um Tüb steet. Dat gëllt awer generell fir all Kosmetikproduit. Fir aner negativ Effekter ginn et nach keng eendeiteg Beweiser. Nom aktuelle Wëssensstand iwwerweit den Notze vun der Sonnecrème eventuelle Risiken. Mee et gëtt och un neie Sonneschutzmëttele gefuerscht, z. B. sougenannte Photolyasen. Dat sinn Enzymer, déi chemesch Verbindungen erëm flécke kënnen, déi duerch UV-Stralen zerstéiert goufen. Dofir bleift d’Fuerschung ëmmer spannend!
Wéi gëtt de Liichtschutzfacteur gemooss?
De Liichtschutzfacteur gëtt net mat physikaleschen Apparater gemooss, mee u Versuchspersounen. Bei hinne ginn Deeler vun der Haut mat an ouni Sonnecrème (2 mg/cm2) mat enger UV-Luucht bestraalt a ronn een Dag méi spéit gëtt gemooss, ab wéi enger Liichtintensitéit d'Haut rout ginn ass. Sou gëtt festgestallt, wéi gutt Sonnecrème géint Sonnebrand schützt. Dobäi hëlt een un: Wat se dee besser verhënnert, ëmsou besser filtert si d'UV-Stralung aus dem Sonneliicht. Vill Hiersteller probéieren awer, bei dësem Test besonnesch gutt ofzeschneiden, andeems se entzündungshemmend Substanzen an hir Sonnecrème mëschen. Déi hëllefe géint Sonnebrand, halen awer keng UV-Stralen of.
Hëlleft Sonnecrème géint Hautkriibs?
Fakt ass: Wat mer méi Sonn am Laf vun eisem Liewen ofkréien, ëmsou méi klëmmt eise Risiko fir Hautkriibs ze kréien. Ka Sonnecrème eis schützen? Wëssenschaftlech Studie liwwere leider keen eendeitege Beweis fir eng präventiv Wierkung vu Sonneschutzmëttel géint d'Entwécklung vun Hautkriibs. Ee vun den Haaptproblemer, fir dat eraus ze fannen: Hautkriibs brauch immens laang fir sech z'entwéckelen. Dat mécht et schwiereg, Laangzäitstudie mat ville Participanten duerchzeféieren. Fir de geféierlechsten Hautkriibs, de schwaarze Melanom, klëmmt de Risiko zum Beispill däitlech ab engem Alter vu 50 Joer. Deen Ament huet ee scho vill Zäit an der Sonn hannert sech. Fir Hautkriibs ass déi fir eis onsiichtbar UV-Stralung vum Sonneliicht verantwortlech. Si dréngt duerch d'Haut an a kann do d'Ierfsubstanz an eisen Hautzelle futti maachen. Déi kënnen dann onkontrolléiert zu engem Tumor eruwuessen. Sonnecrème hält en Deel vun der UV-Stralung dovun of, an d'Haut anzedréngen. Dat ass och wëssenschaftlech bewisen. Dofir hëlt een trotz der onklorer Studielag a punkto Hautkriibs un, datt Sonnecrème eis Haut op mannst deelweis schütze kann.
Auteuren: Michèle Weber (FNR), Ingo Knopf (scienceRELATIONS)
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Infobox
https://onlinelibrary.wiley.com/doi/full/10.1111/bjd.14015
https://www.spektrum.de/frage/wie-funktioniert-sonnencreme/1549103
https://pubmed.ncbi.nlm.nih.gov/28165636/
https://www.sciencedirect.com/science/article/abs/pii/S0140673698121682https://ascopubs.org/doi/10.1200/JCO.2010.28.7078
https://www.sciencedirect.com/science/article/abs/pii/S0749379718324516
https://onlinelibrary.wiley.com/doi/10.1002/ijc.31997
https://www.ncbi.nlm.nih.gov/pmc/articles/PMC7759112/
https://www.ncbi.nlm.nih.gov/pmc/articles/PMC9505440/
Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.