En as bëlleg a gëtt all Dag benotzt; de Bic! Souguer am elektroneschen Zäitalter gëtt e weiderhi gebraucht. Mee wat stécht am Bic alles u Fuerschung dran?

Är et de Bic gouf, hunn d’Leit mat Füllfiedere geschriwwen. Hei huet ee missen no enger Zäit Tënt nofëllen an et hat een zimlech oft Tënteflecken opzebotzen. Den Ungar László József Bíró war heivunner genervt. Während 18 Joer huet en dofir mat sengem Brudder d’Grondform vum Bic entwéckelt: e Rouer mat Tënt, wou un der Spëtzt eng Bull ass, fir d’Tënt um Blat ze verdeelen. Dëse Modell vum Bic huet en dunn och direkt 1938 patentéiere gelooss.

An deen huet direkt gutt funktionéiert?

Nee, wei sou dacks an Entwécklungsphasen, gouf et och hei Problemer; bei dësen éischte Bicer ass d’Tënt net gläichméisseg aus dem Bic erausgelaf. Entweder hat ee Flecken um Pobeier oder de Bic war wéint gedréchenter Tënt verstoppt.

An dunn?

Dorops hin huet e Brit, den Henry Martin 6 Joer drop dem Bíró d’Patent ofkaaft, an huet de Bic weider entwéckelt, sou dass en net méi sou vill gesabbelt huet. Hien huet am éischte Joer 30.000 Bicer un d’Royal Air Force verkaf. Si huet nämlech Schreiwgeschiir gebraucht dat am Fliger a groussen Héichte funktionéiert a keng Flécke mëscht.

De Fransous Marcel Bich wor et du schliisslech, deen de Bic perfektionéiert huet. No 2 Joer Getüfftels huet hien et fäerdeg bruecht, dass de Bic net méi gesabbelt huet, andeems en en Rouer mat Tënt an de Grëff vum Bic gesat huet: d’Tënteminn. An ënnert dem Numm BIC huet en en 12 Joer nom Bíró Patent als Masseproduit ënnert d’Leit bruecht. Dat ass an der Fuerschung relativ séier!

An wei ass et dann haut mam Bic?

All Dag ginn op der Welt 14.000.000 Bicer verkaf. Di meeschte Bicer sinn haut aus Plastik well dee liicht, resistent, einfach ze verschaffen a bëlleg ass. Wousst de iwwregens dass en Véierel vun der weltwäiter Produktioun un Kugelen a Bicer zu Lëtzebuerg vun der Firma Ceratizit hiergestallt ginn?

Tatsächlech? Immens. A gëtt dann haut nach vill verännert um Bic?

Et ginn ëmmer nach besser Tënten, Bicer déi méi laang schreiwen a besser an der Hand leien entwéckelt. Et wëllt een ëmmer besser Qualitéit fir manner Sue produzéieren an dobäi Offall am Zäit spueren.

Dat heescht d’Fuerschung geet nach ëmmer weider?

Jo, dat ass jo dat spannend…

Auteur: Sophie Steinmetz
Editeurs: Joseph Rodesch/Jean-Paul Bertemes (FNR)
Photo © Shotshop.com

Infobox

Mr Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

 

Auch in dieser Rubrik

Gesondheet vun der Fra Wat ass Endometriose a wéi kann ee se behandelen?

Ongeféier all zéngt Fra am gebärfäegen Alter leit ënner dëser chronescher Krankheet, déi mat vill Péng verbonnen ass. Detailer zu Symptomer, Ursaachen, Diagnos, Behandlungsoptiounen a Fuerschung.

FNR
PISA Summerchallenge 2025 Mam Buedbidden-U-Boot duerch de Baggerweier

Den neie Pisa Summerchallenge ass en Experiment mat villen Erausfuerderungen! Eng Geschicht iwwer Courage, net opginn a Sauerstoffmangel.

FNR
Mullen
Et kënnt op den “r” un Firwat fänkt d'Mullesaison am September un?

Am Hierscht sti se nees an de Restauranten op der Kaart: Mullen. Mä firwat kommen d'Muschelen op ville Plazen am September nees op den Dësch?

FNR