(c) Zephyris

Et ass keng Schmugglerei am Spill, an och keng kromm Bankgeschäfter! Et sinn d’Frontalieren, déi all Dag op Lëtzebuerg schaffe kommen, déi Owes iwwer 60 kg Gold mat heem huelen. Mee keng Angscht, si bréngen se och moies nees mat!

Wéi? Wisou huelen déi da Gold mat?

Si lafen natierlech net mat Goldbarre rondrëm. Mee an allen elektronesche Geräter, Smartphone, PC & Co, gëtt Gold an aner Edelmetaller an den elektresche Circuite verschafft! D’SIM-Kaart zum Beispill ass aus Gold, grad esou wéi de Kontakt tëscht der Batterie an dem Handy.

Krass! A mir geheien dat Gold herno einfach mam Handy oder PC ewech?

Jo, oder du recycléiers! Et gi Firmen, déi doran spezialiséiert si fir Edelmetaller raushuelen, sou wéi Gold, Sëlver oder Koffer. Dat ass zimlech interessant, well Gold ass méi einfach aus den Handyen ze huelen, wéi aus de Goldminnen ze extraktéieren. Och wa just 0,02 g Gold an engem Handy sinn, läppert et sech zesummen!

Wéi kriss de dann sou kleng Quantitéiten do raus?

Déi wäertvollst Saachen am Handy sinn d’Edelmetaller. An déi heeschen net fir näischt esou! Déi sinn nämlech ze edel fir mat iergendeppes ze reagéieren. Déi léise sech also net a Séier op, a verbrennen och net. Du kriss déi also relativ liicht do raus, och wann de Prozess net ganz ëmweltfrëndlech ass!

Auteur: Corinne Kroemmer

Foto : © Zephyris

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio spannend wëssenschaftlech Kuriositéiten.

Auch in dieser Rubrik

Gesondheet vun der Fra Wat ass Endometriose a wéi kann ee se behandelen?

Ongeféier all zéngt Fra am gebärfäegen Alter leit ënner dëser chronescher Krankheet, déi mat vill Péng verbonnen ass. Detailer zu Symptomer, Ursaachen, Diagnos, Behandlungsoptiounen a Fuerschung.

FNR
PISA Summerchallenge 2025 Mam Buedbidden-U-Boot duerch de Baggerweier

Den neie Pisa Summerchallenge ass en Experiment mat villen Erausfuerderungen! Eng Geschicht iwwer Courage, net opginn a Sauerstoffmangel.

FNR
Mullen
Et kënnt op den “r” un Firwat fänkt d'Mullesaison am September un?

Am Hierscht sti se nees an de Restauranten op der Kaart: Mullen. Mä firwat kommen d'Muschelen op ville Plazen am September nees op den Dësch?

FNR