FNR

D'science.lu-Team: Jean-Paul Bertemes, Michèle Weber, Joseph Rodesch a Melanie Reuter (v.l.n.r)

Du interesséiers dech fir Wëssenschaft, Fuerschung a Journalismus a schreifs gären Artikelen? Du verfollegs reegelméisseg den Débât Publique a wëlls gäer zu "evidence informed public debates" bäidroen? Du hues e Master oder Ph.D. an den Natur- oder Sozialwëssenschaften oder am Journalismus? Du verstees déi 4 Sproochen (Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch), a kanns gutt op Franséisch, Däitsch oder Englesch schreiwen, an dovunner perfekt entweder op Däitsch oder Franséisch? Da siche mir genee dech - e(ng) Wëssenschaftskommunikator(in)/journalist(in) fir an d'science.lu Team, respektiv fir an d'Science in Society-Team vum Fonds National de la Recherche (FNR). 

Wat wier deng Aufgab?

  • Artikelen iwwer Wëssenschaft a Fuerschung schreiwen & editéieren fir science.lu
  • Den Débât Public verfollegen a reagéieren, wann Themen opkommen, déi relevant sinn aus Siicht vum Débât Public an der Wëssenschaft
  • Faktenchecke/de Stand vun der Wëssenschaft zu engem Thema recherchéieren a schreiwen
  • Faktenchecken am Videoformat preparéieren
  • Posts an Infografiken fir Social Media gestalten
  • a bei aneren Aktivitéiten vun der Science in Society-Equipe vum Fonds National de la Recherche hëllefen

Wéi ee Profil mir genee sichen & wat mir Dir kënnen ubidden fënns Du hei am Artikel oder am PDF-Dokument.

Hei kanns Du déi ganz Joboffer eroflueden.

Wann s Du Interessi hues, da schéck deng Demande (op Englesch geschriwwen) mat CV bis den 28. Februar un de Marc Schiltz, Generalsekretär vum Fonds National de la Recherche (FNR) mat der Referenz "SC2022_1" op jobs@fnr.lu

Auch in dieser Rubrik

Popmusik unter der Bettdecke Wie Radio Luxemburg unsere Welt verändert hat

Entdecke die Geschichte des internationalen Radiosenders in einer immersiven und interaktiven Ausstellung in der Villa Louvigny.

Hirnforschung So halten wir unser Gehirn gesund

Die moderne Arbeitswelt verlangt vom Gehirn tägliche Höchstleistungen. Eine Kampagne vermittelt Wissen und Tipps für Job und Alltag, um den Verstand und Gedächtnis in Bestform zu halten.

Take Off – Staffel 3 Interview: Ein Einblick in die Arbeit der Police Scientifique von Luxemburg

Randy Topper, Valérie Ries und Gilles Rabinger, drei Experten der Police Scientifique, erklären wie forensisches Denken, Teamarbeit und Alltagspraxis zusammenkommen.

FNR, ALF