
Adobe Stock
D'Bluttsëffer orientéiere sech bei der Wiel vun hiren Affer un enger Partie Critèren.
Dësen Artikel vum 12.05.2021 ass den 09.07.2025 aktualiséiert ginn. Verschidden Informatiounen iwwer d'Roll vun der Bluttgrupp (am Text an an der Infobox) goufen aktualiséiert.
Fuerscher a Fuerscherinnen hunn dëse Phenomeen och festgestallt. Si probéieren erauszefannen, firwat Mustike bestëmmt Leit léiwer hunn ewéi anerer. Wat si entre-temps wëssen: D'Bluttsëffer orientéiere sech bei der Wiel vun hiren Affer un enger Partie Critèren. Esou schéngen ënner anerem d'Kierpertemperatur eng Roll ze spillen. Awer si orientéiere sech och u Gerécher a Gaser, déi d'Leit ausdonsten – virun allem un engem bestëmmte Gas an der Otemloft.
Ewéi e Gas ass dat?
Et geet ëm Kuelendioxid, kuerz CO2. Et entsteet bei eisem Stoffwiessel quasi als Ofgas. Wa mir ausootmen, stéisst eis Long et an d'Ëmwelt aus. Wat mir méi intensiv ootmen, wat den CO2-Gehalt an eiser Otemloft méi héich ass. Insektefuerscher a -fuerscherinnen hunn erausfonnt, dass Mustiken dësen CO2-Gas, deen eis Nues net riche kann, op grouss Distanze bis zu 70m wäit ewech richen. En zitt si magesch un.
Wat heescht dat?
Majo zum Beispill si Fraen déi erwaarden e besonnescht beléiftend Zil vun de klenge Vampiren. Well si ootme virun allem kuerz virun der Gebuert souzesoe fir zwee – fir sech a fir hire Puppelchen. Ausserdeem ass hir Kierpertemperatur méi héich. An och dat hu Mécke gär.
A wéi ass et da mat Gerécher?
Mustiken hu Rich-Sensoren, mat deene si chemesch Verbindungen erschnoffele kënnen: zum Beispill Ammoniak, Bottersaier an Harnsaier – Stoffer, déi vu Bakterien op der mënschlecher Haut produzéiert ginn. D'Resultat ass en individuellen Doft. Besonnesch staark ass dësen nom Sport, wa mir verschweesst sinn – an eis waarm ass: Dat ass e besonnesch lackelege Mix fir Insekten, déi op Blutt aus sinn.
Gëtt et vläicht och esou eppes ewéi eng geneetesch Veranlagung, dass ech bei Mustiken esou beléift sinn?
Duerchaus! Och d'Geene kéinten eng Roll spillen. Dat hu Wëssenschaftler a Wëssenschaftlerinnen a Groussbritannien bei engem Versuch mat 18 eeneeëgen an 19 zweeeeëgen Zwillingen ënnersicht. Dobäi koum eraus, dass d'eeneeëg Zwillingen d'selwecht beléift oder onbeléift bei Mustike waren. Bei den zweeeeëgen Zwillinge gouf et allerdéngs Ënnerscheeder, wat d'Beléiftheet ugeet. Dat deit op eng geneetesch Ursaach hin. Ewéi fundéiert dës Conclusioun aus der Etüd ass a wéi d'Geene genee wierke kéinten, musse weider Experimenter weisen. Et bleift deemno spannend an der Fuerschung!
Infobox
Auteur: scienceRELATIONS (Ralf Butscher)
Editeur: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzer: Danièle Di Cato (why vanilla?)