© Wikimedia

Kann d’Zeeche fir Radioaktivitéit an 10.000 Joer iwwerhaapt nach een entzifferen?

Zu Bure, 150 km vu Lëtzebuerg, soll en Atomendlager entstoen. Ka sou en Endlager iwwerhaapt sëcher sinn? A wéi deelt een zukünftege Generatiounen dat mat?

Radioaktiven Offall, dee bis zu enger Millioun Jore geféierlech Strahlen ofgëtt, misst een och sou laang verstoppe kënnen - awer ouni ze vergiesse wou e läit.

Geet dat iwwerhaapt?

Schéi wier et. Do ginn et Ideeën iwwer Lager déif ënner der Äerd z.B. an ale Salzbergwierker. Do agemauert bleift den Offall 100 Joer sécher oder nach väit 1000 Joer... mee bei enger Millioun Joer!!! do kënnt d’Geologie an d’Spill. Dat heescht Bewegunge vu ganze Buedemplakken an doduerch nei Bierger, Vulkaner, an Äerdbiewen an dann ass d’Erosioun vu Flëss déi d’Landschaft total verännere kënnen.

OK... vill méiglech Szenarien – mee et sinn awer mëttlerweil Plaze fir Endlager an der Diskussioun, wéi z.B. deen zu Bure a Frankräich, net wäit vu Lëtzebuerg. Huele mer mol un mir hätte Chance matt denen. Da ginn et awer weider Problemer...

Jo masseg. Wéi soe mer de Leit, déi an e puer 1000 Joer dës Lagerplaz fannen, datt dës geféierlech ass ?

Ech géif mol soen et muss een se gutt beschrëften (op Steen).

Jo mee déi eelste Schrëft déi mer kennen ass grad réischt 8000 Joer al – an déi ka jo quasi keen entzifferen. Schrëften an Zeeche changéieren déi ganzen Zäit. Kuck mol d‘Zeeche vun der Atomenergie...

...dat ass giel matt schwaarzem Ventilator

Jo, vill Leit halen dat haut scho fir eng Wandmillen – et soll eigentlech d‘Strahlung symboliséieren. Fuerscher mussen also Zeechen entwéckelen déi (och an puer 1000 Joer) verhënneren datt keen erageet a virun allem datt kee virwëtzeg gëtt. Well d’Griewer vun de Pharaoe waren och matt Warnungen iwwerschott an d’Mënschen hunn se einfach ignoréiert...

OK en Endlager fir 1000 Joer ass quasi onméiglech an eent fir 1 Millioun Joer eng Illusioun?

Jo, d’Mënschheet ass grad mol 200’000 Joer al - e Lager ka keng dauerhaft Léisung sinn...

Auteur: Joseph Rodesch
Photo: wikimedia.org

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldo Radio eng Fro. 

Aussi intéréssant

App Bloomin‘ Algae Les citoyens peuvent aider à surveiller les algues bleues dans les eaux luxembourgeoises

Grâce à l'application pour smartphone Bloomin' Algae, tout le monde au Luxembourg peut aider les scientifiques du LIST à...

Fort mam Onkraut Wéi eng Alternative ginn et eigentlech fir Glyphosat?

Zanter iwwert engem Joer ass Glyphosat zu Lëtzebuerg verbueden. Mee wat sinn d’Alternativen, fir hautdesdaags Onkraut ze...

FNR
SnT Partnership Day Une interface éprouvée entre la recherche et l’application

Le SnT de l’Université fait désormais partie des centres de recherche les plus importants au monde en matière de dévelop...

SnT

Aussi dans cette rubrique

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR