© RTL & FNR
Extrait aus dem PISA Wëssensmagazin
An 11 Gramm Wues stockéiere Beie bis zu engem Kilo Hunneg, an domat gehéiert d’Beiewab zu deene Strukturen déi am effektiivste Flëssegkeete wéi z.B. Hunneg stockéiere kënnen. D’Struktur ass also net nëmmen eng wonnerschéin, mee och e physikalescht perfekt optimiséierte System.
Kënne Beien zielen?
Fuerscher un der Universitéit Würzburg wollten dofir erausfannen op d’Beie mathematesch Fähegkeeten hunn, an hunn an engem Experiment konnten noweisen datt d’Beien effektiv ziele kënnen, mee just bis 4. Dat 6-eckeg Muster huet also en anere Grond...
Méi zum Experiment, a wat Seefeblose mat Beiewaben ze dinn hunn, gitt dir am Mr Science Video gewuer.
Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Video: RTL