science.lu-Team

FNR

D'Team vu science.lu

Et si grad ongewinnt a schwiereg Zäiten. Mir hunn eis iwwerluecht wat mer kéinte Positives oder Konstruktives zur aktueller Situatioun bäidroen. Dowéint wäerte mir lo an den nächsten Deeg all Dag 1-2 einfach Experimenter posten, déi der ouni vill Opwand doheem mat äre Kanner kënnt nomaachen. Domadder riichte mer eis un all déi vill Kanner an Elteren, déi opgrond vun der aktueller Situatioun doheem sinn, zesumme schéi Momenter wëllen erliewen, an nach dobäi eppes wëlle spilleresch léieren an entdecken.

Mir posten eis Experimenter hei op science.lu, awer och op eise Social Media-Channels Facebook, Instagram, Youtube – an zanter haut dann och op TikTok!

Ab den Owend geet et lass!

Wann der lo awer ze ongedëlleg sidd, kënnt der schonns direkt op eis Experimente-Säit goen. Do fannt der lo schonns iwwer 100 verschidden Experimenter fir doheem nozemaachen! Hei de Link:

Des Weideren probéiere mer awer och iwwert de Coronavirus ze informéieren respektiv vun Zäit zu Zäit Fake News zum Thema richteg ze stellen. Mir wäerten eis hei an do mol Sujete rauspicken, wou mer den Androck hunn dass am ëffentlechen Débât Mëssverständnisser bestinn. Allgemeng ass eis Aproche déi, dass mer ëmmer de wëssenschaftleche Standpunkt an den ëffentlechen Débât wëlle rabréngen a wëssenschaftlech Fakten zu verschiddenen Theme liwweren. Mir wäerten eis do bei Geleenheet mellen. Gäer kënnt der eis och Suggestioune raschécken. Och wann der nach weider Iddeeën fir wëssenschaftlech-pädagogesch Aktivitéiten hutt.

Donieft wäerte mir wéi gewinnt selbstverständlech weider nei Baitreeg zu anere spannenden Themen aus der Fuerschung zu Lëtzebuerg an de Wëssenschaften allgemeng verëffentlechen.

Am Numm vum science.lu-Team,

Jean-Paul Bertemes

Chief Editor, science.lu

Aussi dans cette rubrique

Ouschter-Challenge Wéi kritt een e gekachten Ee an eng Fläsch - an och erëm eraus?

Eng duebel Challenge, fir deng Famill oder Frënn Ouschteren erauszefuerderen.

FNR
KAPPIWWER Physikalescht Experiment: Waasser bleift an ëmgedréiter Fläsch

Mat dësem Experiment kanns du eng voll, oppe Fläsch op d'Kopp stellen ouni datt d'Waasser ganz erausleeft.

FNR
Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR