Zero Waste

Adobe Stock

Bei Zero Waste geet et em en neie Liewensstil: Bewosste Konsum an e schounenden Ëmgang mat Rohstoffer.

Mir Mënsche produzéiere vill Offall – an et gëtt es vu Joer zu Joer méi. Wa mir mat Hëllef vu Zero Waste manner Offall produzéiere géifen a sech eng Zort Kreeslafwirtschaft etabléiere kéint, wär dat eng däitlech Entlaaschtung fir d’Ëmwelt an de Klima.

Wat heescht dat konkret?

Wann Offäll deponéiert, verbrannt oder opbereet ginn entsti klimaschiedlech Zäregasen: Elleng an der EU ass et den Equivalent vu bal 150 Milliounen Tonnen CO2 pro Joer. Als Verglach: de Stroosseverkéier an der EU generéiert knapp 900 Milliounen Tonnen CO2 pro Joer. An den USA sinn der US-Emweltagence EPA no een Drëttel vun den Zäregaser déi ausgestouss ginn op Industrie a Landwirtschaft zréckzeféieren – also op d’Produktioun vu Wueren a Liewensmëttel. Plus den Transport. Dat weist: wa manner oder souguer guer keng Produkter méi an der Poubelle lande géifen, hätt dat een enormen Effekt. Ausserdeem géifen d’Reserven u Rohstoffer geschount ginn.

Wat kann ee mat Offallvermeidung dann tatsächlech erreechen?

Kucke mer eis mol ee Beispill un: Déi italienesch Stad Capannori an der Toskana war 2007 déi éischt Gemeng an Europa, déi sech als Ziel gesaat hat, Offall komplett ze vermeiden: Zero Waste. Innerhalb vun zéng Joer ass bei hinnen d’Quantitéit Offall pro Persoun a pro Dag em bal 40 Prozent gefall. Den Undeel un déchèts ménagers souguer em 57 Prozent. Aner Gemengen hunn et Capannori nogemaach – vill dovunner an Italien, awer och zum Beispill San Francisco an Toronto. An England ass 2008 e Zero-Waste-Modell a sechs verschidden Uertschafte vun ënnerschiddleche Gréisste gestart. An iwwerall gesäit een Erfolleger.

Wéi eng Moossname fir Offall ze vermeide funktionéieren dann am beschten?

Huele mer nach eemol d’Beispill Capannori, wou et säit ville Jore funktionéiert. D’Entwécklung an der Stad weist, datt virun allem déi Offeren erfollegräich sinn, déi einfach ze notze sinn an déi et de Leit méi liicht maachen, Offall ze vermeiden. Da maache se mat. Sou sinn zu Capannori Unverpackt-Butteker opgemaach ginn an et goufe Gedrénksstatioune gebaut – als Ersatz fir Gedrénks a Plastiksfläschen oder Tetrapak. Ofgenotzte Schong oder futtis Spillsaache kann een ofginn, déi ginn da gefléckt an erëm verkaf. Ausserdeem bezuelt d’Gemeng Subside fir Wëndelen, déi ee wäsche kann.

Awer och Gesetzer a Virschrëften hëllefen. D’Stad San Fernando op de Philippinnen huet 2018 Plastikstute verbueden a freet säitdeem eng Steier op Verpackungen, déi ee just eemol benotze kann. Gläichzäiteg forcéiert d’Uertschaft een Offäll ze recycléieren. D’Quantitéit un déchèts ménagers ass däitlech erofgaangen – an d‘Käschte fir Offall ze entsuerge goungen em méi wéi 80 Prozent zeréck.

Dat heescht mat Zero Waste léist sech Sue spueren?

Sou ass et. An nach méi: d’Sue bleiwe sur place a stäerken do d‘Economie. Duerch Etüde gouf gewisen, dass duerch Offallvermeidung vill méi nei Aarbechtsplazen entsti wéi an der Industrie fir Offall ze entsuergen: z.B. duerch Entreprisen, déi futtis Saache flécken, an hir Bestanddeeler zerleeën, oder den Tausch vu Produkter organiséieren.

Wat wier, wann alles esou weider géif goen wéi bis elo?

Weltwäit entsti pro Joer méi wéi zwou Milliarden Tonnen Offäll. An et gëtt es ëmmer méi. D’Weltbank schätzt, datt mir bis 2050 ronn 70 Prozent méi Offall produzéiere wäerten. An Afrika an a Südostasië kéinten d’Offäll sech souguer verduebele bis verdräifachen. A grad do gëtt bis elo kaum recycléiert an et lant besonnesch vill Plastiksoffall an der Ëmwelt. Do ass d’Iddi vu Zero Waste ganz sënnvoll.

Wéi eng Hürde sinn dann nach ze huele fir Zero Waste méi konsequent ëmzesetzen?   

Sou wéi mir haut liewen a konsuméieren, ka Zero Waste immens opwänneg a penibel sinn. Dofir ginn et bis elo net vill Leit, déi dat Konzept wierklech konsequent ëmsetzen. Fuerscher vum Wuppertal Institut fir Klima, Ëmwelt an Energie hunn an engem Rapport vun der Europäescher Ëmweltagence fir Offallvermeidung an Europa festgestallt, datt „d’Rembenotzen ëmmer nach eng Nischenaktivitéit fir déi meeschte Produkter ass“. Dat läit sécherlech dorunner, datt modern Produkter ëmmer méi komplizéiert ginn, ëmmer méi séier duerch neier ersat ginn an och séier hire Wäert verléieren. Fir vun de Potenzialer vu Zero Waste voll ze profitéieren, bleift also nach vill ze dinn. An d’Fuerschung dozou bleift spannend!

Infobox

Wat ass Zero Waste genee?

Bei Zero Waste geet et em en neie Liewensstil: Bewosste Konsum an e schounenden Ëmgang mat Rohstoffer. D’Zero-Waste-Beweegung huet d’Ziel, datt mir guer keng Offäll méi produzéieren. Dat ass däitlech méi streng, wéi ausgedéngte Produkter a Verpackunge just ze recycléieren. Well Recycléiere verlängert just de Wee vum Rohstoff bis an d’Deponie oder Offallverbrennungsanlag. Do lande fréier oder spéider och recycléiert Objeten.

D’Verfechter vun der Zero-Waste-Iddi kafen dofir nëmme Saachen, déi se wierklech brauchen a gi spuersam domadder em. Da kann och heeschen, dat een se mat aneren deelt. A wat ausgedéngt huet, soll op eng aner Manéier en neien Zweck fannen – aus Kleedungsstécker, déi een net méi undeet, kann een z.B. Botzlompe maachen. Ausserdeem gëllt: Flécke viru Wechgeheien. Wat dann zum Schluss awer un Offall iwwreg bleift, soll kompostéierbar sinn – fir datt d’Stoffer hire Wee zréck an d’Natur fannen.

Wou kënnt Zero Waste ursprénglech hier?

Gebuer gouf de Begrëff „Zero Waste“ an den USA – an en hat ursprénglech keen ökologeschen, mee en ekonomeschen Hannergrond. Dem Chemiker Paul Palmer, deen un der Universitéit Yale gefuerscht huet, ass an de 70er Joren opgefall, wéi verschwenderesch vill Hightech-Entreprise mat Chemikalien ëmgaange sinn. Hien huet festgestallt, datt des Chemikalie „propper“ waren an eigentlech nach eng Kéier benotzt kéinte ginn. Doropshin huet hien eng Entreprise gegrënnt, déi des chemesch Substanzen agesammelt huet an se weider verkaf huet. Doduerch huet hien d’Schlagwuert „Zero Waste“ gepräägt.

Auteur: scienceRELATIONS/Ralf Butscher
Editeur an Iwwersetzer: Michèle Weber (FNR)

Infobox

Aussi intéréssant

App Bloomin‘ Algae Les citoyens peuvent aider à surveiller les algues bleues dans les eaux luxembourgeoises

Grâce à l'application pour smartphone Bloomin' Algae, tout le monde au Luxembourg peut aider les scientifiques du LIST à...

Fort mam Onkraut Wéi eng Alternative ginn et eigentlech fir Glyphosat?

Zanter iwwert engem Joer ass Glyphosat zu Lëtzebuerg verbueden. Mee wat sinn d’Alternativen, fir hautdesdaags Onkraut ze...

FNR
SnT Partnership Day Une interface éprouvée entre la recherche et l’application

Le SnT de l’Université fait désormais partie des centres de recherche les plus importants au monde en matière de dévelop...

SnT