(c) FNR

De Mister Science test sai Spigelbild

Ech huelen meng Schlësselen an déi lénks Hand. Da gesäit et am Spigel aus, wéi wann ech se an der rietser Hand géif halen. Leeën ech de Schlëssel par konter op mäi Kapp, bleift en och am Spigel um Kapp. Firwat vertauscht de Spigel lénks a riets awer uewen an ënnen net?

De Spigel vertauscht net lénks a riets. D’Schlësselen an der rietser Hand gesäis de och riets am Spigel.

Wéi dann? Ech gesinn dach, datt mäi Spigelbild se an der lénker Hand huet.

Däi Spigelbild huet se an hierer lénker Hand. Vun dir aus gesinn si se ower riets. D’Ausdréck „riets“ a „lénks“ sinn fest un d’Bléckrichtung vun enger Persoun gebonnen, a si keng fest Richtungen am Raum. Wat fir ons virum Spigel „riets“ ass, ass fir onst Spigelbild, wat aus dem Spigel erauskuckt, „lénks“. Dat ass genausou, wéi wann eng Persoun vis-à-vis vun dir steet, an dech ukuckt: Wann si den Aarm op hirer rietser Säit hieft, op watfir enger Säit gesäis du hiren Aarm dann uewen?

Moment! Si hieft hiren rietsen Aarm a kuckt mech. Da gesinn ech hiren Aarm op menger lénker Säit uewen.

Richteg. Wat fir deen een „riets“ ass, ass fir deen aneren „lénks“ wann déi zwee vis-à-vis stinn.

A wéi ass et dann mat „uewen“ an „ënnen“?

Uewen an ënnen si fest Richtungen am Raum, genausou wéi Osten a Westen, Süden an Norden. D‘Schlësselen um Kapp bleiwen uewen am Spigelbild. Genausou wéi d’Schlësselen riets an der Hand och riets am Spigelbild bleiwen.

Aus der Siicht vum Spigelbild sinn se ower lenks.

Jo. Wa mir behaapten, de Spigel géing riets a lénks austauschen, da versetze mir eis a Gedanken an eist Spigelbild. Dohier kennt dee ganzen Duercherneen!

Eieiei! Dat muss ech mer nach eemol roueg duerch de Kapp goe loossen.

Auteur: André Mousset/Joseph Rodesch/Michèle Weber
Photo © FNR

Infobox

Mr Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio är Froen.
Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

 

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Op der Uni beschäfteg sech d’Unitéit Cognitive Science and Assessment (COSA) ënnert der Leedung vum der Prof. Christine Schiltz matt Prozesser wéi eist d’Gehir Informatioune iwwer eis Ëmwelt veraarbecht.

Aussi intéréssant

Nobel Prizes 2026 Nobel Prize in Medicine: Reactions from Scientists in Luxembourg

Three scientists from the Luxembourg Center for Systems Biomedicine at the University of Luxembourg about the importance...

Recherche sur le cerveau Comment préserver la santé de notre cerveau

Le monde du travail exige des performances maximales de notre cerveau. Une campagne fournit des informations pour le tra...

Résumer une thèse en trois minutes Inflammation du système nerveux : recherche sur la maladie de Parkinson dans un mini-cerveau

La doctorante Sònia Sabaté Soler travaille au LCSB sur l’optimisation de modèles 3D du mésencéphale et est l’une des gag...

Aussi dans cette rubrique

E-Zigaretten Vapen oder Fëmmen: Wat ass méi schiedlech?

Vapes respektiv E-Zigarette si längst am Alldag ukomm. Mee wéi vill wësse mir eigentlech iwwer dat, wat mir do anootmen?

FNR
Ausserierdesch Signaler Wéi sicht d'Wëssenschaft no ausserierdesche Signaler?

Wat geschitt, wann d'Mënschheet e Signal vun ausserierdeschem Liewen entdeckt? Nei international Richtlinne leeë fest, wéi d'Wëssenschaft da soll virgoen. Mee wéi sicht se iwwerhaapt no Signaler?

FNR